Dësen Artikel beschäftegt sech mam reliéisen Uerde vun de Feuillants. Fir d'politesch Grupp ënner der Franséischer Revolutioun, kuckt wgl. Club des Feuillants.

D'Feuillants (lat.: Fulienses) waren eng Kongregatioun vun den Zisterzienser, déi 1574 vum zu Feuillans am Languedoc gestëft gouf, fir der deemoleger Verweltlechung vum Uerden entgéint ze wierken. D'Feuillants goufe 1586 vum Poopst Sixtus V. bestätegt.

D'Feuillants hu missen e Plakkapp hunn, a buerféiss lafen, op hëlzen Dille schlofen an op de Knéien iessen. Si haten e wäisse Rack un, an eng wäiss Kaputz.

Op eng Demande vum Henri III. gouf 1587 eng Communautéit zu Paräis gegrënnt, déi eng aktiv Roll an der Kathoulescher Liga wärend de Reliounskricher gespillt huet. De Bernard de Montgaillard, och Petit Feuillant genannt, gouf virun allem duerch seng Priedegte bekannt. Nom Enn vun de Kricher goufe si vum Henri IV. am A behalen, awer net bestrooft.

1630 huet de Poopst Urban VIII. d'italienesch Feuillants vum Uerden ofgespléckt.

D'Feuillants vu Paräis, déi zu de Cheffe vum Uerde goufen, hunn hiert Klouschter ausgebaut. D'Haaptpaart gouf vum Architekt François Mansart gebaut. Dëst Haus zu Paräis stoung op der aktueller Rue Castiglione an dem Deel vun der Rue de Rivoli laanscht den Tuileries.

Den Uerde gouf 1791 opgeléist. An hiren Haiser huet sech de konservative Club des Feuillants zesummefonnt, déi hiren Numm vum Uerden iwwerholl haten.

De weiblechen Uerder waren d'Feuillantines.