Dësen Artikel beschäftegt sech mam Club des Feuillants ënner der Franséischer Revolutioun. Fir de reliéisen Uerden, kuckt wgl. Feuillants.

De Club des Feuillants, ass de 16. Juli 1791 nom Fluchtversuch vum Louis XVI. entstanen, wéi sech d'Jakobiner an de Club de 1789 opgespléckt hunn. De Club des Feuillants, dee fir eng konstitutionell Monarchie agetrueden ass, gouf ursprénglech gegrënnt, fir den Afloss vun de Jakobiner, déi ëmmer méi radikal goufen, auszegläichen.

Déi éischt Versammlunge goufen am Palais-Royal ogehalen, a spéider am ale Klouschter vun de Feuillants, bei den Tuileries, wouhir de Club och säin Numm huet.

D'Memberen, déi tëscht 160 an 264 variéiert hunn, ware fir eng konstitutionell Monarchie an d'Constitutioun vu 1791. Ënner hinne waren de Bailly, de Barnave, den Duport, de La Fayette, de Lameth, de Sieyès, de Ramond de Carbonnières (1755 - 1827), de Paul Henri Marron, de Grof vu Vaublanc, de Bernard Journu-Auber (1745-1815), Monni vum Jean-Baptiste Bory de Saint-Vincent (1778-1846), de Bernard Germain Etienne de la Ville-sur-Illon Grof vu Lacepède (1756-1825), an den Hugues-Bernard Maret, Herzog vu Bassano (1763-1839).

Hiren Afloss ass mam Enn vun der Assemblée législative verschwonnen. 1793 goufe vill Membere festgeholl, oder hu missen an den Exil flüchten.

Portal Franséisch Revolutioun – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'Revolutioun vu 1789.

Um Spaweck änneren

Commons: Feuillant Club – Biller, Videoen oder Audiodateien