Haaptmenü opmaachen

D'Pafemillen ass e Lieu-dit an de Gemengen Ëlwen a Wëntger a besteet aus dem Klouschter vun den Häerz-Jesu Pateren an dem Chalet Léon Dehon direkt niewendrun. Déi Gebaier stinn all um Territoire vun der Gemeng Wëntger laanscht d'Eisebunnsstreck Lëtzebuerg-Ëlwen.

Pafemillen
Pafemillen Auschwitz Monument w2.jpg
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Cinqfontaines
de: Fünfbrunnen
Land Lëtzebuerg
Kanton Klierf
Gemeng Coat of arms wincrange luxbrg.png Wëntger
Coat of arms troisvierges luxbrg.png Ëlwen
Buergermeeschter Marcel Thommes (CSV)
Édouard Mertens
Awunner 15 (06.02.2008)
Koordinaten 50° 06’ 29’’ N
06° 00’ 25’’ O
Erënnerungsplack op der Pafemillen
Chalet Léon Dehon, Dortoiren a Refectoir
D'Klouschter vun hanne gesinn

Zwëschen Oktober 1941 an Abrëll 1943 goufe 674 Judden aus Lëtzebuerg vu Fünfbrunnen an den däitsch-polnesche Ghetto Lodz (Litzmannstadt), op Terezin an an d'Vernichtungslager op Auschwitz-Birkenau deportéiert. Dëst ass an aacht verschiddene Convoie geschitt.

MillenÄnneren

Den Numm geet zréck op eng Millen.

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Fënnefburer Millen

KlouschterÄnneren

D'Klouschter ass am Joer 1903 vun däitschen Häerz-Jesu-Patere gebaut ginn, an huet sou zu der däitscher Uerdensprovënz gehéiert.

"Jüdisches Altersheim Fünfbrunnen"Änneren

De 4. Mäerz 1941 gouf d'Klouschter vum däitschen Okkupant opgeléist. D'Pateren an d'Novizen, an der Majoritéit Däitscher, goufen heemgeschéckt. Et blouwe just eng kuerz Zäit nach acht Bridder do, déi dunn eleng déi ufalend Aarbechten am Klouschter an um ugeschlossene Baurewiesen hu misse maachen. Zu gläicher Zäit gëtt e "kommisaresche Verwalter" agesat, e gewësse Bantz vun Dikrech, deen allgemeng als Nazi bekannt war.

Am Juli 1941 huet d'Gestapo bestëmmt, fir am opgeléiste Klouschter, dat entleeën, mä direkt op der Eisebunnsstreck Lëtzebuerg-Ëlwen läit, e jiddescht "Altersheem" anzeriichten. A Wierklechkeet sollten d'Gebaier awer als Tëschestatioun fir de Weidertransport a sougenannt Vernichtungslager déngen. Vum 11. August 1941 u goufe sou an deem Internéierungslager eng 300 jiddesch Persoune konzentréiert, net nëmmen al a krank Leit, mä och Kanner.

De 16. Oktober 1941 war den éischten Transport, de sougenannte "Luxemburger Transport"[1] an de Ghetto vu Litzmanstadt (Łódź). Am Abrëll 1942, am Juli 1943 an am Abrëll 1943 gouf et weider Transporter vun der Pafemillen a Richtung Belsen, Sobibor, Majdanek an Theresienstadt.

Vum leschten Transport, am Juni 1943 mat 11 Persounen, kënnt een Deel op Theresienstadt, en anere mat kranke Leit aus der Santé vun Ettelbréck, direkt op Auschwitz. Zwee vun deenen hunn iwwerlieft.

DuernoÄnneren

Um Enn vum Zweete Weltkrich an nach kuerz duerno war d'Klouschter eng Zäit e Spidol fir amerikanesch Zaldoten.

Duerno huet déi belsch-lëtzebuergesch Uerdensprovënz vun de Pateren d'Klouschter iwwerholl.

Haut gi Retraiten do gehalen. Et sinn och vill Studenten, déi d'Rou vum Klouschter benotzen, an do fir hir Exame léieren.

An der Klouschterkapell ass all Joer am Kader vum Klenge Maarnicher Festival e Gedenkconcert fir d'Affer vun der Shoah.

MonumentÄnneren

Als Erënnerung un d'Roll, déi d'Gebai an der Shoah zu Lëtzebuerg gespillt huet, gouf am Juli 1969 gouf e Monument ageweit, dat vum Lucien Wercollier entworf gi war, an dat un déi vun do verschleefte Judde sollt erënneren.

Déi fënnef Bléck aus rosaem Granit, sollen e gekrëmmte Mënsch duerstellen. Se kommen aus der Carrière vum fréiere KZ Natzweiler-Struthof am Elsass. Dragrawéiert sinn déi hebräesch Buschtawen (vun uewen no ënnen): taw (ת), nun (נ), sade (צ), beth (ב) an he (ה). Se sti fir d'Ufanksbuschtawe vun de Wierder vun engem hebräesche Saz, deen op Lëtzebuergesch heescht "Seng Séil soll verbonne si mat dem Bond vum éiwege Liewen".

Den 3. Juli 2005 war beim Monument eng Erënnerungsfeier un d'Shoah zu Lëtzebuerg mat Aweiung vun engem Informatiounspanneau. Dorop ass ze liesen: 1940-1945. Pour avoir été Juifs, 700 hommes et femmes furent déportés d'ici au camp d'extermination d'Auschwitz par l'occupant nazi. Seuls quelques-uns en revinrent. Que ce martyre reste gravé dans vos mémoires et vous inspire la fraternité et la paix.

LiteraturÄnneren

  • Schulz, Jürgen Michael, 2008. Fünfbrunnen. In: Lieux de mémoire au Luxembourg. Erinnerungsorte in Luxemburg. 2. Editioun, S. 203-208. S. Kmec, B. Majerus, M. Margue, P. Peporte, éditeurs. éditions saint-paul, Lëtzebuerg. ISBN 978-2-87963-705-1

Kuckt ochÄnneren

Um SpaweckÄnneren

Commons: Pafemillen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an NottenÄnneren

  1. De Sonderzug Da 3 vun der Däitscher Reichsbunn, huet d'Stater Gare de 16. Oktober 1941 mat 323 jüddeschen Awunner verlooss. Zu Tréier koumen nach 189 Judden aus deem Raum dobäi. Den 18. Oktober si se géint Mëtteg am Ghetto ukomm. Dee Sonderzug huet aus 3. Klass Wegmann-Voiture bestanen, d'Deportéiert hunn d'Billjeeë misse selwer bezuelen.
 
D'Pafemillen - 7. Mee 2008