Joseph Schwickert

lëtzebuergesche Lycéesprofesser an Auteur


De Jean Joseph Schwickert[1], gebuer de 27. Mee 1836[2] zu Beesslek a gestuerwen den 9. Abrëll 1902 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergesche Professer an Auteur.[3]

Joseph Schwickert
Gebuertsnumm Jean Joseph Schwickert
Gebuer 27. Mee 1836
Beesslek
Gestuerwen 9. Abrëll 1902
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Enseignant, Auteur

Professer fir Latäin a Griichesch änneren

De Joseph Schwickert huet 1853 säin Ofschloss am Athenäum an der Stad Lëtzebuerg gemaach. Hien huet Literatur an al Sproochen zu Lëtzebuerg op de Cours supérieurs an op den Universitéite vu Léiwen a Berlin studéiert. Den Exame vun der Candidature en philosophie et lettres huet hien am Oktober 1854 am Kader vun der Collation des grades mat Distinctioun gepackt. Säin Doktorat huet hien awer eréischt am Oktober 1871 gemaach, an zwar mat der gréisster Distinctioun. Seng Spezialitéite ware Latäin a Griichesch. Do virdrun huet de Schwickert eng Rei Joren als Professer zu Warschau an als "Hauslehrer" zu Vilnius geschafft, an dobäi Polnesch a Russesch geléiert.[4]

Vum November 1871 un huet hien am Athenäum enseignéiert, am Ufank provisoresch als Chargé de cours an du vum Mäerz 1872 un als Professer 3. Klass. Am September 1874 koum hien op seng Demande hin an de Progymnase vun Dikrech. Am Mee 1881 gouf hien zum Professer 2. Klass ernannt. Am Oktober 1885 gouf de Schwickert an den Athenäum deplacéiert, wou hien am Mäerz 1892 seng Nominatioun als Professer 1. Klass krut. Vun 1895 huet hie sech bis zu sengem Doud als Professeur-bibliothécaire ëm d'Bibliothéik vum Athenäum gekëmmert.

D'Famill änneren

Dem Joseph Schwickert säi Papp war den Zollbeamte Chrétien Schwickert (1802-1877), um Roudebierg (deemools Gemeng Eech) gebuer. Seng Mamm war d'Catherine Kassel (Kasel, Casel) (1803-1880), déi zu Iechternach op d'Welt koum. Hien huet sech den 18. August 1886 zu Betzder mat der Caroline Schoren, der Schwëster vum Pierre Charles Schoren, bestuet, déi den 20. Februar 1859 zu Gréiwemaacher gebuer war an den 18. August 1930 an der Stad gestuerwen ass.[3] D'Koppel Schwickert-Schoren hat sechs Kanner, déi tëscht 1887 an 1899 op d'Welt koumen.[5]

Publikatiounen änneren

De Joseph Schwickert huet Gedichter a soss Bäitreg am Luxemburger Wort, an der Wochenzeitung Das Vaterland, Wochenblatt für Luxemburgische National-Literatur, an an der Zäitschrëft Das Luxemburger Land, Organ für vaterländische Geschichte, Kunst und Literatur, publizéiert, grad ewéi och e puer Dissertatiounen an de Programmer vum Dikrecher an dem Stater Kolléisch publizéiert. Hien huet eng Oper an en Theaterstéck aus dem Polneschen a Soen a Märercher aus dem Russeschen iwwersat.[6]

Programm-Dissertatiounen änneren

  • Neue kritisch-exegetische Bearbeitung eines Siegesgesanges aus Pindar, als Probe einer vollständigen Läuterung und gründliche Exegese der Pindar'schen Dichtungen. Progymnase de Diekirch, Programme 1874/1875, S. 1-17. PDF
  • Commentationis Pindaricae emendationis studiosae atque explanationis liber singularis adiecta Terentiani loci selecti emendatione. Progymnase de Diekirch, Programme 1877/1878, S. 1-18. Tiré à part: F. Lintz, Trier 1878. PDF
  • Kritisch-exegetische Erörterungen zu Pindar. Progymnase de Diekirch, Programme 1882/83. * Kritisch-exegetische Erörterungen zu Pindar. Progymnase de Diekirch, Programme 1881/82, S. 1-19.
  • Kritisch-exegetische Erörterungen zu Pindar. Progymnase de Diekirch, Programme 1883/1884, S. I-XII.
  • Über Bedeutung und Wert des griechischen Gymnasial- und höheren Unterrichtes für Bildung, Wissenschaft und Weltgesittung (Kultur). Progymnase de Diekirch, Programme 1884/85, S. 1-29.
  • Kritisch-exegetische Untersuchungen zu dem zweiten olympischen Siegesgesang Pindars. Athénée de Luxembourg, Programme 1890/91, S. I-XXX.

Selbstänneg Publikatiounen änneren

  • Pindar's olympische Siegesgesänge in durchgreifend geläutertem Texte auf der Grundlage kritisch-exegetischer Untersuchungen nebst begleitender Übersetzung und einem dreifachen Anhange mit zahlreichen pythischen, nemäischen, isthmischen, sophokleischen und homerischen Emendationen. Fr. Lintz in Comm, Trier 1878, XVI, 145 S.
  • De l'Allemagne littéraire et philologique et des travaux de critique et d'interprétation des Anciens, en particulier de Pindare : (pour servir de prolégomènes à une restauration complète des poésies conservées de cet auteur). L. Schamburger, Luxembourg 1879, 36 p.[7]
  • Zum Frieden zwischen Philosophie und positiver Religion : eine Recognoscirung auf dem Felde der Speculation in drei Streifzügen. Rheinisches Buch- und Kunst-Antiquariat Nolte, Bonn 1885, 45 S.
  • Ein Triptychon klassischer kritisch-exegetischer Philologie. 1. Über die wahre Methode der Texteskritik der Alten. 2. Studien zu der [Politeia Athenaion]. 3. Emendationen zu Hesiod, Aristophanes, Sophokles, Terentius, zu Phylarchi fragm. bei Athen. Deipnosoph., zu den Porphyrius Uspenski'schen Fragm. des Menander und zu Plutarch. K.W. Krüger, Leipzig, Würzburg 1896, 88 S.
  • Quaestiones ad carminis Pindarici olympici primi emendationem spectantes atque explanationem. Oeuvre de St. Paul, Fribourg Suisse 1898, 51 p. (Compte-rendu du 4ème congrès international des catholiques tenu à Fribourg (Suisse), du 16 au 20 août 1897).[8]

Gedichter änneren

  • Drei Lieder. In: Das Vaterland, 1869-09-12, Nr. 15, S. 3. PDF
  • Der Tod des Feldherrn. In: Luxemburger Wort 1873-05-30, Nr. 126, S. 1. PDF
  • Petrarcas's Klage an Laura Idealine. In: Das Luxemburger Land 1883-09-30, Nr. 39, S. 532-525. PDF

Iwwersetzungen änneren

  • Gurna-Liana oder Des Königs Schutz dem Volke. Opern-Dichtung in drei Aufzügen. Frei nach dem Polnischen von Anaxagoras Eumelos[9]. Luxemburg, 1889.
  • La Fille de Radziwill. Tragédie en cinq actes, en vers. Remaniée du polonais pour la scène française. Paris, Gent, 1896. (Original-Titel: Barbara Radziwiłłówna, tragedya w 5. aktach przez Aloyzego Felińskiego napisan. Auteur: Alojzy Feliński).

Literatur änneren

  • Arendt, K., 1972. Porträt-Galerie hervorragender Persönlichkeiten aus der Geschichte des Luxemburger Landes. Neuauflage 1972. Luxemburg, 514+ 6 S. [Joseph Schwickert: S. 360].
  • Blum, M., 1981. ‘’Bibliographie luxembourgeoise ou catalogue raisonné de tous les ouvrages ou travaux littéraires publiés par des Luxembourgeois ou dans le Grand-Duché actuel de Luxembourg. Première partie: Les auteurs connus.’’ Nouvelle édition, complétée, avec introduction et index analytique, par Carlo Hury. First published 1902-1932. Reprinted 1981. Kraus International Publications, München, vol. 1: A-L, XXXIII-756 p., vol. 2: M-Z, 700 p. [Jean-Joseph Schwickert: S. 444-445].
  • Heuertz, F., 1922a: Le personnel de l'enseignement moyen ou secondaire du Grand-Duché de Luxembourg 1839-1922 (1er août). Programme du Gymnase de Luxembourg 1921-1922, I-VIII, 1-79 [Joseph Schwickert: S. 59].
  • Heuertz, F., 1922b. Les titres des dissertations de stage des professeurs de l'enseignement secondaire. Liste chronologique des dissertations pédagogiques, littéraires et scientifiques. Progm. Gymnase Luxembourg 1921-1922: 81-90.
  • Kellen, T., 1937. Professor Joseph Schwickert. (Geboren am 27. Mai 1837). Obermosel-Zeitung 1937-05-27, Nr. 121, S. 2. PDF [10]
  • Luxemburger Wort, 1902. Sterbefall. Luxemburger Wort 1902-04-09, S. 3. PDF[11]
  • Mannes, G., 2021. Jean-Joseph Schwickert. In: Luxemburger Autorenlexikon, online (aktualisiert am 14.05.2021, zuletzt eingesehen am 13.02.2022). PDF
  • Massard, J. A., 2022a. Postkarten und Fotos von Pierre Charles Schoren. Das Leben und Werk des Fotografen, der in den USA Erfahrung in der Fotografie sammelte. In: Die Warte, Das Feuilleton im Luxemburger Wort, Nr. 6|2713 (10. Februar 2022), S. 4-7, Luxemburg. PDF
  • Massard, J. A., 2022b. Der luxemburgische Fotograf und Herausgeber von Postkarten Pierre Charles Schoren (1868-1935). Erweiterte Online-Version des Artikels: Postkarten und Fotos von Pierre Charles Schoren. Das Leben und Werk des Fotografen, der in den USA Erfahrung in der Fotografie sammelte. Die Warte, Das Feuilleton im Luxemburger Wort, Nr. 6|2713 (10. Februar 2022), S. 4-7, Luxemburg. PDF
  • Sahl, N., 2018. Kleines ABC der Pseudonyme in Luxemburg. Centre mational de littérature, Mersch, 351 S. [Anaxagoras Eumelos alias Jean-Joseph Schwickert: S. 27].

Referenzen änneren

  1. De Schwickert huet mat "Johann Joseph bzw. Jean Joseph Schwickert" signéiert. Am Gebuertsakt steet awer just de Virnumm "Joseph" (ANLux, Basbellain, CT-02-02-00052, Naissances 1820-1850, Registre 1836, N° 16).
  2. An der Literatur fënnt een oft dat falscht Joer: 1837; z. B. bei Heuertz (1922a), Kellen (1937).
  3. 3,0 3,1 Massard 2022a, Massard 2022b.
  4. Wat d'Joren tëscht der Kandidatur an dem Doktorat ubelaangt, ass dem Schoren seng Biographie net ganz kloer.
  5. Luxroots.com
  6. Blum 1981, Heuertz 1922b.
  7. Kuck dozou: Hummel, P. (1999). «Traduction photographique» ou «traduction microscopique» : la tradition pindarique vue par J.J. Schwickert (1879). L'Antiquité Classique, 68, 135–147. - Abstract: Les curiosités qui mériteraient de prendre place dans une histoire de la traduction de Pindare ne manquent pas. À côté des ouvrages connus qui en constitueraient les jalons principaux, certaines productions secondaires pourraient ainsi avoir pour fonction de ménager des ouvertures paradoxales. C'est le cas de l'opuscule de J.J. Schwickert, De l'Allemagne littéraire et philologique et des travaux de critique et d'interprétation des Anciens, en particulier de Pindare (1879), qui jette un éclairage pour le moins polémique et singulier sur divers aspects de la tradition exégétique du lyrique grec. Son étrangeté justifie pleinement le détour que l'auteur de cet article lui consacre.
  8. Cf. Martin Blum: Die Vertretung Luxemburgs auf dem IV. internationalen, wissenschaftlichen Katholikenkongress zu Freiburg, in der Schweiz, vom 16. bis 21. August 1897. In: Ons Hémecht, 3. Jg., nº 4 (1897), S. 293-197. PDF
  9. Pseudonym vum J. Schwickert. Kuck: Blum 1981; Sahl 2018; Mannes 2021.
  10. Falscht Gebuertsjoer: 1837 aplaz 1836.
  11. Falscht Gebuertsjoer: 1839 aplaz 1836.