D'Assignate waren eng Wärung ënner der Franséischer Revolutioun.

En Assignat vu 15 Sols.

E puer Méint nom Ufank vun der Revolutioun waren d'Staatsfinanze katastrophal. Fir dëse Problem aus der Welt ze schafen, huet den Deputéierten Talleyrand d'Iddi gehat, Saisie vum Besëtz vum Klerus ze maachen. Sou huet den 2. November 1789 d'Assemblée nationale constituante decidéiert, datt de ganze Besëtz vum Klerus « mis à disposition de la nation » wier. Dëse Besëtz waren elo déi sougenannt Biens nationaux, déi versteet goufen, fir d'Staatskeess nees opzefëllen.

Dëse Besëtz gouf op 3 Milliarde Livres geschat, a war eng grouss Reserv fir ëffentlech Finanzen. De Verkaf gouf an d'Hänn vun der Caisse extraordinaire geluecht, déi den 19. Dezember[Wéini ?] an d'Liewe geruff gi war. De Problem war awer, datt de Verkaf vu sou vill Besëtz Zäit brauch, op d'mannst ee Joer. Dëst war awer ze laang, d'Keese waren eidel an d'Faillite wier méi séier wéi de Verkaf gewiescht. Sou gouf beschloss Billjeeën an d'Liewen ze ruffen, wou d'Valeur assignée ass. Et war d'Gebuert vum Assignat.

De Fonctionnement vum Assignat ass einfach. Well et onméiglech war, direkt de ganze Besëtz vum Klerus ze verkafen, goufe Billjeeën erausginn, déi dës Valeur representéiert hunn. Jiddwereen, dee Biens nationaux kafe wollt, huet dëst misse mat den Assignate maachen. Sou hunn d'Leit d'Assignate vum Staat ofkaaft, a seng Keese gefëllt. Nodeem e Besëtz mat sou engem Assignat kaaft gi war, huet de Billjee missen zeréck bei de Staat goen, an zerstéiert ginn. Sou koum de Staat méi séier zu frësche Suen, wéi wann en hätt misse waarden, bis alles verkaaft gi wier.

Déi éischt Billjeeën haten eng Valeur vun 1 000 Livres. Sou grousse Wäert huet kloer gemaach, datt dës Billjeeën net dofir geduecht waren, fir an der Bevëlkerung ze zirkuléieren. D'Zil war eenzeg an eleng fir séier Suen an d'Staatskeess ze kréien. Déi éischt Emissioun vun Assignaten hat e Gesamtwäert vu 400 Millioune Livres.

Obschonn d'Iddi einfach war, an och ouni gréisser Problemer konnt duerchgefouert ginn, ware sech d'Deputéiert vun der Assemblée nationale constituante net ëmmer eens. Sou waren Deputéiert wéi den Talleyrand, de Condorcet oder och den Du Pont de Nemours komplett dogéint. Fir si war eng grouss Schwächt vun den Assignaten datt et der ni méi däerft ginn, wéi d'Bien nationaux wäert waren. Zu där Zäit war et awer net besonnesch schwéier, sou e Billjee ze fälschen. De Risiko war also grouss, datt méi Billjeeën am Ëmlaf waren, wéi virgesinn. A wann dëst géif antrieden, wieren d'Assignaten näischt méi wäert.

Schonn um Ufank vum Joer 1790 goufen éischt Fälschungen opgedeckt. Den 30. Mäerz[Wéini ?] huet den Anne-Pierre de Montesquiou-Fezensac deklaréiert, datt d'Assignaten «le plus coûteux et désastreux des emprunts» wieren.

E gefälschten Assignat.

De 17. Abrëll[Wéini ?] gouf aus dem Assignat Pabeiergeld. De Staat, deen nach ëmmer Sue gebraucht huet, huet d'Assignate fir all gängeg Ausgabe benotzt. De Staat huet d'Assignater, déi bei hien nom Verkaf zeréckkomm sinn, net zerstéiert, an huet ausserdeem nach méi Assignater erausginn, déi wäit iwwer dem Wäert vun de Biens nationaux waren. De Jacques Necker, zu dësem Zäitpunkt Finanzminister, dee géint d'Transformatioun vun den Assignater a Pabeiergeld war, huet am September demissionéiert.

Den Assignat huet ëmmer méi u Wäert verluer, vu 1790 bis 1793 ëm déi 60 %. Trotz dësem Wäertverloscht, waren d'Steeë vun de Bien nationaux éischter eppes fir déi méi räich Partië vun der Bevëlkerung. Sou konnte verschidde Leit enorm Terrainen a Gebaier fir "en Apel an e Stéck Brout" kafen, wann een de reelle Wäert vun dëse Besëtzer virun An hat.

Fir den Assignat z'ënnerstëtzen, goufe verschidde Gesetzer gestëmmt, wéi zum Beispill datt d'Bourse zougemaach ginn ass, an d'Wiesseltauxen zanter 1793 net méi publizéiert goufen, fir Spekulatiounen ze verhënneren. Mam Ufank vun der Terreur ass et souguer sou wäit komm, datt ee konnt mat der Doudesstrof rechnen, wann een en Assignat net akzeptéiert huet.

Trotz allem huet sech d'Politik net wierklech ëm d'Finanzkris gekëmmert, an de Staat huet fläisseg weider Assignater erausginn. 1796 waren Assignater fir 45 Milliarde Livres am Ëmlaf, obschonn dëse Betrag ni hätt däerfen iwwer dräi Milliarde goen, wat der Valeur vum Besëtz vum Klerus entsprach huet.

England, zu dëser Zäit de gréisste Feind vu Frankräich huet selwer falsch Assignater produzéiert, fir d'franséisch Finanzkris ze verschlëmmeren.

En Assignat vu 5 Livres.

Den Directoire huet decidéiert, den Assignat nees ofzeschafen, an den 30. Pluviôse Joer IV goufen d'Billjeeën an d'ganzt Geschier fir si hierzestellen ëffentlech op der Place Vendôme zu Paräis verbrannt.

Den 18. Mäerz gouf den Assignat aus der Zirkulatioun zeréckgezunn, a géint en neie Billjee ausgetosch, de Mandat territorial. De Wiessel gouf mat 30 Francs fir en Assignat géint 1 Franc fir e Mandat gemaach. De Mandat territorial hat gréisstendeels déi selwecht Geschicht wéi säi Virgänger, de Wäert ass souguer nach méi séier verfall. De 4. Februar 1797 gouf de Mandat och nees zeréckgezunn, an et gouf nees mat Boergeld bezuelt.

Och wann den Assignat kee groussen Erfolleg hat, sou huet en dach verhënnert, datt de franséische Staat duerch Konsequenze vun der Revolutioun direkt Faillite gaangen ass.

Well et net wierklech schwéier war, en Assignat ze fälschen, goufe si bal iwwerall produzéiert. Souguer an de Prisonge goufen Dréckereie fonnt. Déi meescht Fälschunge waren einfach z'erkennen, anerer ware sou gutt, datt ee sech net méi sécher war, dat ware virun allem d'Fälschunge vu London. D'Feinde vun der Republik hunn den Drock vun de falsche Billjeeën encouragéiert, fir Frankräich an de Ruin ze dreiwen. De Londoner Atelier war vun Notabelen aus der Vendée gegrënnt ginn, a gouf vum Joseph de Puisaye dirigéiert.

Am 19. Joerhonnert goufe vill Fälschunge fir de Sammlermaart produzéiert. Sou schwätzt een dacks vun de « vrais faux » (d'Fälschunge vun der Revolutiounszäit) fir si vun deenen aneren z'ënnerscheeden.

Um Spaweck

änneren
Commons: Assignats – Biller, Videoen oder Audiodateien