Pierre Prüm

lëtzebuergesche Politiker

De Pierre Prüm, gebuer den 9. Juli 1886 zu Ëlwen, a gestuerwen den 1. Februar 1950 zu Klierf, war e lëtzebuergesche Politiker.[1]

Pierre Prüm
Gebuer 9. Juli 1886
Ëlwen
Gestuerwen 1. Februar 1950
Klierf
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Diplomat, Jurist, Affekot, Riichter
Partei Onofhängeg Nationalpartei

Hie war 1925 an 1926 Premierminister an der Regierung Prüm.

De Pierre Prüm ass de Bouf vum Klierfer Politiker Émile Prüm, deen zu Klierf eng Gierwerei hat. A senger Schoulzäit war hien aktive Member an der pennaler "Landsmannschaft" a studentescher "Ferialverbindung" Amicitia Luxemburgensis, a méi spéit wärend sengem Studium an der K.A.V. Lovania Löwen.

No sengem Jurastudium gouf hien Affekot a geschwënn duerno, am Alter vun nëmme 27 Joer[2], an d'Chamber gewielt. 1918 ass hien aus der Rietspartei ausgetrueden an huet d'Onofhängeg Nationalpartei (Parti national indépendant) gegrënnt.

Staatsminister

änneren

Well d'Chamber 1925 de Virschlag vun der Regierung, d'Eisebunnsgesellschafte Guillaume-Luxembourg a Prince-Henri ënner enger belscher Direktioun ze vereenegen, refuséiert huet, koum et zu enger Kris an der Regierung Reuter an zu Neiwalen. Als Resultat koumen néng Parteien an d'Chamber. Well d'Rietspartei, déi hir absolut Majoritéit verluer hat, keng Koalitioun agoe wollt, koum et den 20. Mäerz 1925 zu enger Regierung déi sech op d'Onofhängeg Nationalpartei, déi Liberal, d'Sozialisten an Iwwerleefer vun der Rietspartei gestäipt huet. Déi Koalitioun hat eng Majoritéit vun engem Sëtz[2]. De Pierre Prüm gouf Premierminister an och Aussen-, Innen- a Landwirtschaftsminister (deemools nach "Generaldirekter" genannt). An deene Funktiounen huet hien d'Aarbechterdelegatiounen an de Fabrécken nees agefouert an d'Gehälter vun de Beamte vum Index profitéiere gelooss[2]. Mat deene Konzessiounen un d'Aarbechter huet de Prüm sech bei den Industriellen onbeléift gemaach. Och d'kathoulesch Kierch wollt kee Premierminister, deen net an d'Kierch gaangen ass[2].

De 16. Juli 1926 koum et zum Broch vun där Regierung, wéi déi Liberal an d'Sozialiste sech iwwer e Gesetzesprojet iwwer de bezuelte Congé fir d'Aarbechter, deen de Prüm aféiere wollt, net eens konnte ginn. De Liberalen Norbert Le Gallais, dee Verbindungen zur Arbed hat, an de Katholik Hubert Loutsch, haten der Regierung hiert Vertrauen entzunn.

De Pierre Prüm gouf doropshin bis 1936, Friddensriichter zu Klierf.

Zweete Weltkrich

änneren

1934 ass hien an d'Luxemburger Gesellschaft für Deutsche Literatur und Kunst (GEDELIT) agetrueden, enger uganks pangermanescher Beweegung, déi d'Zil hat, fir déi däitsch Sprooch a Kultur ze fërderen. Dee Veräi gouf allerdéngs séier en Treffpunkt vun Individue mat enger nationalsozialistescher Gesënnung a gouf no der Okkupatioun vun 1940 der Volksdeutschen Bewegung gläichgeschalt.

1937 gouf hien nach eng Kéier als Norddeputéierten an d'Chamber gewielt, déi Kéier op der Lëscht vum Leo Müller senger Nationaldemokratescher Beweegung.

Verhaftung, Verurteelung an Doud

änneren

Wéi d'Wehrmacht Lëtzebuerg den 10. Mee 1940 iwwerfall huet, huet de Pierre Prüm sech op Klierf zeréckgezunn a wärend dem Krich als Affekot geschafft[2].

Den 13. September 1944 gouf hien doheem vun der lëtzebuergescher Miliz verhaft. Am November 1946 gouf hie wéinst ënnerloossener Resistenz an domat vermeintlechter Kollaboratioun zu 4 Joer Prisong verurteelt[3]. Dee Prozess an d'Verdikt sinn ënner anerem 2015 vum Henri Wehenkel an engem Artikel am Lëtzebuerger Land kritesch beliicht ginn[2][4].

No senger Haft war de Pierre Prüm ruinéiert a gesondheetlech ugeschloen. Hien huet als Touristeguide am Klierfer Schlass geschafft. No engem Schlag ass hien am Februar 1950 am Alter vu 64 Joer gestuerwen[4]. Hie gouf zu Klierf begruewen[1].

Gielercher

änneren

Kuckt och

änneren

Um Spaweck

änneren

Referenzen

änneren
  1. 1,0 1,1 Doudesannonce vum Pierre Prüm am Luxemburger Wort vum 3. Februar 1950
  2. 2,0 2,1 2,2 2,3 2,4 2,5 Wehenkel, 2015
  3. Artikelen am Luxemburger Wort vum 29. November 1946 an am Tageblatt vum 30. November 1946 (an der Sektioun "Um Spaweck")
  4. 4,0 4,1 In Memoriam Pierre Prüm, Noruff am Tageblatt vum 6. Februar 1950
  5. Memorial A N°4 vun 1932 mat der Lëscht vun de Leit déi dat Joer am Ordre de la couronne de chêne geéiert goufen