23. August
Datum
<< | August | >> | ||||
Mé | Dë | Më | Do | Fr | Sa | So |
1 | 2 | 3 | 4 | |||
5 | 6 | 7 | 8 | 9 | 10 | 11 |
12 | 13 | 14 | 15 | 16 | 17 | 18 |
19 | 20 | 21 | 22 | 23 | 24 | 25 |
26 | 27 | 28 | 29 | 30 | 31 | |
2024 |
Den 23. August ass den 235. Dag vum Joer (236. am Schaltjoer) am Gregorianesche Kalenner.
Evenementer
änneren- 1770: Den James Cook revendiquéiert d'Regioun ëm d'Botany Bay an Australien, déi en New South Wales nennt, fir d'brittesch Kroun.
- 1775: De Kinnek George III. deklaréiert datt d'amerikanesch Kolonien am Zoustand vun der oppener Rebellioun sinn.
- 1793: Frankräich: Dekreet vun der Convention nationale iwwer d'Levée en masse.
- 1821: Mexiko gëtt vu Spuenien onofhängeg.
- 1939: De Stalin an den Hitler ënnerschreiwen den Däitsch-Sowjeteschen Netugrëffspakt.
- 1940: am besate Lëtzebuerg gëtt d'Chamber an de Staatsrot ofgeschaaft: de Chef der Zivilverwaltung Gustav Simon iwwerhëlt dës Pouvoiren.
- 1962: Trinidad an Tobago gëtt vu Groussbritannien onofhängeg.
- 1989: Iwwer 1 Millioun Leit maachen eng Mënschekette vu 560 km op der Via Baltica tëscht Vilnius a Lettland an Tallinn an Estland.
- 1990: D'DDR-Parlament stëmmt dem Bäitrëtt zu der Bundesrepublik Däitschland zou.
Gebuer
änneren-
Louis XVI.
-
Eleftherios Venizelos
-
Gene Kelly
-
Vera Miles
-
River Phoenix
- 686: Karl Martell, fränkeschen Hausmeier, Ahnhär vun de Karolenger.
- 1754: Louis XVI., Kinnek vu Frankräich.
- 1769: Georges Cuvier, franséischen Naturfuerscher an Anatom.
- 1842: Nicolas-Édouard Becker, lëtzebuergeschen Auteur.
- 1864: Eleftherios Venizelos, griichesche Politiker a Regierungschef.
- 1868: Paul Otlet, belschen Informatiounsmanager, Grënner vun der moderner Dokumentatiounswëssenschaft.
- 1873: Joseph Capgras, franséische Psychiater.
- 1896: Hubert von Meyerinck, däitsche Schauspiller.
- 1896: Jacques Rueff, franséische Jurist an Ekonomist.
- 1900: Malvina Reynolds, US-amerikanesch Folksängerin a -komponistin.
- 1912: Gene Kelly, US-amerikaneschen Dänzer.
- 1921: Joseph Rifesser, italieenesche Sculpteur.
- 1924: Ephraim Kishon, israeelesche Schrëftsteller.
- 1927: Walter Giller, däitsche Schauspiller.
- 1929: Vera Miles, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 1930: Michel Rocard, franséische Politiker.
- 1931: Laure Hammes-Quittelier, belsch Grafikerin.
- 1940: Émile Braas, lëtzebuergesche Lokalpolitiker.
- 1947: Maurice Rabinowicz, belsche Filmregisseur.
- 1954: Halimah Yacob, singapuresch Politikerin.
- 1970: River Phoenix, US-amerikanesche Schauspiller.
- 1978: Pascal Debra, lëtzebuergesche Philosoph a Schrëftsteller.
- 1994: Yannick Bardina, lëtzebuergeschen Handballspiller.
Gestuerwen
änneren- 1371: Guy vu Lëtzebuerg-Ligny, Grof vu Saint-Pol, Grof vu Ligny, Här vu Roussy a vu Beauvoir.
- 1878: Théodore Pescatore, lëtzebuergesche Politiker.
- 1893: Théodore Kirpach, lëtzebuergeschen Nottär a Politiker.
- 1898: Félicien Rops, belsche Moler an Zeechner.
- 1926: Rudolph Valentino, US-amerikanesche Schauspiller.
- 1926: Michel Weyler, lëtzebuergesche Moler.
- 1934: Viktor Kaplan, éisträicheschen Ingenieur an Erfinder.
- 1958: Roger Martin du Gard, franséische Schrëftsteller.
- 1964: Karl Schnog, däitsche Schrëftsteller a Publizist.
- 1977: Fernand Guth, lëtzebuergesche Foussballspiller an Olympionik.
- 1981: Marcel Poiré, franséisch-lëtzebuergesche Vëlossportler.
- 1982: Alberto Cavalcanti, Filmregisseur.
- 2003: Raymond Waringo, lëtzebuergeschen Historiker an Archeolog.
- 2011: René Putzeys, lëtzebuergesche Politiker.
- 2016: Reinhard Selten, däitschen Ekonomist a Mathematiker.
- 2018: Dieter Thomas Heck, däitschen Entertainer.
- 2023: Jewgeni Wiktorowitsch Prigojin, russeschen Oligarch a Söldnerchef.
Feierdeeg
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: 23. August – Biller, Videoen oder Audiodateien |