Johny Flick

lëtzebuergesche Geowëssenschaftler a Sänger

De Jean ("Johny") Flick, gebuer de 4. Mee 1930 zu Ëlwen, a gestuerwen den 10. Abrëll 2008 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergesche Geowëssenschaftler a Sänger.

Johny Flick
Gebuer 4. Mee 1930
Gestuerwen 10. Abrëll 2008
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Sänger

Hien huet zwee Joer Stage beim Kadaster gemaach an ass du bei d'Vermiessungsamt vun der Stad Lëtzebuerg gewiesselt, wou en 1964 seng Ernennung krut. 1985 gouf en Direkter vum Bauamt vun der Stad.

No senger Pensioun war hien e puer Joer laang (bis 1999) fir d'DP als Conseiller am Gemengerot vun der Stad Lëtzebuerg.

Bekannt gouf de Johny Flick duerch seng zwéin Hobbyen, d'geowëssenschaftlech Fuerschung an de Gesang.

Zesumme mam Professer Paul Melchior huet hie Geodynamik erfuerscht. Dofir hu si fir d'éischt uganks den 1960er Joren an de Kasematte vum Kanounenhiwwel an der Stad Lëtzebuerg e Gravimeter installéiert. 1968 hu se zu Walfer de Laboratoire fir Geodynamik a Seismologie an den ale Gipsgrouwen opgebaut. Fir seng Fuerschungen huet hien eng Rëtsch Distinctioune kritt, ë. a. 2006 de Lions-Präis.

Als Tenor ass hien ë. a. beim Madrigal de Luxembourg, beim Quatuor Ars vocalis, beim Ensemble de la Loterie nationale reegelméisseg opgetrueden, am Ganzen huet hie méi wéi 1.900 Concerte ginn.

Publikatiounen (Auswiel) änneren

  • Flick, J., 2005. Blick zurück ohne Zorn: vor 60 Jahren. In: Lëtzebuerger Journal 2005, Nr. 15 (22./23. Januar), S. 11.
  • Flick, J. & N. Stomp, 2002. Sciences de la Terre au Luxembourg, Réminiscences. Musée national d'histoire naturelle et Centre européen de géodynamique et de séismologie, Luxembourg, 280 S.
  • Flick, J. (Iddi) & L. Roth (Koordinatioun), 2002. Eiser Lidder: fir mat ze sangen a mat ze spillen. 2. Editioun. Lëtzebuerg: Actioun Lëtzebuergesch, 199 S. (Eis Sprooch. Extraserie ; N° 22) (1. Editioun: 2001, 179 S.)
  • Flick, J. [et al.] (eds), 1995. Non tidal gravity changes intercomparison between absolute and superconducting gravimeters: proceedings of the second workshop: september 6th to 8th, 1994. Walferdange (Grand-Duchy of Luxembourg). Luxembourg, J. Beffort. VIII, 277 S. (Cahiers du Centre européen de géodynamique et de séismologie ; Vol. 11).
  • Flick, J. [et al.] (eds), 1995. Dynamical systems and artifcial intelligence applied to data banks in geophysics: proceedings of the workshop, November 15 th to 17th, 1993. Walferdange (Grand-Duchy of Luxembourg). Luxembourg, J. Beffort. VIII, 193 S. (Cahiers du Centre européen de géodynamique et de séismologie ; Vol. 9).
  • Flick, J., 1995. Vor 50 Jahren in Ulflingen. In: 50 Joër dorno: mir erënneren äis. Ulflingen: Munshausen: Gemeindeverwaltung, S. 5-8.
  • Flick, J. et al., 1994. Le Centre européen de gédynamique et de séismologie de Walferdange (Luxembourg). Luxembourg: Service Information et Presse du Gouvernement, 58 S.
  • Flick, J., 1974. Le laboratoire souterrain de géodynamique belgo-luxembourgeois du Grand-Duché de Luxembourg et sa collaboration internationale. Archives de l'Institut grand-ducal de Luxembourg, Section des sciences naturelles, physiques et mathématiques, 36(1972/1973), S. 373-406.
  • Flick, J., 1973. La collaboration du G.-D. de Luxembourg aux études géophysiques. Bulletin de la Société des Naturalistes luxembourgeois, 71/75 (1966/1970), S. 140-153. [1]
  • Flick, J., 1964. La station gravimétrique de Luxembourg. In: Cinquième symposium international sur les marées terrestres: Bruxelles, 1-6 juin 1984 / éd. par Jules Brouet. - Bruxelles: Observatoire royal, 1964. - (Communications / Observatoire royal de Belgique ; n° 236) (Communications / Observatoire royal de Belgique. Série Géophysique ; n° 69), S. 227-237.

Literatur änneren

  • Bonatz, M., 2011. In memoriam Jean A. Flick (1930-2008). Archives des sciences naturelles, physiques et mathématiques, NS. 46, S. 157-162, Luxembourg. Text vum Artikel
  • Spautz, R., 1980. Johny Flick. In: Lëtzebuerger Journal. - Jg. 83(1980), Nr. 234, S. 6-7.

Gielercher änneren

No him genannt änneren

 
Stroosseschëld zu Märel

Fir un de Johny Flick z'erënneren, gouf zu Märel eng Strooss (Rue Johny Flick) no him genannt.

Quellen änneren

Referenzen änneren

  1. (fr)Des personnalités de la vie culturelle et artistique à l’honneur Remise de décorations à la Bibliothèque nationale. viewer.eluxemburgensia.lu. Luxemburger Wort (25. Juni 1976). Gekuckt de(n) 2024-01-18.