De Claude Cheysson, gebuer den 13. Abrëll 1920 zu Paräis an och do de 15. Oktober 2012 gestuerwen[1] war e franséischen Diplomat (ë. a. Ambassadeur) a Politiker (PS).

Claude Cheysson
Gebuer 13. Abrëll 1920
Paräis
Gestuerwen 15. Oktober 2012
Paräis
Nationalitéit Frankräich
Educatioun École polytechnique,
Collège Stanislas,
Cours Hattemer,
École nationale d'administration
Aktivitéit Politiker, Diplomat
Partei Parti socialiste

De Cheysson huet op der École polytechnique an op der ENA studéiert an huet duerno Carrière am Ausseministère gemaach. Hie war ë. a. vun 1952-54 Conseiller fir Indochina, vun 1954-55 Chef de cabinet vum Premierminister Pierre Mendès-France a vun 1957-62 Generalsekretär vun der Kommissioun fir Technesch Zesummenaarbecht an Afrika. Vun 1966 bis 1969 war en Ambassadeur an Indonesien.

Vun 1973 bis 1981 war hien Europäesche Kommissär fir Entwécklung an humanitär Hëllef.

1981 bis 1984 war de Cheysson no der Victoire vum François Mitterrand Ausseminister an der Regierung vum Premier Pierre Mauroy. Vun 1985 bis 1989 war hien nees Member vun der Europäescher Kommissioun, dës Kéier zoustänneg fir Mëttelmierpolitik an d'Nord-Süd-Relatiounen. 1989 gouf hie, fir 5 Joer, an dEuropäescht Parlament gewielt.[2]

Um Spaweck änneren

Commons: Claude Cheysson – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Neue Zürcher Zeitung: Früherer französischer Aussenminister Cheysson 92-jährig gestorben, 16. Oktober 2012.
  2. Säit vum Europaparlament iwwer de Cheysson, 16. Oktober 2012