Dësen Artikel gëtt Iech Informatiounen a Reegele fir Video-Dateien op der lWikipedia duer. Allgemeng Diskussiounen zu Multimedia kënnt Dir op Meta noliesen.

Ofspille vu Video-Dateien

änneren

D'Ofspille vun Ogg-Theora-Fichieren ass bei deene meeschten Linux-Distributiounen souzesoen nativ implementéiert, nom Klick op säi Link leeft e Film direkt un. Bei de Betribssystemenr Microsoft Windows XP a Apple Mac OS X muss e Programm oder e Plugin installéiert gin. Hei ass eng relativ einfach Uleedung wéi dat geet: playogg (op Englesch).

Universell Playeren

änneren

Fir déi meescht Betribssystemer eegnen sech follgend Playeren, déi et einfach erlaaben, Ogg-Theora-Fichieren ze spillen:

Weider Programmer oder Plugins

änneren

Niewt den universelle Playeren gëtt et nach weider Programmer a Plugins, déi och Ogg-Theora-Fichieren kënne spillen:

Linux
Xine, RealPlayer.
Windows
Ogg Codecs for windows Plugin fir verschiedde Player wéi den Windows Media Player.

Eroplueden an abannen vu Video-Dateien

änneren
  1. Film ëmwandelen (am Linux z. B. mat OggConvert)
  2. Film eroplueden (wéi bei de Fotoen, mais mat der Extensioun .ogg, net .ogv!)
  3. Film als Link abannen: z. B.
    [[Media:Bos_taurus_01.ogg|Ranner am Ourdall]] (27" / 5,3 MB)
    (sënnvollerweis mat der Dauer a Sekunden an der Gréisst a MB). Dëst Beispill kann een op der Säit Rëndvéi gesin.
  4. Film als Bild abannen: z. B.
    [[Fichier:Bos_taurus_01.ogg|thumb|left|150px|Ranner am Ourdall (27" / 5,3 MB)]]
    (sënnvollerweis mat der Dauer a Sekunden an der Gréisst a MB).
    Ranner am Ourdall (27" / 5,3 MB)
  5. Filmer als Galerie abannen:
<gallery>
Image:Bos_taurus_01.ogg|Ranner am Ourdall (27" / 5,3 MB)
Image:Wandmillen Koxhausen.ogv|Wandrad am ländleche Raum (Koxhausen, Äifel, Däitschland) 8", 268 kB
</gallery>

Zoulässeg Video-Formater

änneren

Dat üblecht Dateiformat fir Video-Dateien op der Wikipedia ass Ogg Theora. Ogg ass e fräit an oppent Multimedia-Format, wat dohir am beschten dem Geescht vun der Wikipedia entsprécht. Aner Dateitype sinn net erlaabt, well si meeschents eng Lizenz erfuerderen.


Commons: Méi Informatioun zu de Formater op Commons (en) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Programmer fir Filmer ze konvertéieren

änneren

Fir eng Rei vu Betribssystemer steet de Kommandozeile-Programm ffmpeg2theora zur Verfügung. Aner Software ass nëmme fir bestëmmte Plattformen ze kréien:

Linux
OggConvert (konvertéiert aus deene meeschte Formater an Ogg Theora)
Cinelerra, LiVES
Windows
ffmpeg2theora ass e Kommandozeile-Programm, wat verschidde Video-Formater an Ogg-Theora ëmwandele kann.
Graphesch Uewerfläch fir d'Encodéieren no Ogg-Theora inkl. ffmpeg2theora (1,4Mb)