Huldang
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der lëtzebuergescher Uertschaft Huldang. Fir déi belsch Uertschaft mam änlechen Numm, kuckt wgl. Hueldang. |
Dëse Geographiesartikel iwwer Lëtzebuerg ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Huldang ass eng Uertschaft an der Gemeng Ëlwen.
Huldang | |
---|---|
Den Huldanger Waassertuerm | |
Aussprooch | |
An anere Sproochen |
fr: Huldange de: Huldingen |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Klierf |
Gemeng | Ëlwen |
Buergermeeschter | Édouard Mertens |
Awunner | 351[1] |
1. Januar 2022 | |
Héicht | 519 m |
Koordinaten |
50° 09’ 50’’ N 06° 00’ 52’’ O |
Geographie
ännerenHuldang läit op enger Héicht vu 523 m op der Strooss vun Dikrech iwwer d'Schmëdd op Stavelot (N7). Zanter den 1970er Joren hunn do, wéinst der Grenz nobäi, eng Rëtsch Geschäfter a Bensinnsstatiounen opgemaach.
Bei Huldang fënnt een déi zwou héchst Koppen am Land: Op Kneiff op der Sektiounsgrenz mat Wilwerdang an d'Buergplaz (lokal: Burrigplaz).
Tëscht Huldang a Rëmeleng gëtt et mat 82 km déi gréisst Nord-Süd-Längt vum Lëtzebuerger Land.
Tëscht 1839 an 1919 war Op der Schmëdd de lëtzebuergesch-belsch-preiseschen Dräilännereck.
Geschicht
ännerenHuldang gouf an der Geschichtsschreiwung just eng Kéier ernimmt, wéi am Drëssegjärege Krich, tëscht Chrëschtdag 1647 an dem August 1648 d'Awunner sech virun den Zaldoten, déi alles geplëmmt hunn, an de Bëscher ronderëm hu misse verstoppen.
Huldang huet, wéi vill Uertschaften am Éislek, am Zweete Weltkrich an der Ardennenoffensiv béis misse leiden.
Fotoalbum
änneren-
Den Dräilännereck ëm 1910
-
D'Buergplaz zu Huldang, déi zweethéchst Plaz am Land
Kuckt och
änneren- Kierch Huldang
- La traversée des pays et des âges, e belsch-lëtzebuergesche Wanderwee deen duerch Huldang féiert
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Gemengen
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Uertschaften
- Lëtzebuerger Kantonen
- Entwécklung vun der Gemengenzuel zu Lëtzebuerg
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Stied
Um Spaweck
ännerenCommons: Huldang – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
änneren- ↑ Websäit vun der Gemeng Ëlwen, gekuckt den 18.09.2009