Dëse Museksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.


Den Norbert Stelmes, gebuer de 25. Mee 1915 zu Ëlwen a gestuerwen de 6. Juni 1986 an der Stad Lëtzebuerg, war e Lëtzebuerger Lycéesprofesser, Komponist a Pianist. Hien huet Mathematik- a Physik enseignéiert, ë. a. am Lycée Robert-Schuman, wou hien de 27. Oktober 1945 seng Nominatioun krut.

Norbert Stelmes
Gebuer 25. Mee 1915
Gestuerwen 6. Juni 1986
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Komponist

Hien huet Marschen, Lidder, Chansonsen a Filmmusek komponéiert a Gedichter vertount, ë. a. vum Rainer Maria Rilke.

1946 huet hien d'Jeunesses musicales Luxembourg mat gegrënnt a war och hiren éischte President.

Den Norbert Stelmes huet d'Initiative fir d'Opriichte vum Monument zu Éiere vum Joseph Kutter (1969) an der Stad Lëtzebuerg an d'Wee geleet.

Kompositiounen änneren

  • Letztes Glück, 1938
  • Marche de la Foire internationale, 1954
  • Impromptu en mi bémol mineur, 1956
  • Elegie, 1958
  • Comme une balade, 1984
  • Valse triste, 1984

Kuckt och änneren