Sonia Gleis
D'Sonia Gleis, gebuer de 15. Oktober 1984 an der Stad Lëtzebuerg, ass eng lëtzebuergesch Kënschtlerin. Si ass als Molerin, Model, Schauspillerin an Televisiounspresentatrice aktiv.
Sonia Gleis | |
---|---|
Gebuer |
15. Oktober 1984 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Mannequin, Moler, Schauspiller, Televisiounsmoderateur |
Liewen
ännerenD'Sonia Gleis huet zu Paräis op der Universitéit Panthéon-Sorbonne studéiert. Si huet e Master an Arts plastiques (Arts contemporain, Arts numériques), an een an der Konschtgeschicht (Arts romans, Arts gothiques) a studéiert am Ament (2018) Droit. Si lieft tëscht Paräis a Lëtzebuerg.[1]
Model
ännerenD'Sonia Gleis huet als Model, fir Marke wéi Yves Saint Laurent,[2] Louis Vuitton,[3] Dior,[4] Balmain oder Celine geschafft a war an de Publicitéitsspotte fir Orangina oder Nintendo ze gesinn. D'Tëleesreklamm fir d'Kosmetiksmark Make Up Forever mat hir gouf op engem Billboard um Times Square zu New York gewisen.[5] Zu Lëtzebuerg huet d'Sonia Gleis Reklamm fir ë. a. Voxmobile, P&T an den Eldoradio gemaach. 2011 huet si als Body-Double fir d'Claudia Schiffer an d'Diane Krüger geschafft.[6]
Vun 2012 bis 2013 war d'Sonia Gleis als Miss-Coach a Member vum Jury vum Concours Miss Luxembourg aktiv.[7] Zanter 2017 ass si Presidentin vum Concours Miss & Mister Grande Région.[8]
Molerin
ännerenEegen Ausstellungen
änneren(Net komplett)
- Galerie Maison Schauwenburg, Bartreng, 2002
- Goodyear Technical Center, Colmar-Berg, 2002
- Galerie La Comice Agricole, Capellen, 2003
- Galerie d'art Commune de Walferdange, 2004
- Ambassade du Japon, Stad Lëtzebuerg, 2005
- Chambre du Travail, Stad Lëtzebuerg, 2006
- Galerie A Spiren, Stroossen, 2007
- Le Djoon, Paräis, 2007
- Galerie Artcour, Faubourg St Honoré, Paräis, 2007
- Habitat Boutique, Shopping Center Cactus Belle Etoile Stroossen, 2012
Präisser
änneren- 3. Präis beim Concours International Raiffeisen (Kategorie 15-18 Joer), 2002
- 1. Präis beim Concours National Raiffeisen (Kategorie 15-18 Joer), 2002
- 1. Präis Lellgen Mini-Konschtfestival, 1998
Collectiounen
änneren- Gemeng Stroossen, Lëtzebuerg.
- Thermes vu Stroossen, Lëtzebuerg.
Filmographie
ännerenKuerzfilmer
änneren- Dawning, 2009, Regie: Ben Andrews, Roll: Ciara[9]
Filmer
änneren- Mohamed Dubois, 2013, Regie: Ernesto Oña, Roll: Party Girl[10]
Tëleesserien
änneren- Yolo, on ne vit qu'une fois, 2013, Regie: Camille Nahum, Roll: Sharon
- Jo, Un flic à Paris, 2013, Regie: Charlotte Sieling, Roll: Backstage Model
- Versailles, 2015, Regie: Jalil Lespert, Roll: Nymphe
Video-Clippen
änneren- Girlfriend, 2016, Artist: Treezus
- Hello, 2016, Artist: Tragédie
- E besse Leift, 2016, Artist: T the Boss
- Happiest Man on Earth, 2015, Artist: Broken Back
Presentatrice
änneren- Mäi Mann, mäi Stil - Saison 2, 2013, RTL Tele Lëtzebuerg
- Crush Magazine exclusif, 2014-2015, Crush Magazine Tv
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenReferenzen
änneren- ↑ journal.lu: Traum in Paris (11. Februar 2014; gekuckt de 6. September 2018)
- ↑ wort.lu: Jung, weiblich, spitze! (16. März 2012; gekuckt de 6. September 2018)
- ↑ luxprivat.lu: Sonia Gleis: Super-Job von Louis Vuitton (21. November 2012; gekuckt de 6. September 2018)
- ↑ rtl.lu: Un mannequin luxembourgeois engagé par Dior Cosmetics (3. Februar 2014; gekuckt de 6. September 2018)
- ↑ luxprivat.lu: Luxemburger Model Sonia Gleis erobert jetzt Amerika (30. März 2011; gekuckt de 6. September 2018)
- ↑ luxprivat.lu: Sonia Gleis: „So wurde ich zum Double von Claudia Schiffer“ (10. September 2011; gekuckt de 6. September 2018)
- ↑ tageblatt.lu: Glanz und Glamour (28. November 2011; gekuckt de 6. September 2018)
- ↑ rtl.lu: Découvrez Miss et Mister Grande Région 2018 (27. November 2017; gekuckt de 6. September 2018)
- ↑ land.lu: Blitze in der Tiefe der See (5. Februar 2009; gekuckt de 6. September 2018)
- ↑ luxprivat.lu: Gleis kommt auf die Leinwand (24. Abrel 2013; gekuckt de 6. September 2018)