Marseille

Franséisch Stad an de Bouches-du-Rhône

Marseille huet 826 700 Awunner (2005) an ass déi zweetgréisst franséisch Stad. Et ass d'Haaptstad vum Departement Bouches-du-Rhône a vun der Regioun Provence-Alpes-Côte d'Azur. Marseille ass och de gréissten Hafe vu Frankräich. Marseille gouf am Joer 600 v. Chr. vu griichesche Matrousen, déi vu Phokäa a Klengasien komm sinn, gegrënnt. Marseille huet déi Zäit Massilia geheescht.

Marseille
Land Frankräich
Regioun PACA
Departement Bouches-du-Rhône
Arrondissement Marseille
Kanton Chef-lieu vu 25 Kantonen
Postcode 13001 - 13016
Gemengecode 13055
Koordinaten 43° 17’ 51’’ N
      05° 22’ 38’’ O
Fläch  240,62 ha
Bevëlkerung  826 700 (1. Juli 2005 Insee)

Géographie änneren

D'Stad huet sech rondrëm den ale griicheschen Hafen entwéckelt, besonnesch am Laf vun der zweeter Hallschent vum 19. Joerhonnert. Deen Opschwong gouf doduerch begënstegt, datt Frankräich eng Kolonialmuecht gouf, a seng Handelsverbindunge mat Algerien an dem Orient staark gewuess sinn. Mä d'Aktivitéite vun der Mieresschëfffahrt hu sech progressiv no Norden an duerno an de sechzeger Joren op déi nei Plaz vu Fos-sur-Mer verlagert.

 
D'Kathedral vu Marseille
 
Notre-Dame-de-la-Garde

Kuckeswäertes änneren

Schoulen änneren

Fotoalbum vu Marseille änneren

Kuckt och änneren


Um Spaweck änneren

Commons: Marseille – Biller, Videoen oder Audiodateien