Eva Marie Saint
US-amerikanesch Schauspillerin
D'Eva Marie Saint gebuer de 4. Juli 1924 zu Newark, New Jersey ass eng US-amerikanesch Schauspillerin.
Eva Marie Saint | |
---|---|
Gebuer |
4. Juli 1924 Newark |
Nationalitéit | USA |
Educatioun |
Actors Studio, Stella Adler Studio of Acting, HB Studio |
Aktivitéit | Televisiounsschauspiller, Filmschauspiller, Theaterschauspiller, Synchronspriecher |
Famill | |
Bestuet mat | Jeffrey Hayden |
D'Eva Marie Saint huet a villen TV-Filmer matgespillt. Am Kino war si a Filmer vu bekannte Regisseure wéi Elia Kazan (On the Waterfront), Alfred Hitchcock (North by Northwest), Otto Preminger (Exodus) an John Frankenheimer (Grand Prix). Si huet och mat ville berüümte Schauspiller wéi Marlon Brando, Cary Grant, Paul Newman, Elizabeth Taylor a Richard Burton zesummegespillt.
Si war vun 1951 bis zu deem sengem Doud am Joer 2016 mam Filmregisseur Jeffrey Hayden bestuet.
Filmographie
änneren- 1954: On the Waterfront, vum Elia Kazan mam Marlon Brando a Karl Malden
- 1956: That Certain Feeling, vum Norman Panama, Melvin Frank mam Bob Hope an George Sanders
- 1957: Raintree County, vum Edward Dmytryk mam Montgomery Clift an Elizabeth Taylor
- 1957: A Hatful of Rain, vum Fred Zinnemann mam Don Murray an Anthony Franciosa
- 1959: North by Northwest, vum Alfred Hitchcock mam Cary Grant an James Mason
- 1960: Exodus, vum Otto Preminger mam Paul Newman a Peter Lawford
- 1961: All Fall Down, vum John Frankenheimer mam Warren Beatty a Karl Malden
- 1964: The Sandpiper, vum Vincente Minnelli mam Elizabeth Taylor a Richard Burton
- 1965: 36 Hours, vum George Seaton mam James Garner a Rod Taylor
- 1965: The Russians Are Coming, the Russians Are Coming!, vum Norman Jewison mam Carl Reiner an Alan Arkin
- 1966: Grand Prix, vum John Frankenheimer mam James Garner, Yves Montand, Toshirô Mifune a Geneviève Page
- 1968: The Stalking Moon, vum Robert Mulligan mam Gregory Peck a Robert Forster
- 1970: Loving, vum Irvin Kershner mam George Segal a Sterling Hayden
- 1972: Cancel My Reservation, vum Paul Bogart mam Bob Hope an Anne Archer
- 1986: Nothing in Common, vum Garry Marshall mam Tom Hanks a Jackie Gleason
- 1996: Mariette in Ecstasy, vum John Bailey mam Rutger Hauer a Mary McDonnell
- 1997: Time to Say Goodbye?, vum David Hugh Jones mam Richard Kiley
- 1999: I Dreamed of Africa, vum Hugh Hudson mam Kim Basinger a Vincent Perez
- 2005: Don't Come Knocking, vum Wim Wenders mam Sam Shepard an Tim Roth
- 2005: Because of Winn Dixie, vum Wayne Wang
- 2006: Superman Returns, vum Bryan Singer mam Kevin Spacey a Frank Langella
Auszeecnhungen
änneren- 1955: Oscar fir déi bescht Schauspillerin an enger Nieweroll am Film On the Waterfront
Um Spaweck
ännerenCommons: Eva Marie Saint – Biller, Videoen oder Audiodateien |