Bundeskanzler (Däitschland)

Regierungschef vun der Bundesrepublik Däitschland
Disambig.svg Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Bundeskanzler vun Däitschland. Fir aner Funktioune mat deem Titel, kuckt wgl. Bundeskanzler.
Society.svg Dëse Politiksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
DEgov-BK-Logo.svg

Logo vum Bundeskanzler
Bundeskanzleramt Berlin 2010.jpg
D'Gebai vum Bundeskanzleramt zu Berlin.

De Bundeskanzler ass de Regierungschef vun der Bundesrepublik Däitschland. De Bundeskanzler an d'Bundesministere bilden zesummen déi däitsch Bundesregierung. Der Verfassung no leet de Bundeskanzler d'Richtlinne vun der Politik fest. An der Praxis muss de Bundeskanzler sech allerdéngs un d'Virstellunge vu senger Partei an un déi vun de Koalitiounspartner halen.

De Bundeskanzler gëtt op Virschlag vum Bundespresident vum Bundestag gewielt, duerno vum Bundespresident ernannt a vum President vum Bundestag vereedegt. De Bundeskanzler proposéiert dem Bundespresident déi eenzel Bundesministeren; ouni dëse Virschlag kann de Bundespresident keen zum Minister ernennen. De Bundeskanzler ernennt ee vun de Bundesministeren zu sengem Stellvertrieder, deen och nach Vizekanzler genannt gëtt, ouni datt et dësen Titel awer offiziell gëtt.

De Bundeskanzler huet säi Sëtz am Bundeskanzleramt. Dat aktuellt Gebai zu Berlin ass zanter 2001 a Betrib.

Aktuell ass den Olaf Scholz (SPD) däitsche Bundeskanzler. Hie gouf den 8. Dezember 2021 zum néngte Bundeskanzler vun Däitschland gewielt an duerno vum Bundespresident ernannt. Hie steet un der Spëtzt vun enger Koalitioun aus der SPD, dem Bündnis 90/Die Grünen an der FDP.

Däitsch Bundeskanzler zanter 1949
Nr. Bild Numm (Gebuerts a Doudesdatum) Partei vun bis Dauer vun der Amtszäit
1 Bundesarchiv B 145 Bild-F078072-0004, Konrad Adenauer.jpg Konrad Adenauer (1876–1967) CDU 15.09.1949 16.10.1963 14 Joer, 1 Mount, 1 Dag

(5.144 Deeg)

2 Bundesarchiv B 145 Bild-F041449-0007, Hamburg, CDU-Bundesparteitag, Ludwig Erhard.jpg Ludwig Erhard (1897–1977) CDU 16.10.1963 01.12.1966 3 Joer, 1 Mount, 15 Deeg

(1.142 Deeg)

3 Kurt Georg Kiesinger (Nürburgring, 1969).jpg Kurt Georg Kiesinger (1904–1988) CDU 01.12.1966 21.10.1969 2 Joer, 10 Méint, 20 Deeg

(1.055 Deeg)

4 Bundesarchiv B 145 Bild-F057884-0009, Willy Brandt.jpg Willy Brandt (1913–1992) SPD 21.10.1969 07.05.1974 4 Joer, 6 Méint, 16 Deeg

(1.659 Deeg)

- Bundesarchiv Bild 146-1989-047-20, Walter Scheel.jpg Walter Scheel (kommissaresch)[1] (1919–2016) FDP 07.05.1974 16.05.1974 9 Deeg
5 Helmut Schmidt (13.07.1977).jpg Helmut Schmidt (1918–2015) SPD 16.05.1974 01.10.1982 8 Joer, 4 Méint, 15 Deeg

(3.060 Deeg)

6 Bundesarchiv B 145 Bild-F074398-0021 Kohl (cropped).jpg Helmut Kohl (1930–2017) CDU 01.10.1982 27.10.1998 16 Joer, 26 Deeg

(5.870 Deeg)

7 Gerhard Schröder (cropped).jpg Gerhard Schröder (* 1944) SPD 27.10.1998 22.11.2005 7 Joer, 26 Deeg

(2.583 Deeg)

8 Angela Merkel Juli 2010 - 3zu4 (cropped 2).jpg Angela Merkel (* 1954) CDU 22.11.2005 08.12.2021 16 Joer, 16 Deeg

(5.860 Deeg)

9 2021-09-12 Politik, TV-Triell Bundestagswahl 2021 1DX 3801 by Stepro (cropped).jpg Olaf Scholz (* 1958) SPD 08.12.2021 am Amt

Referenzen an NottenÄnneren

  1. Well de Willy Brandt de Bundespresident Gustav Heinemann gefrot hat fir net mat der Weiderféierung vun de Geschäfter beoptraagt ze ginn, wéi dat am Fong vum Artikel 69, Absaz 3 vun der Verfassung virgesinn ass, ass op d'Demande vum Bundespresident de Walter Scheel, dee bis dohi Vizekanzler war, mat där Aufgab beoptraagt ginn

Um SpaweckÄnneren

Commons: Bundeskanzler – Biller, Videoen oder Audiodateien