Wilwerdang ass eng Uertschaft an der Gemeng Ëlwen.

Wilwerdang
Déi fréier Gare vu Wilwerdang
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Wilwerdange
de: Wilwerdingen
Land Lëtzebuerg
Kanton Klierf
Gemeng Ëlwen
Buergermeeschter Édouard Mertens
Awunner 311
  1.01.2013
Héicht 519 m
Koordinaten 50° 08’ 23’’ N
      06° 01’ 20’’ O

Um Lieu-dit "Op Kneiff" bei Wilwerdang läit mat 560,13 Meter déi héchst Plaz zu Lëtzebuerg. Déi zweethéchst ass mat 558,35 Meter iwwer NN d'Buergplaz zu Huldang.

Eisebunn änneren

Duerch Wilwerdang huet fréier d'Eisebunnsstreck Ëlwen - Sankt Vith gefouert. Eng ronn 2 km hanner Wilwerdang an Direktioun St. Vith war d'Westportal vum 790 Meter laangen Tunnel, deem säin Ostportal eng ronn 150 Meter virun der belscher Grenz war. Den Tunnel huet ënner dem Haus Knauf op der Buergplaz erduerch gefouert, an ass dann eng ronn 250 m ëstlech dovun aus dem Hiwwel erauskomm.

De Wilwerdanger Tunnel gouf aus Ëmweltschutzgrënn gespaart a gëtt och net restauréiert. Beim Westportal gouf e Fliedermaus-Léierpad ageriicht.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Wilwerdang – Biller, Videoen oder Audiodateien