D'Chouannerie war e géigerevolutionären Opstand um Land vun enger Dosen Departementer am Weste vu Frankräich, a besonnesch an der Bretagne an an der Mayenne, ënner der Franséischer Revolutioun vum Fréijoer 1794 bis 1800[1].

E Coeur chouan mat der Devise Dieu le Roi.

Ursaachen änneren

1791 hunn de Weste mat der Vendée an der Bretagne, eng Zon vu Resistenz géint d'Zivilkonstitutioun vum Klerus duergestallt, de Klerus war gréisstendeels refractaire. Mä dës Resistenz hat hir Haaptgrënn manner a reliéise Motivatioune wéi an der Soziologie an de Mentalitéite vun de Bevëlkerungen, deenen hir traditionell Solidaritéiten duerch d'Revolutioun zerstéiert gi waren[2].

Den Opstand vum Fréijoer 1793 am ganze Weste léisst sech duerch d'Refuséiere vun der Levée en masse erklären, virun allem well vill Notabelen dovu befreit waren, oder sech e Remplançant kafe konnten. Dëse Refus war am ganze Land ze fannen[3]. Sou koum et am Mäerz 1793 zu ville Jacquerieen, an deenen d'Baueren op brutal Manéier hir Roserei vis-à-vis vun der Administratioun, de konstitutionelle Paschtéier, den neie Steieren, den Assignats an der Levée en masse gewisen hunn[4].

Nieft der reliéiser Fro an de Géigner vum Militärdéngscht koum et och zu enger Verschlëmmerung vun de Spannungen tëscht Baueren an Eliten, a Stad a Land, och wann dat keen neie Phenomeen war, mä schonn am 18. Joerhonnert opgefall war. An der Bretagne koum et doriwwer eraus zu Ännerunge vun den Institutiounen, déi d'Privileegie vun der Provënz ofgeschaaft hunn; d'Devis vun de Chouans an der Bretagne war "Doue ha mem bro" (Gott a mäi Land) an net "Dieu et mon roy" wéi bei de Vendéens.

D'Bretonesch Associatioun änneren

1791 huet den Marquis de la Rouërie zesumme mam Grof vun Artois d'géigerevolutionär bretonesch Associatioun an d'Liewe geruff, déi no Diözees Unhänger vun der « autorité légitime du Roi et de la conservation des propriétés » gesicht huet. Säin Zil war et, Garnisounen, Maréchausséeën a Gardes nationales an den Haaptstied vun der Bretagne fir sech ze gewannen[5].

Dës Versammlunge vun Adelegen um Schlass vum La Rouërie an de Manktem un Diskretioun vun den Agenten, déi d'Leit rekrutéiert hunn, hunn d'Autoritéiten alarméiert. Den 31. Mee 1792 gouf en Dragonerregiment op d'Schlass geschéckt, de 6. Juli goufen op de Marquis a seng Komplizen Haftbefehler ausgestallt. Weider Persoune goufen zu Lorient, La Roche-Bernard a Rennes festgeholl.

Den 2. September 1792 ass de Valentin Chevetel, genannt Latouche, op Paräis gereest, an huet dem Danton vum Komplott erzielt. Nom Doud Marquis de la Rouërie um Schlass vu Guyomarais den 30. Januar 1793 konnt eng Lëscht vun Unhänger séchergestallt ginn, wouropshi weider Komplize festgeholl goufen. A sengem Rapport vum 4. Oktober 1793 virun der Convention, huet de Basire dës Associatioun fir schëlleg um Opstand vum Westen am Fréijoer 1793 erkläert. Mä eigentlech huet sech d'bretonesch Associatioun guer net op d'Bauere gestäipt. Och wann de Marquis de la Rouërie e Virgänger vun der Chouannerie war, sou huet hie si net erfonnt[5].

Evenementer änneren

Zanter 1791 hu sech d'Baueren an der Géigend vu Vannes géint d'Zivilkonstitutioun erhuewen, fir hire Bëschof géint d'Patriote vu Lorient ze verdeedegen, déi hien zum Eed zwénge wollten. Am Fréijoer drop huet an der Géigend vu Quimper e Friddensriichter eng Partie Paren opgeruff, sech géint d'Administratioun am Numm vum Kinnek z'erhiewen[4].

Am Summer 1792 koum et zu Virfäll an den Distriker vu Carhaix (Finistère), Lannion, Pontrieux (Côtes-d'Armor), Craon, Château-Gontier a Laval (Mayenne), wou sech d'Bauere géint d'Levée vu Fräiwëlleger gewiert hunn. Zu Saint-Ouen-des-Toits, am Distrikt vu Laval, huet sech de Jean Cottereau, genannt Jean Chouan, un d'Spëtzt vun den Opstännege gestallt. Op säi Kapp goufe Suen ausgesat, an hien huet ëmsoss am Mäerz 1793 versicht, an England eriwwerzekommen. Hie gouf zesumme mat sengem Brudder als Chef vun der Koalitioun erkannt[6].

Zanter dem 9. Mäerz koum et zu Opstänn an der Mayenne, am Léon, am Morbihan, an der Ille-et-Vilaine, der Loire-Inférieure, der Vendée an der Maine-et-Loire. Tëscht dem 11. an 20. Mäerz waren zwee Drëttel vum Weste betraff[4].

 
D'Virée de Galerne.

Dat war am Ufank nëmmen eng Jacquerie. Bande vu Baueren hunn d'Patrioten aus hire Paren ugegraff, an de Chef-lieu vum Distrikt ugegraff, fir déi hypothetesch Gefaangen ze befreien, an d'Lëschte fir d'Levée ze zerstéieren. Heiansdo gouf aus dëse klenge Revolten e Massaker wéi zu Machecoul oder zu La Roche-Bernard[4].

Am Géigesaz zu der Vendée, wou d'Erfolleger et erméiglecht hunn, eng Rebellenzon, d'Vendée militaire, an eng Arméi op d'Been ze stellen, goufen dës Revolte vun der Arméi um Norde vun der Loire néiergeschloen. Zanter dem 25. Mäerz koum Verstäerkung aus der Normandie an der Ile-de-France. De Generol Beysser, deen d'Vilaine erofmarschéiert ass, konnt Redon degagéieren. Weider am Süde konnten 900 Leit vu Vannes Rochefort-en-Terre anhuelen[4].

Am Oktober 1793 war d'Kathoulesch a kinneklech Arméi iwwer d'Loire gezunn, dës Rees ass ënner dem Numm Virée de Galerne an d'Geschicht agaangen. Dëst huet d'Revolt nei animéiert. De Jean Chouan huet sech der Arméi vun de Vendéens zu Laval ugeschloss[7]. Zesumme mat der Arméi konnt hien d'Schluecht vu Croix-Bataille gewannen. Hien huet bei der Virée de Galerne bis zu der bluddeger Néierlag vu Le Mans den 13. Dezember 1793 matgemaach[8].

Am November an Dezember hunn d'Administratioune vu Fougères a Vitré en neit Wuert benotzt, fir d'Bande vun Opstännegen an hire Rapporten ze nennen: « chouan » oder « chuin »[4]. No der Néierlag viru Granville hunn d'Baueren d'royalistesch Arméi verlooss, a sech an de Bëscher verstoppt[9]. De Jean Chouan huet sech an de Bësch vu Misedon zeréckgezunn.

No de Massakere vu Le Mans a Savenay sinn d'Vendéens bei si komm. Adeleger hu sech elo un d'Spëtzt vun dëse Bande gestallt, souwéi de Grof vu Puisaye, ale Chef vun der federalistescher Arméi vun der Normandie, dee sech als Généralissime vun de Rebellen duerchsetze wollt[9].

Eng nei Form vu Revolt huet sech entwéckelt, déi och d'Ännerung vum Vocabulaire ënnerstëtzt. No der Néierlag vun der Virée de Galerne sinn d'Bande vun Opstännege knapps iwwer d'Grenze vum Kanton erausgaangen ; si hu bei isoléierte Patrioten, klenge militäreschen Detachementer a virun allem an der Nuecht zougeschloen[9]. Um Norde vun der Loire huet d'Chouannerie virun allem en Aspekt vun enger verspreeter Guerilla ugeholl.

Dës Evenementer loosse sech an dräi Phasen ënnerdeelen:

  • Éischt Phas: Vum Fréijoer 1794 bis zum Fréijoer 1795 hunn d'Banden, déi dacks vun einfache Leit ugefouert goufen, e lokale Krich gefouert, an duerch Morden d'Leit an Angscht gehalen. Si hu sech net an de Stied gewisen, an och géint Bataillonsë vun der Arméi hate si keng Chance. Zanter November 1794 hat d'Convention eng Politik ageschloen, déi bereet war ze diskutéieren an ze verhandelen. Am Abrëll 1795 gouf e Friddensvertrag ënnerschriwwen[9].
  • Zweet Phas: D'Landung vun den Emigranten zu Quiberon de 17. Juni 1795 huet all Hoffnung op de Fridden zerstéiert. D'Guerilla huet op en Neits op lokalem Plang ugefaangen. Well d'Banden immens verspreet waren, konnten d'Republikaner Canclaux an Hoche d'Resistenzzone kleng halen. De Scépeaux huet seng Waffen am Abrëll 1796 néiergeluecht, gefollegt vu Puisaye a Cadoudal. Elo hunn d'moderéiert Royalisten hir Chance gesinn, d'Muecht duerch Walen u sech ze rappen[10].
  • Drëtt Phas: De Staatsstreech vum 18. Fructidor Joer V (4. September 1797) huet d'Resultater vun de Walen an 49 Departementer (virun allem am Westen) annuléiert, an d'refractaire Paschtéier goufen op en Neits verfolleg. D'Chouannerie ass nees lass gaangen, an huet sech vun der Normandie bis an d'Eure-et-Loir verbreet[10]. De Weste gouf vun enger Hord vu Chouans duerchkämmt, déi Honger haten, an déi ëmmer méi zu Brigange goufen. 1799 hunn d'Néierlage vun der Republik dozou gefouert, weider Männer fir d'Arméi ze rekrutéieren, an d'Gesetz vun de Geiselen ze stëmmen, wat zu engem neien Opschwong vun der Chouannerie gefouert huet. Banden, déi vum Adel enkadréiert goufen hu fir eng kuerz Zäit Nantes, Le Mans, Saint-Brieuc, Redon a La Roche-Bernard ageholl, Prisongen opgemaach an och dacks publik Pabeieren zerstéiert[10]. Sou konnt de Grof vu Bourmont de 14. Oktober Le Mans anhuelen. Nom Coup d'État vum 18. an 19. Brumaire huet den Napoléon eng Pazifikatiounspolitik versicht, andeems hien engersäits d'Reliounsfräiheet an d'Dispens vum Militärdéngscht verséchert huet, op der anerer Säit awer och d'Cheffen exekutléiere gelooss huet, déi sech net wollten erginn[10]. Den 12. Dezember 1799 gouf den Traité vu Pouancé ënnerschriwwen. Den 28. Dezember hunn d'Konsulen eng Proklamatioun un de Weste geriicht. Dëst war d'Enn vun der grousser Chouannerie.

D'Cheffe vun der Chouannerie änneren

 
De Georges Cadoudal.

D'Haaptcheffe vum Opstand waren de Georges Cadoudal a säi Brudder Julien, de Jean Cottereau, genannt Jean Chouan, de Pierre Guillemot, genannt le roi de Bignan, de Joseph de Puisaye, de Louis-Charles de Sol de Grisolles, den Auguste an de Sébastien de La Haye de Silz, de Jean-Louis Treton genannt Jambe d'Argent, den Tristan-Lhermitte, den Taillefer, de Coquereau, den Aimé du Boisguy, de Boishardy, de Pierre-Mathurin Mercier la Vendée, an de Bonfils de Saint Loup.

An der Bretagne goufen d'Chouans vum Adel enkadréiert (Boishardy, Louis de Rosmorduc, d'Bridder Picquet de Boisguy) awer och vun einfache Leit (Bridder Cadoudal). An der Basse-Normandie huet de Louis de Frotté eng dominant Roll gespillt, ee vu senge Lieutenants war de Guillaume Le Métayer, genannt Rochambeau.

Den Adel huet bei wäitem net déi Roll gespillt, wéi an der Vendée. Hei gouf et och keng richteg organiséiert Arméi, mä kleng Banden, deenen hir Cheffe meeschtens Bauere waren.

Am Géigesaz zu der Vendée, hat d'Chouannerie ni en Territoire. Et gouf awer eng "Petite Vendée" am Bas-Maine am Joer 1793, déi vum Prënz vun Talmont kontrolléiert ginn ass. Et war net einfach, der Chouannerie en Enn ze setzen, si waren net sou deziméiert duerch grouss d'Schluechte wéi d'Vendée militaire, et gouf vill Cheffen, an d'Bande ware verspreet.

Literatur zum Theema änneren

  • Anne Bernet, Histoire générale de la chouannerie, Perrin, Paräis, 2000. (ISBN 2-262-01281-4)
  • Gérard Blottière a Jacques Salbert (Ersg.), La Première chouannerie en Mayenne, C.R.D.P, Nantes, 1980.
  • Alfred Chaudeurge, La Chouannerie normande, F. Lanore, Paräis, 1982.
  • Michel Desforges, La chouannerie: 1794-1832, Saint-Sulpice, Paräis, 2000. (ISBN 2-913938-03-5)
  • Roger Dupuy, La chouannerie, Éd. Ouest-France, Rennes, 1995. (ISBN 2-7373-1761-4)
  • Gabriel Du Pontavice, La chouannerie, PUF, Paräis, 1991. (ISBN 2-13-043781-8)
  • Hugues Bohec a Gilles Le Noan (Ersg.), La chouannerie: Blancs contre Bleus, 1790-1800, Éd. Tremen, Quincy-sous-Sénart, 2000. (ISBN 2-913559-23-9)

Fiktioun änneren

  Portal Franséisch Revolutioun – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'Revolutioun vu 1789.

Referenzen an Notten änneren

  1. Albert Soboul (Ersg.), Dictionnaire historique de la Révolution française, Quadrige/PUF, 1989, S. 217, « Chouans/Chouannerie » vum Roger Dupuy.
  2. Michel Vovelle, "La Chute de la monarchie, 1787-1792", Band 1 vun Nouvelle histoire de la France contemporaine, Le Seuil, 1972, S. 270-273.
  3. Roger Dupuy, "La République jacobine. Terreur, guerre et gouvernement révolutionnaire, 1792-1794", Band 2 vun Nouvelle histoire de la France contemporaine, Le Seuil, 2005, S. 106-112.
  4. 4,0 4,1 4,2 4,3 4,4 4,5 Albert Soboul, op.cit., S. 218.
  5. 5,0 5,1 Albert Soboul, op.cit., S. 649-650.
  6. De Procureur huet den 28. Abrëll 1793 geschriwwen: Il y a à leur tête deux hommes qui se nomment Cottereau, dit Chouan. Nous avons promis une récompense à qui les arrêtera, mais il faut y aller avec précaution car ces deux individus sont très braves et très déterminés. Si de votre côté vous pouviez vous en saisir, ce serait rendre à la chose public un vrai service.
  7. Den 20. Oktober 1793 war hie vum Paschtouer deen d'Mass zu Genest gehalen huet gewuer ginn, datt d'Vendéens iwwer d'Loire komm waren, an den 23. bei engem Rendez-vous mam Puisaye a Boisguy huet hien d'Kanoune vu Laval héieren. Ouni weider nozedenken, huet hie seng Männer zesummegeruff, an ass Richtung Laval gezunn.
  8. Dem Chouan seng Männer waren e Corps fir sech, an hunn och nëmmen hien als Chef unerkannt. Zu Le Mans gouf d'Mamm vum Jean Cottereau an engem Accident iwwerrannt a seng Trupp deziméiert.
  9. 9,0 9,1 9,2 9,3 Albert Soboul, op.cit., S. 218-219.
  10. 10,0 10,1 10,2 10,3 Albert Soboul, op.cit., S. 219.