Andreaskierch vun Ëlwen

kathoulesch Kierch
(Virugeleet vu(n) Kierch Ëlwen)

D'Andreaskierch zu Ëlwen ass eng kathoulesch Kierch an d'Parkierch vun der Par Ëlwen–Wäiswampich Saint-François am Dekanat Norden an der Gemeng Ëlwen.

Kierch vun Ëlwen
Parkierch vun Ëlwen (2012)

Parkierch vun Ëlwen (2012)
Parkierch vun Ëlwen (2012)
Uertschaft / Plaz Ëlwen
Par Ëlwen–Wäiswampich
Saint-François
Dekanat Norden
Numm / Patréiner Hl. Andreas
Konsekratioun 1658
Koordinaten 50° 07’ 14.6’’ N
      06° 0’ 9.2’’ O

Kierchen - Kapellen

Et ass déi fréier Kierch vum Franziskanerklouschter vun Ëlwen an huet als Patréiner den hellegen Andreas, deem säi Fest den 30. November gefeiert gëtt.

D'Kierch steet an der rue de Binsfeld, dem CR337 an ass un dat fréiert Klouschtergebai ugebaut.

Geschicht änneren

Ëlwen huet fréier zu der Mammekierch vu Kierchen (Belsonancum) bannent der Diozese vu Léck gehéiert, déi a fränkesch-merowengescher Zäit zum Sëtz vun enger vun den eelste Paren an den Ardenne gouf.

Kierchlech relevant ass Ëlwen duerch d'Beruffung vun de Franziskaner an d'Uertschaft duerch de Godfrid v. Eltz de 25. August 1629 ginn. Hien huet de Franziskaner aus Lëtzebuerg seng Kapell vun den Dräi Jongfraen geschenkt. Op der Plaz vun der Kapell hunn d'Franziskaner 1640 ugefaangen eng gréisser Konventskierch opzeriichten, déi 1658 konsekréiert gouf. An der franséischer Revolutioun ass et 1796 zu der Opléisung vum Konvent komm. Klouschter, Kierch an de Mobilier goufen ëffentlech versteet.

Am Joer 1805 gouf Ëlwen vun der Par vu Kierche getrennt an zu enger eegener Par ernannt. Eréischt an de Joerzéngten duerno sollt d'Kierch, déi mëttlerweil a Verfall gerode war, nees an d'Rei gesat ginn. 1869 ass d'Uergel, déi op Nidderwolz verkaaft gi war, zeréckkomm. Am Joer 1924 ass der Kierch eng nei Portalanlag mat monumentalem Tuerm no Pläng vum Architekt Jean Schoenberg ugesat ginn, ier d'Gebai 1963 ënner Denkmalschutz gesat gouf[1]. Eng Restauréierung vum Banneraum ass an enger éischter Phas 1972 duerchgefouert ginn an 1991 ënner dem Architekt Gilles Dansart fäerdeg gemaach ginn.

De 7. Mee 2017 gouf si d'Parkierch vun der neier Par Ëlwen–Wäiswampich Saint-François. Virdru war et d'Parkierch vun der Par Ëlwen, déi zum Parverband Ëlwen, Wäiswampech, Wëntger, zu der Pastoralregioun Norden an zum Dekanat Klierf gehéiert huet. Zur fréierer Par Ëlwen huet ausser der Parkierch vun Ëlwen och nach d'Kapell vu Biwesch gehéiert.

Gebai änneren

 
D'Barrière mat de Säitenaltär virum Chouer

D'Parkierch vun Ëlwen huet eng bewosst einfach Architektur, markéiert duerch en eenheetlecht iwwersiichtlecht Raumbild. Bis an d'Joer 1924 louch d'Entrée vun där no Oste geriichter an aus Ardenner Brochstee gebauter Kierch an der Westfassad. Bis dohin hat d'Kierch och just ee klengen Tuerm um Daachstull am Beräich vum Chouer. Am Géigendeel zu de Parkierchen haten d'Uerdenskierchen deemools schonn en Duxall iwwer der Aganksdier. D'Kierch huet, bedéngt duerch den Ubau vun de Konventgebaier, just op der lénkser Säit Fënsteren. Déi erlabe mat hirer grousser Fläch en intensive Liichtafall, deen eng wichteg Viraussetzung fir d'Bildfreedegkeet vun engem franziskanesche Kiercheraum ass.

Südlech un d'Kierch leent sech d'Konventgebai un, dat sech an der Architektur gréisstendeels un dee 1621 entstanene Konvent vun de Franziskaner vu Baaschtnech hält. Allerdéngs si beim Verkaf vun de Klouschtergebailechkeeten an der Franséischer Revolutioun den Ost- a Südflillek vum Kräizgank zerstéiert ginn. Am erhalene Westflillek ass haut d'Parhaus ënnerbruecht.

D'Miwwelen aus dem 17. an 18. Joerhonnert sinn integral erhale bliwwen a ginn en Abléck, wéi eng Uerdenskierch an der Barockzäit ausgesinn huet. De Chouer mam Héichaltor ass vum Kiercheschëff duerch eng grouss Barrière, an déi di zwee Säitenaltär integréiert sinn, mat relativ klengem Duerchgang, ofgetrennt.

Klacken änneren

An der Dekanatskierch vun Ëlwen lauden dräi Klacken an den Téin Re, Mi a Fa Dièse. Se goufen 1951 vun der Klackegéisserei H. Rüetschi vun Aarau gegoss.

D'Uergel änneren

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Uergel Kierch Ëlwen.

Biller änneren

1963, resp. 1989 goufen d'Kierch an d'Uergel dran op der Lëscht vun de klasséierte Monumenter als Nationalmonument klasséiert.

Literatur änneren

  • Broschür: Katholische Pfarrkirche St. Andreas Ulfingen (Troisvierges). Verlag Schnell & Steiner, 2003.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Andreaskierch vun Ëlwen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).