Chris Andrews

brittesche Popsänger

De Chris Andrews, gebuer de 15. Oktober 1942 zu London als Christopher Frederick Andrews, ass e brittesche Popsänger.

Chris Andrews
Gebuertsnumm Christopher Frederick Andrews
Gebuer 15. Oktober 1942
Nationalitéit Vereenegt Kinnekräich
Aktivitéit Liddermécher, Komponist, Museksproduzent, Lidderschreiwer

Bekannt gouf de Chris Andrews Ufanks de Sechzegerjoren, wéi hie mat senger Grupp Chris Ravell and the Rangers am Hamburger Star-Club opgetrueden ass.

Seng bekanntst Lidder sinn:

  • Yesterday Man, 1965; gouf méi wéi 10 milliounemol verkaaft
  • To Whom it Concerns, 1966
  • Pretty Belinda, 1969, en Titel, vun deem et eng Parodie vum Fausti op Däitsch gëtt

Um Spaweck

änneren
Commons: Chris Andrews – Biller, Videoen oder Audiodateien