Maggie Smith

brittesch Schauspillerin

D'Dame Maggie Smith, CH, DBE, gebuer den 28. Dezember 1934 zu Ilford, am Essex, mam ganzen Numm Margaret Natalie Smith Cross, ass eng englesch Schauspillerin, déi zu de populäersten Theater- a Filmactricë vun hirer Generatioun zielt.

Maggie Smith
Gebuertsnumm Margaret Natalie Smith
Gebuer 28. Dezember 1934
Nationalitéit Vereenegt Kinnekräich
Aktivitéit Televisiounsschauspiller, Filmschauspiller, Charakterschauspiller, Theaterschauspiller, Schauspiller
Famill
Bestuet mat Robert Stephens, Beverley Cross
Kanner Toby Stephens

Si huet bis ewell eng Abberzuel Theaterpersonnagen a ronn 70 Film-an Televisiounsrolle gespillt, an dobäi zweemol en Oscar gewonnen, een Tony Award, véier Emmyen, fënnef BAFTAen an dräi Golden Globen. Si spillt gär exzentresch Figuren, wéi déi al Joffer a Room with a View (1985), déi onselbstänneg Gräfin am Robert Altman sengem Gosford Park (2001) oder d'Mutter Oberin an de Sister Act-Kaméidisfilmer (1992/93). Si ass och bekannt fir hir Interpretatioun vun der Minerva McGonagall an den Harry-Potter-Filmer (2001 bis 2011) a vun der Violet Crawley an der englescher Televisiounsserie Downton Abbey (2010-2015).

Filmographie änneren

Kino änneren

TV (Auswiel) änneren

  • 1956: The Adventures of Aggie - (Tëleesserie) - (1 Episod)
  • 1956: Lilli Palmer Theatre - (Tëleesserie) - (1 Episod)
  • 1958-1960: Armchair Theatre - (Tëleesserie) - (3 Episoden)
  • 1987: Talking Heads - (Tëleesserie) - (1 Episod)
  • 1993: Suddenly, Last Summer - Regie: Richard Eyre - Haaptacteuren: Rob Lowe
  • 2003: My House in Umbria - Regie: Richard Loncraine - Haaptacteuren: Ronnie Barker, Benno Fürmann
  • 2007: Capturing Mary - Regie: Stephen Poliakoff - Haaptacteuren: Ruth Wilson, Gemma Arterton
  • 2010-2015: Downton Abbey - (Tëleesserie) - (52 Episoden)

Literatur änneren

  • Michael Coveney: Maggie Smith: A Bright Particular Star. Gollancz, London 1992, ISBN 0-575-05188-4.
  • Michael Coveney: Maggie Smith: a biography, London: Weidenfeld & Nicolson, 2015, ISBN 978-1-4746-0114-6

Um Spaweck änneren