Sentier des passeurs

thematesche Wanderwee an de Gemengen Ëlwen a Wëntger
(Virugeleet vu(n) Sentier des Passeurs)


Sentier des passeurs ass den Numm vun engem thematesche Wanderwee an de Gemengen Ëlwen a Wëntger. Am Mëttelpunkt vum Wee stinn d'Fluchtversich vu lëtzebuergesche Resistenzler, Zwangsrekrutéierten an alliéierten Aviateuren eriwwer an d'Belsch, mat Hëllef vu Passeuren, wärend de leschte Jore vum Zweete Weltkrich.

Sentier des passeurs
nërdleche Circuit „Grenz“
vu(n) Ëlwen
op Ëlwen
Längt 22,85 km
Land Lëtzebuerg,
Belsch
féiert duerch Wëntger,
Ëlwen

De Pad gouf de 15. Juli 2006 offiziell zu Ëlwen ageweit[1].

De Wee, deen a grousse Linnen iwwer déi original Fluchtstreck vu fréier geet, féiert duerch d'Uertschaften Ëlwen, Biwesch, Aasselbuer a Saassel an ass am Ganzen 22,85 km laang. E besteet aus engem südleche Circuit „Resistenzuertschaft Saassel“ vun 10 km an engem nërdlechen „Grenz“ vun 12,85 km.

Déi aacht Statiounen um Pad änneren

  1. Saassel op der Knupp
  2. Uewe bei der Pafemillen (Hanenhaff)
  3. Iwwergank iwwer d'Bunn
  4. Ëlwen Um Tipp
  5. Am Knierchen
  6. Bei de Weieren
  7. Iwwergank Nonnebësch
  8. Maison Rouge

De Projet "Sentier des passeurs" gouf 2006 vu follgender Partnerschaft realiséiert:

E Kuerzfilm, an dem Zäitzeien zu Wuert kommen, ass am Kader vum Projet produzéiert ginn.

Literatur änneren

  • A. R. (Aloyse Raths), 2006. Inauguratioun vum "Sentier des Passeurs". Rappel 3/2006: 345-352.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Sentier des passeurs – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. Aloyse Raths 2006.