Méchelskierch vu Kierchen

kathoulesch Kierch

D'Méchelskierch vu Kierchen ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Ëlwen–Wäiswampich Saint-François am Dekanat Norden an zu der Gemeng Ëlwen gehéiert.

Kierch vu Kierchen
Filialkierch zu Kierchen (2014)

Filialkierch zu Kierchen (2014)
Filialkierch zu Kierchen (2014)
Uertschaft / Plaz Kierchen
Par Ëlwen–Wäiswampich
Saint-François
Dekanat Norden
Numm / Patréiner Hl. Méchel
Architekt(en) Antoine Hartmann
Baujoer 1870
Koordinaten 50° 08’ 43.8’’ N
      05° 58’ 58.0’’ O
Kierchen - Kapellen

De Patréiner ass den hellege Méchel, deem säi Fest den 29. September gefeiert gëtt, als Niewepatréiner figuréiert den hellege Remigius vu Reims, deen als Deefer vum Clovis I. an d'Geschicht agoung.

D'Kierch steet zentral am Duerf um CR337. Westlech a südlech vun der Kierch ass de Kierfecht ugeluecht. Nërdlech dovu war deen ale Kierfecht, vun deem nach eng Rei Grafsteng erhale sinn.

D'Méchelskierch ass, zesumme mat der Plaz an dem Kierfecht ronderëm, zanter dem 31. Mee 1991 op der Lëscht vun de klasséierte Monumenter als Nationalmonument klasséiert. De Mobiliar ass den 23. Abrëll 2019 explizit derbäikomm.[1]

Geschicht änneren

Déi haiteg Kierch gouf am Joer 1870 no de Pläng vum Architekt Antoine Hartmann am neigotesche Stil gebaut, nodeems déi al Kierch dat Joer virdrun ofgerappt gouf. D'Baujoer steet a réimeschen Zuelen iwwer dem Aganksportal.

Bis de 7. Mee 2017 war et d'Parkierch vun der Par Kierchen, déi zum Parverband Ëlwen, Wäiswampech, Wëntger, zu der Pastoralregioun Norden an zum Dekanat Klierf gehéiert huet. Zur fréierer Par Kierchen huet ausser der Parkierch vu Kierchen och nach d'Corneliuskierch vu Beesslek gehéiert.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Méchelskierch vu Kierchen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).