D'Georgette Bisdorff, gebuer de 15. Oktober 1944 an der Stad Lëtzebuerg[1], ass eng lëtzebuergesch Chronistin a Schrëftstellerin.

Georgette Bisdorff
Gebuer 15. Oktober 1944
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Schrëftsteller

Si ass virun allem bekannt wéinst hire Chroniken a Kriticken an de Beräicher vun der Literatur, dem Kino an der Konscht am Allgemengen, dat souwuel an der geschriwwener wéi och an der geschwatener Press (RTL Radio Lëtzebuerg).

D'Georgette Bisdorff schreift op Franséisch an op Däitsch. Si huet Artikele publizéiert an ons stad, nos cahiers, Galerie, L'Oeil an dem Luxemburger Marienkalender. Si ass Mataarbechterin am Luxemburger Wort an der Warte[1].

Donieft ass si bekannt als Auteure vu Flocon de neige, e Band mat 12 Chrëschtdagsgeschichte fir Kanner.

Studien a Karriär änneren

No hirer Première am deemolege Meedercheslycée am Joer 1963, huet d'Georgette Bisdorff um Cours supérieurs an duerno vun 1964-1966 um deemolegen Institut pédagogique studéiert[1].

Vun 1966-1969 huet si an der École professionelle et ménagère um Verluerekascht an der Stad Lëtzebuerg enseignéiert[1].

Vun 1970 bis 1978 war si Assitentin an duerno Bibliothecairin am Centre socioculturel Paul-Cézanne zu Aix-en-Provence, wou si donieft a Course fir de Beruff vum Bibliothecaire an och an der Literatur op der Universitéit ageschriwwe war[1].

vun 1978 un huet si am Lycée technique du Centre enseignéiert[1].

Publikatiounen änneren

Literatur änneren

Referenzen an Notten änneren

  1. 1,0 1,1 1,2 1,3 1,4 1,5 Goetzinger & Conter, 2010. Dictionnaire des auteurs luxembourgeois. S. 64.