5. Mee
Datum
<< | Mee | >> | ||||
Mé | Dë | Më | Do | Fr | Sa | So |
1 | 2 | 3 | 4 | 5 | ||
6 | 7 | 8 | 9 | 10 | 11 | 12 |
13 | 14 | 15 | 16 | 17 | 18 | 19 |
20 | 21 | 22 | 23 | 24 | 25 | 26 |
27 | 28 | 29 | 30 | 31 | ||
2024 |
De 5. Mee ass den 125. Dag vum Joer (126. am Schaltjoer) Joer am Gregorianesche Kalenner.
Evenementer
änneren- 1389: De Keeser Wenzel II. vu Lëtzebuerg dekretéiert um Reichstag zu Eger (haut:Cheb) de Landfridde vun Eger.
- 1789: Frankräich: D'Generalstänn kommen zu Versailles zesummen.
- 1949: Zu London gëtt d'Charta ënnerschriwwen, mat där den Europarot gegrënnt gouf.
- 1996: De José María Aznar gëtt Ministerpresident vu Spuenien.
- 1999: De fréieren italieenesche Ministerpresident Romano Prodi gëtt neie President vun der Europäescher Kommissioun.
- 2002: De Staatspresident Jacques Chirac gewënnt d'franséisch Presidentschaftswalen eng 2. Kéier (80.6 % géint de Jean-Marie Le Pen).
- 2005: De Premierminister Tony Blair gewënnt mat senger Labour Party d'Parlamentswalen a Groussbritannien.
Sport
änneren- 1946: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an der Stad Lëtzebuerg 1:5 géint Belsch. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Vic Feller geschoss.[1]
- 1971: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Grieskirchen, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Olympesch Summerspiller 1972, 2:3 géint Éisträich. Déi zwéi Goler fir d'Lëtzebuerger huet den Dominique Di Genova geschosss.[2]
Gebuer
änneren-
Søren Kierkegaard
-
Karl Marx
-
Germaine Goetzinger
-
Malam Bacai Sanhá
- 1747: Leopold II., réimesch-däitsche Keeser.
- 1810: Frédéric Fischer jun., lëtzebuergeschen Apdikter an Naturwëssenschaftler.
- 1813: Søren Kierkegaard, dänesche Philosoph.
- 1818: Karl Marx, däitsche Philosoph a Politiker.
- 1828: Albert Marth, däitschen Astronom a Physiker.
- 1911: Gilles Grangier, franséische Filmregisseur.
- 1915: Marcel Neumann, lëtzebuergesche Schwëmmer.
- 1919: Georgios Papadopoulos, griichesche Colonel a Militärdiktator.
- 1920: Andrée Debar, franséisch Schauspillerin.
- 1924: Edmond Israel, lëtzebuergeschen Ekonomist a Banquier.
- 1925: Eddi Arent, däitsche Schauspiller.
- 1933: Carlo Meintz, lëtzebuergesche Politiker.
- 1935: Bernard Pivot, franséische Journalist a Schrëftsteller.
- 1938: Mijanou Bardot, franséisch Schauspillerin.
- 1938: Jerzy Skolimowski, polnesche Filmregisseur, Dréibuchauteur a Schauspiller.
- 1943: Michael Palin, brittesche Schauspiller.
- 1947: Germaine Goetzinger, lëtzebuergesch Literaturwëssenschaftlerin, Historikerin an Auteur.
- 1947: Malam Bacai Sanhá, Politiker aus Guinea-Bissau.
- 1949: Émile Krier, lëtzebuergesche Professer an Historiker.
- 1950: Annette Weiwers-Probst, lëtzebuergesch Molerin.
- 1953: Phillip Borsos, kanadesche Filmregisseur, Schauspiller, Dréibuchauteur a Filmproduzent.
- 1957: Susan Bergman, US-amerikanesch Literaturwëssenschaftlerin.
- 1977: Jessica Schwarz, däitsch Schauspillerin.
- 1986: Francesco Masciarelli, italieenesche Vëlossportler.
- 1996: Fanny Weicherding, lëtzebuergesch Volleyballspillerin.
- 1998: Julie Teso, lëtzebuergesch Volleyballspillerin.
- 2003: Carlos Alcaraz, spueneschen Tennisspiller.
Gestuerwen
änneren- 1320: Péiter vun Uespelt, Äerzbëschof vu Mainz.
- 1705: Leopold I., réimesch-däitsche Keeser (1658-1705) a Kinnek vun Ungarn (1655-1705), Béimen (1656-1705), Kroatien a Slowenien (1657-1705).
- 1821: Napoleon Bonaparte, franséische Keeser.
- 1907: Jean-Pierre-Joseph Koltz, lëtzebuergesche Botaniker a Forstingenieur.
- 1925: Alfred Houdremont, lëtzebuergesche Professer a Schouldirekter.
- 1928: Georges Passerieu, franséische Vëlossportler an Tour de France-Fuerer.
- 1945: Yvo Kerger, lëtzebuergeschen Eisebunner a Resistenzler.
- 1949: Maurice Maeterlinck, belsche Schrëftsteller.
- 1954: Henri Laurens, franséische Sculpteur a Moler.
- 1963: Paul Feierstein, lëtzebuergesche Foussballspiller, Olympionik an Trainer vun der lëtzebuergescher Foussballnationalekipp.
- 1972: Frank Tashlin, US-amerikaneschen Dréibuchauter a Filmregisseur.
- 1977: Ludwig Erhard, däitsche Politiker a Bundeskanzler.
- 1977: Renaud Mary, franséische Schauspiller.
- 1986: Käthe Haack, däitsch Schauspillerin.
- 1992: Jean-Claude Pascal, franséische Sänger, Schauspiller a Schrëftsteller.
- 1999: John Howard, britteschen Offizéier am Zweete Weltkrich, Kommandant vun der Operatioun Pegasus.
- 2001: Simon Slåttvik, norwegesche Schileefer a Weltmeeschter an der Nordescher Kombinatioun.
- 2010: Umaru Yar'Adua, nigerianesche Politiker.
- 2011: Dana Wynter, brittesch Schauspillerin.
- 2014: Jean Gaven, franséische Schauspiller.
Feierdeeg
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: 5. Mee – Biller, Videoen oder Audiodateien |