Haaptmenü opmaachen
Speech balloon.svg

Dëst ass d' Projetssäit iwwer Comicken, am Kader vum Benoît Majerus sengem Cours Histoire de Bulles, deen am Wantersemester 2018/19 am Bachelor en Cultures Européennes op der Uni Lëtzebuerg, ugebuede gouf.

All d'Artikelen zum Thema "Comics" sinn hei op der Wikipedia an der Kategorie:Comics zesummegefaasst, an et wier natierlech flott, méi zu Auteuren, Personnagen an Albume gewuer ze ginn.

Hei drënner stinn d'Nimm (Pseudonymen) vun den Auteure vun den Artikelen, déi am Kader vun deem Cours geschriwwe ginn, a vun den Artikelen, déi se geschriwwen hunn. Eng extern Lëscht mat den Artikelen, déi am Kader vum Cours realiséiert goufen, ass hei ze fannen.

Fir d'Schreiwe vun den Artikelen:

Méi ënne sinn nëtzlech Linken zu Explikatiounen, wéi d'Wikipedia funktionéiert, Konventiounen zu Formatéierung, Opbau, Stil, asw.

Wann Dir en Artikel nei uleet, schreift an d'Commentairefeld (virum Ofspäicheren), ob Der nach wëlles hutt, virun drun ze schaffen, oder ob Der den Artikel als ofgeschloss ugesitt. Da loossen déi aner Wikipediamataarbechter sou laang d'Fangeren dovun, bis datt der hinne 'gréng Luucht' gitt, ier se eventuell kleng Ännerunge maache ginn. E Wikipediaartikel ass jo e Kollektivprodukt, un deem méi wéi een Auteur dru schafft, fir en sou gutt wéi méiglech ze kréien. Et bleift ëmmer fir jiddereen iwwerpréifbar (uewen am Reider "Versioune weisen") wie wat wéini geschriwwen huet. Der kënnt och allzäit Froe stellen (op der Diskussiounssäit vun Ärem Artikel), Der kritt dann och duer g'äntwert.

Dir dierft natierlech och gär un aneren Artikele matschaffen, wéi deem, iwwer deen der "musst" schreiwen, a sief et nëmmen, fir Iech e bëssen drun ze gewinnen, wéi dat hei funktionéiert. Besonnesch bei Themen, déi am eegenen Artikel verlinkt sinn, ma wouriwwer et nach keen Artikel gëtt, ass et gäer gesinn, wann den Auteur sech deem engen oder aneren géif 'unhuelen'.

E grousse Merci fir Är Mataarbecht hei vun de Mataarbechter vun der Wikipedia op Lëtzebuergesch, a vill Succès gewënscht!

Nuvola apps package wordprocessing.png Auteuren an Artikelen

Nuvola apps kmessedwords.png Nei dobäi ?

Nuvola apps korganizer.png En Artikel änneren

Nuvola apps korganizer.png Regelen & Richtlinnen

Crystal 128 three.png Wikipedia & Communautéit