Mata Hari (Indoneesesch a Malayesch fir "Sonn", wiertlech "A vum Dag“) war de Kënschtler-Pseudonym vun der hollännescher Dänzerin Margaretha Geertruida Zelle, gebuer de 7. August 1876 zu Leeuwarden, a gestuerwen de 15. Oktober 1917 zu Vincennes. Zäitweileg hat si och den Numm vun hirem jeeweilege Mann, Marguerite Campbell, respektiv Lady Gretha MacLeod.

Mata Hari
Gebuertsnumm Margaretha Geertruida Zelle
Pseudonym Mata Hari, H 21
Gebuer 7. August 1876
Leeuwarden
Gestuerwen 15. Oktober 1917
Vincennes
Doudesursaach Schosswonn
Nationalitéit Holland
Aktivitéit Spioun
Famill
Bestuet mat Rudolph MacLeod
D'Mata Hari (1906)

D'Mata Hari war an der Zäit virun a wärend dem Éischte Weltkrich als exotesch Dänzerin an exzentresch Kënschtlerin berüümt. Si gouf wéinst Duebelspionage fir déi Däitsch de 25. Juli 1917 vun engem franséische Militärgeriicht zum Doud verurteelt an de 15. Oktober zu Vincennes higeriicht.

Nom Wëssensstand vun haut war d'Mata Hari ni déi raffinéiert Duebelagentin, wéi se am Urteel an an enger Abberzuel Bicher a Filmer gär duergestallt gouf, an se huet och keng wichteg Geheimnisser verroden, well se zu deenen ni Zougank hat.

Allgemeng si vill Detailler zu hirer Biographie widderspréchlech oder ëmstridden. Villes gouf vun hir selwer oder vun aneren aus Anekdoten zesummegebastelt, oder berout op Versich, si an e bestëmmt Liicht ze setzen.

Um Spaweck

änneren
Commons: Mata Hari – Biller, Videoen oder Audiodateien