Korsika

Regioun vu Frankräich
Dëse Geographiesartikel iwwer Frankräich ass eréischt eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Korsika - Corse
Land Frankräich
Departementer Corse-du-Sud (2A)
Haute-Corse (2B)
Prefecture
Awunner 320 208
Bevëlkerungsdicht 37 Aw./km²
Fläch 8 722 km²
Arrondissementer 5
Kantonen 26
Gemengen 360

Korsika ass eng Insel am Mëttelmier déi zanter dem 18. Joerhonnert zu Frankräich gehéiert. Et ass och eng administrativ Regioun vu Frankräich mat engem Extrastatut.

Geographesch, demographesch a politesch Donnéeën änneren

Lag a Gréisst änneren

Korsika läit ronn 200 km südwestlech vun der franséischer Côte d'Azur, westlech vun der italieenescher Toskana an nërdlech vun der italieenescher Insel Sardinien, vun där Korsika duerch d'Strooss vu Bonifacio getrennt ass. Korsika huet eng Fläch vun 8 680 km² an huet 250.000 Awunner (2004). Et ass dënn besidelt, ronn 30 Awunner/km². Korsika huet eng accidentéiert Uewerfläch mat vill Hiwwelen a Bierger. Eng Parti Bierger si méi wéi 2000 m héich:

Eng grouss Parti vun der Insel ass mat Bëscher bewuess. Well de Klima am Summer warem an dréchen ass, si Bëschbränn net seelen. Vill Energie a Mëttel gi gebraucht fir se ze bekämpfen.

Politesche Statut an administrativ Ënnerandeelung änneren

Korsika huet haut ee privilegéierte Statut, deen a Frankräich eegenaarteg ass. Fréier war et eng Regioun vu Frankräich. Nom vum Gesetz vum 13. Mee 1991 ass Korsika eng Territorial Collectivitéit d'Collectivitéit territoriale de Corse: CTC. Den neie Statut gëtt Korsika méi Onofhängegkeet a Pouvoire, wéi enger Regioun. Dräi Organer sinn an deem Contexte geschaf ginn:

  • en Executiv-Conseil,
  • eng Korsesch Assembléé an
  • e Wirtschafts- an Sozialrot

Korsika besteet elo, administrativ gesinn, aus zwee Departementer:

Sprooch a Kultur änneren

 
Satellittebild vun der Insel Korsika
 
De Golf vu Girolata

D'Korsesch Sprooch ass d'Sprooch vun de Korsen. Wa fréier jiddwereen op Korsika korsesch geschwat huet, da sinn et nach haut ronn 60% vun der Populatioun, déi d'Korsesch Sprooch beherrschen. Si ass eng Mëschung vu Franséisch, Latäin an Italieenesch. Déi ganz Korsesch Kultur, Gesank, Musek, Spréchwierder ass op dës äusserst originell Sprooch opgebaut. Op si stäipe sech déi staark Autonomiebestriewungen, déi vun der Urbevëlkerung ausginn, an déi vu vill korseschen Associatiounen ënnerstëtzt ginn. Zwar spillt d'Franséischt d'Roll vun der Schrëftsprooch op Korsika. Mä et ass net ze verkennen, datt grouss Efforte gemaach ginn, fir d'Korsescht méi staark ze strukturéieren a fir aus hir méi wéi nëmmen eng reng Mondaart ze maachen.

Stied änneren

Ajaccio ass d'Haaptstad vu Korsika. Aner gréisser korsesche Stied:

Aner Stied an Uertschaften:

Um Spaweck änneren

Commons: Korsika – Biller, Videoen oder Audiodateien