Société patriotique du Luxembourg

D'Société patriotique du Luxembourg gouf am Januar 1792 vum Jean-Nicolas Pache, engem enke Frënd vum Gaspard Monge gegrënnt.

Hire Statuten no sollt se beim Vollek d'Wëssen an d'Aufgabe vun all Bierger bannent der (revolutionärer) Verfassung verbreeden.

Dem François Pairault no war et ee vun den extremisteschste Klibb aus der Revolutiounszäit, wou iwwer hir Géigner hiergefall gouf.

Den Numm kënnt vun der Section du Luxembourg, déi bei der Andeelung vu Paräis, bei der Revolutioun, geschafe gouf, a geschwënn a Section Mutius-Scaevola ëmgenannt gouf. E bezitt sech op de Palais du Luxembourg, deen do dra louch.

Nieft dem Gaspard Monge an dem Jean-Nicolas Pache waren och de Jean Henri Hassenfratz, de Jean-Baptiste Marie Meusnier de la Place an den Alexandre-Théophile Vandermonde Member dovun.

Literatur änneren

Kuckt och änneren

  Portal Franséisch Revolutioun – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'Revolutioun vu 1789.