Louis XVIII. vu Frankräich

De Louis XVIII., gebuer de 17. November 1755 um Schlass vu Versailles als Louis Stanislas Xavier de France, a gestuerwen de 16. September 1824, war vu senger Gebuert u bis 1795 Grof vun der Provence, a vun 1814 bis 1815 an dann nees vun 1815 bis zu sengem Doug Kinnek vu Frankräich an Navarre.

Louis XVIII. vu Frankräich
Pseudonym Comte de Provence
Gebuer 17. November 1755
Schlass vu Versailles
Gestuerwen 16. September 1824
Palais des Tuileries
Doudesursaach Krankheet
Nationalitéit Kinnekräich Frankräich
Aktivitéit Politiker
Famill
Geschwëster Louis XVI. vu Frankräich, Charles X. vu Frankräich

Hie war dem Louis XVI. säi Brudder. Wärend der Zäit vun der Franséischer Revolutioun an dem Premier Empire war hie fir d'éischt zu Bréissel, duerno zu Koblenz, zu Mittau (haut Lettland, deemools Russland) an dann zu London am Exil. Hien huet sech Louis XVIII. genannt, well säin Neveu, de Louis XVII., am Prisong gestuerwe war, ouni je Kinnek ze ginn.

Nodeems den Napoleon ofgesat gi war, koum de Louis XVIII. zeréck a Frankräich, gouf awer no de Cent-Jours nees gestierzt. Wéi den Napoléon fir zeguttst an der Schluecht vu Waterloo verluer hat, koum en eng zweet Kéier op den Troun.

Hie war jorelaang mat der Giicht geplot, a konnt just op Krätsche goen. Um Enn vu sengem Liewe war säi Kierper praktesch eng eenzeg oppe Wonn.

Hien hat keng Kanner, sou datt säi klenge Brudder, de Grof vun Artois a Chef vun den Ultra-Royalisten, als Charles X. säin Nofollger gouf.

Literatur änneren

  • Philip Mansel (trad. de l'anglais par Denise Meunier), Louis XVIII, Paris, Perrin,‎ 2004, 522 p. (ISBN 2-262-02204-6)
  • Paul et Pierrette Girault de Coursac, Les deux frères de Louis XVI, Paris, F.-X. de Guibert,‎ 1999, 435 p. (ISBN 2-86839-585-6)
  • Georges Bordonove, Louis XVIII le Désiré, Paris, France Loisirs,‎ 1991, 318 p. (ISBN 2-7242-6385-5)
  • Évelyne Lever, Louis XVIII, Paris, Fayard,‎ 1988 (réimpr. 1997), 597 p. (ISBN 2-213-02029-9 et 2-012-79348-7)

Um Spaweck änneren

Commons: Louis XVIII of France – Biller, Videoen oder Audiodateien
Virgänger:
Louis XVI.
Kinnek vu Frankräich
1814-1815; 1815-1824
Nofollger:
Charles X.