Chronologie vun der Franséischer Revolutioun
ass eng Chronologie
Haaptartikel zu dësem Theema: Franséisch Revolutioun
Dës Chronologie vun der Franséischer Revolutioun soll Iech en Iwwerbléck iwwer déi wichtegst Evenementer vun där Zäit a Frankräich ginn.
- 7.-14. Juni: Journée des Tuiles: méi oder manner bluddeg Ausernanersetzungen zu Grenobel.
- 21. Juli: Generalstänn vum Dauphiné.
- : D'Decisioun fir d' 8. AugustGeneralstänn zesummenzeruffe gëtt vum Loménie de Brienne getraff. D'Modalitéite mussen awer nach diskutéiert ginn.
- 25. August: De Brienne demissionéiert a gëtt vum Necker ersat.
- 27. Dezember: Den Necker, deen am Gaang ass, d'Generalstänn virzebereeden, akzeptéiert d'Fuerderung vum Drëtte Stand, fir d'Zuel vun de Vertrieder ze verdueblen. Méi Stëmme kréie si doduerch awer net.
- 29. Dezember: Marseille fuerdert d'Erhéijung vun de Membere vum Drëtte Stand an d'Wal pro Kapp bei de Generalstänn.
- Januar: Emmanuel-Joseph Sieyès, Qu'est-ce que le tiers état ?
- 24. Januar: Reglement fir d'Generalstänn.
- : Uerder fir d' 7. FebruarCahiers des doléances zesummenzestellen.
- Mäerz bis Mee: Wal vun de Membere vun de Generalstänn.
- 27. Abrëll: Opstand zu Paräis am Faubourg Saint-Antoine.
- 30. Abrëll: Zu Versailles gëtt d'Société des amis de la Constitution gegrënnt. Opstand zu Marseille bei dem e Kommandant vun engem Fort ëm d'Liewe kënnt.
- : Déi 1200 Vertrieder vun de 2. MeeGeneralstänn ginn dem Louis XVI. virgestallt.
- : D' 5. MeeGeneralstänn kommen zu Versailles zesummen.
- 17. Juni: D'Vertrieder vum Drëtte Stand erkläre sech als Assemblée nationale.
- 20. Juni: Ballhauseed.
- 23. Juni: Kinneklech Séance: De Louis XVI. erkläert d'Deliberatioune vum 17. Juni fir ongëlteg a bleift dobäi datt déi dräi Stänn bestoe bleiwen.
- Mirabeau: « Nous sommes ici par la volonté du peuple et nous n'en sortirons que par la force des baïonnettes. »
- Grënnung vum Club Breton.
- 27. Juni: De Klerus an den Adel schléisse sech op Befeel vum Louis XVI. der Nationalversammlung un.
- : Proklamatioun vun der 9. JuliAssemblée constituante.
- 11. Juli: De Finanzminister Necker gëtt ofgesat, wat zu Onrouen zu Paräis féiert.
- 14. Juli: Stuerm op d'Bastille.
- 15. Juli: De Jean Sylvain Bailly gëtt éischte Buergermeeschter vu Paräis.
- D'Nationalgard ënnersteet dem La Fayette.
- 16. Juli: Den Necker gëtt nees zeréck a säin Amt gesat.
- 17. Juli: De Louis XVI. gëtt zu Paräis empfaangen, an akzeptéiert d'"Cocarde tricolore" (Symbol vun der Revolutioun).
- 18. Juli: Ufank vun der Emigratioun vun de groussen adlege Famillen a vun der Grande Peur.
- 4. AugustOfschafe vun de Privileegien a vum Feudalsystem.
- 26. August Deklaratioun vun de Mënschen- a Biergerrechter.
- 11. September: D'Nationalversammlung erlaabt dem Kinnek Louis XVI. e Veto-Recht.
- 5. - 6. Oktober: Opstand zu Paräis: d'"Poissarden" zéien op Versailles an zwéngen de Kinnek, op Paräis ze kommen. De Louis XVI. plënnert an de Palais des Tuileries.
- 19. Oktober: Grënnung vum Jakobinerklub.
- 21. Oktober: D'Krichsrecht trëtt a Kraaft.
- : Verstaatlechung vum Kierchebesëtz ( 2. NovemberSekularisatioun)
- 30. November: Korsika gehéiert definitiv zu Frankräich.
- 19. Dezember: D'Assignater ginn agefouert fir d'Staatsfinanzen auszegläichen.
- 22. Dezember: Frankräich gëtt an 83 Departementer agedeelt.
- 24. Dezember: D'Protestante kréien d'Biergerrecht.
- 13. Februar: D'Klouschteruerde ginn ofgeschaf.
- 21. Mäerz: D'Gabelle (Salzsteier) gëtt ofgeschaf.
- 27. Abrëll: Grënnung vum Club des Cordeliers.
- 14. Mee: Ufank vum Verkaf vum Besëtz vum Klerus.
- 12. Juni: Avignon mécht d'Demande fir zu Frankräich gehéieren ze kënnen.
- 19. Juni: Den Adel gëtt ofgeschaf.
- 12. Juli: Zivilkonstitutioun vum Klerus. Et gëtt nei Diözese geschaf an d'Geeschtlech gi Staatsbeamten, déi en Eed op d'Constitutioun leeschte mussen.
- 22. Juli: D'Zivilverfassung vum Klerus gëtt vum Louis XVI. ugeholl.
- 14. Juli: Fête de la fédération.
- 27. August: D'Assignater kréien e Geldwäert.
- : Demissioun vum 4. SeptemberNecker.
- 21. Oktober: D'Tricolore gëtt Fändel vu Frankräich.
- : De 3. DezemberLouis XVI. schreift e Bréif un d'Preisen a freet si ëm Hëllef géint d'Revolutionären.
- : Eed op d'Constitutioun bei der Versammlung vun de Paschtéier. 4. Februar
- Februar bis Mee: Nei konstitutionell Bëscheef gi gewielt.
- 10. Mäerz: De Poopst Pius VI. verurteelt d'Zivilverfassung vum Klerus.
- 15. Mäerz: Diplomatesche Broch tëscht Frankräich a Roum.
- 21. Abrëll: De La Fayette demissionéiert un der Spëtzt vun der Garde Nationale.
- 20. - 25. Juni: D'Flucht op Varennes: De Kinnek Louis XVI. versicht an d'Ausland ze kommen, gëtt awer vun Zaldote vun der Garde nationale nees op Paräis bruecht.
- 15. Juli: D'Nationalversammlung setzt de Kinnek nees an.
- 16. Juli: Déi moderéiert Feuillants trieden aus dem Jakobinerklub aus.
- 17. Juli: Schéisserei um Champs-de-Mars.
- 27. August: Pillnitzer Deklaratioun. De Keeser Leopold II. an de Friedrich Wilhelm vu Preisen beschléisse sech zu Gonschte vun der franséischer Monarchie an d'franséisch Affären anzemëschen.
- D' 3. SeptemberConstitutioun vu 1791 gëtt vun der Nationalversammlung a vum Louis XVI. ugeholl a Frankräich gëtt eng konstitutioneller Monarchie.
- 14. September: De Kinnek Louis XVI. leescht en Eed op d'Constitutioun an erkläert, datt d'Revolutioun eriwwer ass.
- 30. September: D'Assemblée constituante gëtt opgeléist.
- : Ouverture vun der 1. OktoberAssemblée législative.
- 17. November: De Jérôme Pétion de Villeneuve gëtt Buergermeeschter vu Paräis.
- 25. November: Grënnung vum Comité de surveillance (spéidere Comité de sûreté générale).
- Januar: De Jean-Nicolas Pache grënnt d'Société patriotique du Luxembourg, Membere sinn ënner anerem de Gaspard Monge, de Jean-Baptiste Marie Meusnier de la Place, de Jean Henri Hassenfratz an den Alexandre-Théophile Vandermonde.
- : Allianz tëscht 7. FebruarÉisträich a Preisen.
- 19. Mäerz: De Charles François Dumouriez gëtt Ausseminister.
- 23. Mäerz: D'Ministere vun de Feuillants ginn duerch Ministere vun de Girondins ersat.
- 20. Abrëll: Frankräich erkläert Éisträich de Krich. Et kënnt zum Éischte Koalitiounskrich tëscht Éisträich mat Preise géint Frankräich.
- 25. Abrëll: De Rouget de l'Isle schreift e Lidd wat méi spéit d'Marseillaise sollt ginn.
- 13. Juni: De Kinnek Louis XVI. geheit d'Ministere vun de Girondins nees eraus.
- 15. Juni: Demissioun vum Ausseminister Charles François Dumouriez.
- 20. Juni: D'Vollek belagert d'Tuilerien, a fuerdert datt d'Ministeren nees zeréckkommen. Mä de Kinnek Louis XVI. gëtt net no.
- 11. Juli: Preisen trëtt an de Krich an.
- 10. August: Commune de Paris: Stuerm vun de Sansculottes ënner dem Danton a Marat op d'Tuilerien; eng nei Nationalversammlung gëtt gewielt: d'Convention nationale.
- 13. August: D'kinneklech Famill ass am Temple agespaart.
- 19. August: Verrot vum La Fayette.
- 2. - 5. September: Septembermassakeren.
- : 9. SeptemberMassaker zu Versailles vun de Prisonéier vun Orléans.
- 20. September: Schluecht vu Valmy: éischt entscheedent Victoire vun der Revolutiounsarméi.
- 21. September: Zesummentrëtt vun der Convention nationale: d'Monarchie gëtt ofgeschaf.
- 22. September: D'Republik gëtt ausgeruff.
- : 6. NovemberSchluecht vu Jemappes.
- 27. November: Annexioun vun der Savoie.
- 11. Dezember: Ufank vum Prozess géint de Louis XVI.
- 21. Januar: De Kinnek Louis XVI. gëtt higeriicht. Konsequenz dovun ass de Bäitrëtt vun England, Spuenien, Portugal an de meeschten däitschen an italieenesche Staaten zu der Koalitioun géint Frankräich.
- : 1. FebruarFrankräich erkläert England an Holland de Krich.
- Mäerz: Ufank vum Opstand vun der Vendée an och an der Bretagne gëtt et Onrouen.
- 10. Mäerz: Grënnung vum Revolutiounstribunal.
- 18. Mäerz: Schluecht vun Neerwinden.
- : Verrot vum 1. AbrëllCharles François Dumouriez.
- : Kreatioun vum 6. AbrëllComité de salut public.
- 31. Mee - 2. Juni: Opstand vun de Paräisser Sansculotte géint d'Convention nationale.
- : 31 2. JuniGirondins gi festgeholl.
- 29. Juni: Schluecht vun Nantes.
- 13. Juli: De Marat gëtt vun der Charlotte Corday ëmbruecht.
- 27. Juli: De Robespierre kënnt an de Comité de salut public.
- 23. August: Levée en masse vun der männlecher Bevëlkerung.
- 27. August: Toulon ergëtt sech de Britten.
- : 5. SeptemberTerreur.
- 17. September: Gesetz vun de Verdächtegen.
- 29. September: Héchstpräisser fir Liewensmëttel gi festgeluecht.
- 16. Oktober: Hiriichtung vun der Marie Antoinette; Schluecht vu Wattignies.
- 17. Oktober: D'Vendéens ginn zu Cholet geschloen.
- 25. Oktober: Aféierung vum Republikanesche Kalenner.
- 31. Oktober: Hiriichtung vun de Girondins.
- 10. November: D'kathoulesch Relioun gëtt ofgeschaf an duerch de Kult vun der Vernonft a vum Héchste Wiesen ersat.
- 23. November: D'kathoulesch Kierchen zu Paräis ginn zougemaach.
- 23. Dezember: De Westermann klappt d'Vendéens zu Savenay: « il n'y a plus de Vendée, elles est morte sous notre sabre libre, avec ses femmes et ses enfants Je viens de l'enterrer dans les marais et les bois de Savenay. Suivant les ordres que vous m'avez donnés, j'ai écrasé les enfants sous les pieds des chevaux, massacré les femmes qui au moins pour celles-là n'enfanteront plus de brigands. Je n'ai pas de prisonnier à me reprocher, j'ai tout exterminé. [...] Nous ne faisons plus de prisonnier, il faudrait leur donner le pain de la liberté, et la pitié n'est pas révolutionnaire ».
- 12. Januar: Skandal vun der Compagnie des Indes.
- 17. Januar: D'« colonnes infernales » vum Turreau an der Vendée.
- 19. Januar: D'Brite landen op Korsika.
- : Ofschafe vun der 4. FebruarSklaverei an de Kolonien.
- 24. Mäerz: Hiriichtung vun den Hébertisten.
- : Hiriichtuung vun den Unhänger vum 5. AbrëllDanton.
- : Feiere vum 8. JuniHéchste Wiesen.
- 10. Juni: Gesetz vum 22. Prairial iwwer d'Kompetenze vun de Revolutiounstribunaler: "La Grande Terreur"
- 26. Juni: Schluecht vu Fleurus.
- 27. Juli: Chute vum Robespierre (9. Thermidor Joer II).
- 28. September: Grënnung vun der École centrale des travaux publics (méi spéit École polytechnique).
- 11. November: De Jakobinerklub gëtt zougemaach.
- : D' 8. DezemberGirondins kommen zeréck an d'Convention nationale.
- 17. Februar: Traité tëscht de Vendéens ënner dem François de Charette an der Convention iwwer d'Reliounsfräiheet.
- : 5. MäerzÉischten Traité vu Basel tëscht Frankräich a Preisen.
- : Opstänn wéinst Hongersnout zu 1. AbrëllParäis.
- : † 8. JuniDauphin Louis XVII.
- 23. Juni-21. Juli: Landung vun den Emigranten zu Quiberon, organiséiert vum Louis XVIII. a vum Grof vun Artois (dem spéidere Charles X. fir der Chouannerie an der kathoulescher a kinneklecher Arméi an der Vendée ze hëllefen.
- 22. Juli Zweeten Traité vu Basel: Spuenien zitt sech aus dem Krich zeréck.
- 22. August: Constitutioun vum Joer III.
- 26. Oktober: D'Convention nationale gëtt opgeléist, Ufank vum Directoire.
- : 5. MäerzFrankräich ass am Krich géint d'Hellegt Réimescht Räich.
- : Hochzäit vum 9. MäerzNapoleon mat der Joséphine de Beauharnais.
- 29. Mäerz: De François de Charette, Chef vum Opstand vun der Vendée, gëtt zu Nantes erschoss.
- 10. Mee: Schluecht vu Lodi.
- Juli: Belagerung vu Mantua.
- 14. Januar: Schluecht vu Rivoli.
- 18. Abrëll: Fridde vu Leoben tëscht Éisträich a Frankräich.
- 27. Abrëlll: Hiriichtung vum Babeuf.
- : D' 8. JuliCispalpin Republik gëtt ausgeruff.
- : 4. SeptemberStaatsstreech vum 18. Fructidor V.
- 17. Oktober: Traité vu Campo-Formio.
- Februar: D'Réimesch Republik gëtt ausgeruff.
- 12. Abrëll: D'Helvetesch Republik gëtt ausgeruff.
- 21. Juli: Schluecht vun de Pyramiden.
- : 1. AugustSchluecht vun Abukir.
- 24. Dezember: Allianz tëscht Russland a Groussbritannien.
- 17.-19. Juni: Schluecht vun Trebia
- : 9. NovemberCoup d'État vum 18. an 19. Brumaire.
- 24. Dezember: Constitutioun vum Joer VIII: Aus dem Directoire gëtt de Consulat mam Napoleon un der Spëtzt als éischte Konsul.