Penny Marshall

US-amerikanesch Filmregisseurin, Filmproduzentin a Schauspillerin

D' Penny Marshall, gebuer de 15. Oktober 1943 als Carole Penelope Masciarelli am Quariter Bronx, zu New York, a gestuerwen de 17. Dezember 2018 an den Hollywood Hills, zu Los Angeles[1], war eng US-amerikanesch Filmregisseurin, Filmproduzentin a Schauspillerin.

Penny Marshall
Gebuer 15. Oktober 1943
Bronx
Gestuerwen 17. Dezember 2018
Los Angeles
Nationalitéit USA
Educatioun University of New Mexico
Aktivitéit Filmregisseur, Filmproduzent, Dréibuchauteur, Schrëftsteller, Cascadeur, Sänger, Dänzer, Synchronspriecher, Komiker, Filmschauspiller, Televisiounsschauspiller, Regisseur, Schauspiller
Famill
Bestuet mat Rob Reiner
Geschwëster Garry Marshall, Ronny Hallin
Kanner Tracy Reiner

No e puer klenge Rollen a Reklammen an a Serië gouf si an den USA fir hir Roll an der Sitcom Laverne & Shirley (1976-1983) bekannt. Nodeems si d'Regie bei e puer Episode vun där Serie gefouert hat, huet si hiren éischte Film Jumpin' Jack Flash (1986) (mat der Whoopi Goldberg) gedréint, an dono Big (1988) mam Tom Hanks, deen iwwer 100 Milliounen Dollar an den amerikanesche Kinoen agespillt huet. Aner Filmer vun hir sinn ë. a. Awakenings (1990) mam Robert De Niro a mam Robin Williams, A League of Their Own (1992) mat der Geena Davis an dem Tom Hanks, Renaissance Man (1994) mam Danny DeVito, a Riding in Cars with Boys (2001) mat der Drew Barrymore an dem James Woods.

Filmographie (Auswiel) änneren

Als Regisseurin änneren

Als Produzentin änneren

  • 1990: Awakenings
  • 1992: A League of Their Own
  • 1994: Renaissance Man
  • 1996: Getting Away with Murder
  • 1998: With Friends Like These…
  • 2005: Cinderella Man
  • 2005: Bewitched

Als Schauspillerin änneren

  • 1968: The Savage Seven
  • 1968: How Sweet It Is!
  • 1972-1974: The Odd Couple; Tëleesserie, 27 Episoden)
  • 1974: How Come Nobody's on Our Side?
  • 1974-1975: Paul Sand in Friends and Lovers (Tëleesserie, 14 Episoden)
  • 1976-1983: Laverne & Shirley (Tëleesserie, 178 Episoden)
  • 1978: Mork & Mindy; Tëleesserie, 1 Episod)
  • 1979: 1941
  • 1985: Movers & Shakers
  • 1988: She is Having a Baby
  • 1991: The Hard Way
  • 1993: Hocus Pocus
  • 1995: Get Shorty
  • 2004: Frasier (Tëleesserie, 1 Episod)
  • 2005: Bones (Tëleesserie, 1 Episod)
  • 2011: New Year's Eve
  • 2013: Sam & Cat
  • 2016: Mother’s Day

Um Spaweck änneren

Commons: Penny Marshall – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Carmel Dagan: "Penny Marshall, ‘Laverne & Shirley’ Star, Director, Dies at 75." variety.com, 18. Dezember 2018.