Pierre Maisonnet

lëtzebuergesche Moler

De Pierre Maisonnet, gebuer de 15. Oktober 1750 an der Stad Lëtzebuerg, an och do gestuerwen den 29. Abrëll 1827, war e Lëtzebuerger Moler. Hie war de Jong vum Pierre Maisonnet (Petrus Maisonnette) an der Margaretha Rodenmacher.

Pierre Maisonnet
Gebuer 15. Oktober 1750
Lëtzebuerg
Gestuerwen 29. Abrëll 1827
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Moler, Lycéesprofesser
D'Madame Chrétien Faber-Génin gemoolt vum Maisonnet

Säi Liewen änneren

Et ass net sécher, ob de Pierre Maisonnet e Schüler vum Orvaler Moler, dem Brudder Abraham Gilson, war, ier en op Wien Konscht studéiere goung.

Vu 1780 u war en Zeechemeeschter am Kolléisch vun Iechternach.

Zu senge Schüler hunn ë. a. de Jean-Baptiste Fresez, de Jacques Sturm an och säin eegene Jong, de Pierre-François Maisonnet, gehéiert.

De Pierre Maisonnet huet haaptsächlech Portraite gemoolt. Sou krut hien och den Optrag fir e Portrait vum Keeser Joseph II. ze molen, wéi dee 1781 zu Lëtzebuerg war. 1792 huet hien dunn och deem säi Bouf an Nofollger, de Leopold II. portraitéiert. De Maisonnet huet och d'Pläng fir den Dekor vum Gouverneurspalais gezeechent an d'Aarbechten iwwerwaacht[1].

Wärend enger Rëtsch Joren huet de Maisonnet Kierchebiller gemoolt oder restauréiert an Ornamenter gemoolt.

Wéi de Jean-Baptiste Pioche 1811 gestuerwen ass, huet de Maisonnet deem seng Funktioun als Zeecheprofesser am Collège municipal, dem haitege Kolléisch, iwwerholl.

Wierker (Auswiel) änneren

  • Portrait vum Keeser Joseph II.
  • Portrait vun der Madame Chrétien Faber-Génin

An der Kollektioun vum Nationalmusée fir Geschicht a Konscht:

Unerkennungen änneren

Zu Bouneweg ass d' Rue Pierre Maisonnet no him benannt.

Literatur änneren

  • APEA, 1987. Regard sur deux siècles de création et d'éducation artistiques au Luxembourg. Association des Professeurs d'Education artistique de l'Enseignement secondaire et supérieur (APEA), Impr. St-Paul, Luxembourg, 332 S. (Pierre Maisonnet: S. 76.
  • Jean-Marie Yante & Bénédicte Pétrement, Frère Abraham - Moine peintre d'Orval 1741-1809; Virton (éd. du Musée Gaumais), 2009. - Vgl. S. 146 à propos Pierre Maisonnet!

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Pierre Maisonnet – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. Inauguration Kaiser Leopolds II. zu Luxemburg, Das Luxemburger Land, Nr 14, 4. Abrëll 1886, S. 324