Josy Meyers

lëtzebuergeschen Zeecheprofesser a Moler
Dësen Artikel beschäftegt sech mat Moler Josy Meyers. Fir de LInguist an Historiker Joseph Meyers, kuckt wgl. Joseph Meyers.

De Jean Joseph, genannt Josy Meyers, gebuer den 12. Mäerz 1902 zu Ëlwen[1] a gestuerwen den 29. September 1970 zu Stroossen[2], war e lëtzebuergeschen Zeecheprofesser a Moler. Hien ass bekannt duerch seng Landschaften, Nuën, Portraiten a Blummen.

Josy Meyers
Gebuer 12. Mäerz 1902
Ëlwen
Gestuerwen 29. September 1970
Stroossen
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Akademie der Bildenden Künste München,
École nationale supérieure des beaux-arts
Aktivitéit Moler
Famill
Bestuet mat Carin Meyers-Urban
D'Grafplack vum Carine a Josy Meyers um Märeler Kierfecht.

No der Handwierkerschoul huet de Josy Meyers op der École de peinture "Van der Kelen" zu Bréissel studéiert. Vun 1922 bis 1923 war hien zu München a vun 1923 - 1926 huet hien op der École nationale des beaux-arts zu Paräis studéiert.

An den 1920er Joren huet hie sech mat der Konschthandwierkerin a Molerin Carin Urban bestuet. Hie war Member vum Cercle Artistique de Luxembourg (CAL) an huet an den alljärleche Salonen ausgestallt.

1927 huet hien den Exame fir Zeecheprofesser gemaach a war vun 1927 bis 28 Stagiaire als Zeecheprofesser an der Industrieschoul a vun 1928 bis 29 Stagiaire an der Handwierkerschoul.

Vun 1930 bis 1963 - senger Pensioun - war hien Zeecheprof an der Handwierkerschoul an der Stad Lëtzebuerg.

Ausstellungen an Auszeechnungen änneren

Nom Zweete Weltkrich huet de Josy Meyers grouss Uelegbiller vun den zerstéierten Éisleker Dierfer gemoolt: Housen, Munzen, Kehmen, Bärel, Baastenduerf, Veianen, Nacher a Béiwen.

  • Zesumme mat senger Fra hu si och als Grupp am "Kunsthaus Luxemburg" (Oktober 1943) [3] an am Palais des Beaux-Arts (September 1945) zu Bréissel ausgestallt. [4]

Kuckt och änneren

Referenzen änneren

  1. Gebuertsakt Nr. 18 vum 12. Mäerz 1902 zu Ëlwen
  2. Doudesannonce am Luxemburger Wort vum 30. September 1970
  3. Kate Comparini-Martin, "Reiches und mannigfaches künstlerisches Schaffen", Escher Tageblatt, 20 Oktober 1943
  4. "Les peintres et sculpteurs luxembourgeois", Luxemburger Wort, 24 September 1945