Aasselbuer
![]() |
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Uertschaft Aasselbuer an der Gemeng Wëntger. Fir Uesper (offiziell Asselbur), kuckt wgl. Uesper. |
Aasselbuer, Aasselburren bei den Awunner[1], ass eng Uertschaft an der Gemeng Wëntger.
Aasselbuer Aasselburren | |
---|---|
D'Kierch vun Aasselbuer | |
An anere Sproochen |
fr: Asselborn de: Asselborn |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Klierf |
Gemeng |
![]() |
Buergermeeschter | Lucien Meyers (CSV) |
Awunner | 454 |
1. Januar 2024 | |
Fläch | 763 ha |
Héicht | 480 m |
Koordinaten |
50° 05’ 46’’ N 05° 58’ 19’’ O |
![]() |
Geographie
ännerenAasselbuer läit op engem Éisleker Plateau op enger Héicht vu ronn 470 Meter. Ronderëm d'Uertschaft ass eng fräi Gewan mat Wisen a Felder, am Süden dovun zitt sech vu Westen no Osten eng Sträif mat Bëscher an Hecken, déi um ieweschte Bord vum Hank stinn, deen op d'Aasselbuerer Millen an op den Dall vun der Trëtterbaach erof geet. Den héchste Punkt vun der Uertschaft ass mat 491 Meter en trigonometresche Punkt um Flouer Rigdescht op der Sektiounsgrenz mat Saassel. Den niddregste Punkt ass mat 400 Meter am Dall vun der Trëtterbaach, do wou déi den Territoire vun der Uertschaft verléisst.
Geschicht
ännerenZu Aasselbuer gouf et fréier d'Poststatioun vun Aasselbuer, déi eelst bekannt Poststatioun aus dem Land, vun där d'Gebai nach deelweis erhalen ass.
Fréier Gemeng Aasselbuer
ännerenDuerch d'Gesetz vum 20. Juli 1925 gouf d'Sektioun Biwesch vun der Gemeng Aasselbuer ofgetrennt, an ass bei d'Gemeng Ëlwen derbäikomm.
Den 1. Januar 1978 gouf duerch Fusioun vun de Gemengen Aasselbuer, Béigen, Helzen an Uewerwampech déi nei Gemeng Wëntger gegrënnt.
Bei där Fusioun, goufe 7 ha 88 a aus der Sektioun B vun Aasselbuer bei d'Gemeng Ëlwen geprafft.
Déi fréier Gemeng hat eng Fläch vun 2.453,0464 ha.
Ausser Aasselbuer hu follgend Uertschaften zu der fréierer Gemeng gehéiert:
- Uertschaften an der fréierer Gemeng:
- Aasselbuer
- Boxer
- Maulesmillen
- Rëmeljen
- Saassel
- Stackem
- Uschler
- Lenzweiler
- Lieu-diten an der fréierer Gemeng:
Verkéier
ännerenAasselbuer ass un d'Stroossennetz ugeschloss iwwer d'N12 tëscht Wolz an Ëlwen, an den CR334, deen op Saassel féiert, a vun deem am Dall vun der Trëtterbaach den CR373 op Boxer fortgeet.
Kuckeswäertes
änneren- Parkierch vun Aaasselbuer
- Déi al Millen op der Trëtterbaach
- De Biotop um Tipp vun de fréiere Leekaule laanscht d'Trëtterbaach tëscht der Éimeschbaach an der Aasselbuerer Millen.
- De fréiere Relais postal
Kuckt och
änneren- La traversée des pays et des âges, e belsch-lëtzebuergesche Wanderwee deen duerch Aasselbuer féiert
- Schéifermisch vun Aasselbuer
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Gemengen
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Uertschaften
- Lëtzebuerger Kantonen
- Entwécklung vun der Gemengenzuel zu Lëtzebuerg
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Stied
Um Spaweck
ännerenCommons: Aasselbuer – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
änneren- ↑ Lëscht vun den Uertschaften a Lieu-diten zu Lëtzebuerg. CPLL - Conseil permanent de la langue luxembourgeoise Archivéiert de(n) 11.08.2020. Gekuckt de(n) 14.06.2020.
- ↑ D'Nimm vun den Uertschaften entspriechen deenen déi de Kadaster, unhand vu sengen Attributiounen déi am Gesetz vum 25. Juli 2002 portant réorganisation de l’administration du cadastre et de la topographie festgehale sinn, opgestallt huet, an déi am «Registre national des localités et des rues» opgezielt sinn. Häff a Lieu-diten sinn déi localités wéi se zousätzlech am Annuaire officiel d'Administration et et de législation 2000 ënner III. Annexes opgelëscht sinn.