De Junji Itō (jap. 伊藤 潤二, Itō Junji), gebuer den 31. Juli 1963,Borreliosis ass e japanesche Mangaka. D'Majoritéit vu senge Wierker, mat deenen hie bekannt gouf, gehéiert zum japaneschen Horror-Genre. Dozou zielen Tomie, e Manga dee vun engem onstierfleche Meedchen handelt, dat d'Männer, déi an hatt verléift sinn, wéi och Fraen, an de Wansinn dreift, souwéi Uzumaki, e Manga, dee vun der fiktionaler Stad Kurōzu-cho handelt, déi vun engem iwwernatierleche Fluch betraff ass, an d'Awunner doduerch verréckt ginn, a Gyo, eng Geschicht, déi vu Fësch handelt, déi duerch eng Bakteerien mam Numm Doudesgeroch/-gestank kontrolléiert ginn, an déi zu Fouss Koppele verfollegen.

Junji Itō
Gebuer 31. Juli 1963
Aktivitéit Schrëftsteller, Mangaka, Dréibuchauteur

Am Joer 2006 huet hie sech mat der Ishiguro Ayako (石黒亜矢子), enger japanescher Zeechnerin a Grafikerin, bestuet, a si kruten zwee Kanner.

Biographie änneren

Scho vu Klengem u gouf de Junji Itō vu sengen zwou eelere Schwësteren hiren Zeechnungen inspiréiert. Hie gouf och vum Kazuo Umezu (楳図 かずお), engem japaneschen Horror a Manga-Auteur beaflosst.

1987 huet hie fir d'éischt Kéier mat enger Kuerzgeschicht beim Concours vun der Zäitschrëft Gekkan Halloween matgemaach. Dobäi huet hien den Umezu-Präis, fir Horror-Zeechner, gewonnen. Déi Kuerzgeschicht gouf nach am nämmlechte Joer weiderentwéckelt a spéiderhin ënnert dem Numm Tomie publizéiert. De Junji Itō huet spéider och fir aner Zäitschrëfte geschafft, ënner anerem fir den Asahi-Sonorama-Verlag, Nemuki, a weiderhin aner Geschichte fir Gekkan-Halloween geschriwwen. Hien huet och géint Enn vun den 1990er fir d'Mainstream-Zäitschrëft Shōgakukan, déi zu engem vun de bekanntste Manga-Verlager zielt, als Zeechner geschafft. Vun 1998 bis 1999, huet hie fir d'Zäitschrëft Big Comic Spirits geschafft, eng japanesch Manga-Zäitschrëft déi all Mount erauskënnt an u jonk Männer geriicht ass (Seinen). Hien huet an där Zäitschrëft ee vu senge bekanntste Mangae publizéiert, Uzumaki. Dat Wierk gouf an dräi Bänn, op ongeféier 570 Säite publizéiert.

D'Welten, déi de Junji Itō a senge Geschichte kreéiert, si grausam. D'Personnagen a senge Geschichte stellt hien dacks als Affer vu béisen an onnatierlechen Ëmstänn duer. Sujeten, déi méi dacks a senge Mangae virkomme si Body-Horror-Duerstellunge vun grapheschen a gewalttätege Modifikatioune vum mënschleche Kierper, den Ënnergang vun der Gesellschaft, Ënnerwaasser-Organismen, anscheinend alldeeglech Personnagen, déi aus onerklärleche Grënn ufänken, irrational ze handelen, wéi och d'Onvermeidlechkeet vum Doud. Hie kreéiert net nëmme Geschichten, déi hie selwer erfonnt huet, mä adaptéiert och Geschichten als Manga, déi et scho virdru gouf. Ssou huet hien der Mary Shelley hire Roman Frankenstein, e Roman iwwer den Dr. Victor von Frankenstein a seng monstréis Kreatioun, a sengem eegene Stil als Manga adaptéiert.

Seng Wierker hunn net nëmmen a Japan grousse Succès, mä och am Ausland. D'Majoritéit vu senge Wierker ginn a vill Sproochen iwwersat, dorënner Englesch, Italieenesch, Portugisesch a Franséisch.

Zanter 1999 gouf eng Rei vu senge Mangaen a Kuerzgeschichten a Filmer ëmgesat. De meeschte Succès haten dobäi d'Verfilmunge vu senge bekanntste Wierker, nämlech siwe Verfilmunge vun Tomie, déi am Laf vun 1998 bis 2011 verëffentlecht goufen, sou wéi och den Uzumaki Film, deen 2000 publizéiert ginn ass. De 5. Januar 2018 gouf The Junji Itō Collection (jap. 伊藤潤二『コレクション』) verëffentlecht, fir dem Junji Itō seng 30 Joer Karriär ze feieren. Dës Horror-Anime-Serie ass eng Adaptatioun vun verschiddene Mangaen, déi de Junji Itō am Laf vu sengem Liewen erschaf huet.

Obwuel de Junji Itō sollt zesumme mam Filmregisseur Guillermo del Toro un de Videospiller aus der Rei Silent Hill ze schaffen[1], huet hie schlussendlech missen ofsoen. De Grond dofir war, well hie sech net géif mat Videospiller auskennen. Am Joer 2019 huet de Junji Itō du fir d'éischt Kéier, erëm zesumme mam Guillermo del Toro, un engem Videospill geschafft. Dëst Videospill, Death Stranding, handelt vum Sam Porter Bridges, deen, nom Ënnergang vun der Zivilisatioun, duerch eng verwüüst Landschaft sträift, fir d'Gesellschaft nees zesummenzeféieren an d'Mënschheet vum Ausstierwen ze beschützen. Et erkennt ee staark Zesummenhänk tëscht dem Junji Itō senge Mangaen an dësem Spill. Am Spill selwer huet de Junji Itō och ee Cameo-Optrëtt.[2]

2019 huet de Junji Itō, zesumme mat der Akiko Higashimura, enger japanescher Mangaka, en Eisner Award gewonnen, déi wichtegst amerikanesch Auszeechnung fir Comic-Kreateuren. Dëse Präis huet hie sech mat senger Manga-Adaptatioun vu Frankenstein verdéngt.

Aflëss änneren

Nieft dem Kazuo Umezu huet de Junji Itō och aner bekannt Auteure wéi den H.P. Lovecraft, de Kreateur vum bekannte Cthulhu-Mythos, de Yasutaka Tsutsui an den Hideshi Hino, e weidere japaneschen Horror-Mangaka, zu sengen Aflëss gezielt. Anescht wéi an de konventionellen Horrorgeschichte versicht de Junji Itō einfach Iddien a faszinéierend, fierchterlech, philosophesch Geschichten ëmzewandelen. Amplaz Wäert op déi typesch Horrorklischeeën ze leeën, wéi Monsteren a Mord, versicht hien de Lieser derzou ze bréngen, iwwer existenziell a metaphysesch Froen, zum dacksten iwwer d'Limitte vum Mënschsinn, nozedenken.  De Masanao Amano, Auteur vun Manga-Design, e Buch dat de Sujet Manga als Stil a Konschtform behandelt, sou wéi och iwwer déi veschidden Auteuren, dorënner och de Junji Itō, erkläert datt seng Wierker „wonnerschéin gezeechent[3]“  wieren. Och d'Atmosphär, déi hien a senge Mangae kreéiert beschreift de Masanao Amano als „albdramaarteg onerdréiglech“. Dem Junji Itō säi Stil gëtt als „säi ganz eegene Stil[3]“ beschriwwen, sou wéi och, datt „matzen a sengem Horror [...] iergendwou och Komik erkennbar [wier].[3]

Wierker änneren

Manga änneren

  • The Junji Itō Horror Comic Collection (Sammlung vu Geschichten, déi an der Halloween-Zäitschrëft verëffentlecht, an vum ComicsOne Verlag publizéiert goufen):
    • Band 1 and 2: Tomie (富江) (De Manga Tomie: Again ass heibäi net inklusiv)
    • Band 3: Flesh-Colored Horror (肉色の怪 Nikuiro no Kai)
    • Band 4: The Face Burglar (顔泥棒)
    • Band 5: Souichi's Diary of Delights (双一の楽しい日記 Souichi no Tanoshi i Nikki)
    • Band 6: Souichi's Diary of Curses (双一の呪い日記)
    • Band 7: Slug Girl (なめくじの少女)
    • Band 8: Blood-bubble Bushes (血玉樹)
    • Band 9: Hallucinations (首幻想)
    • Band 10: House of the Marionettes (あやつりの屋敷)
    • Band 11: The Town Without Streets (道のない街)
    • Band 12: The Bully (いじめっ娘)
    • Band 13: The Circus is Here (サーカスが来た)
    • Band 14: The Story of the Mysterious Tunnel (トンネルの奇譚)
    • Band 15: Lovesick Dead (死びとの恋わずらい)
    • Band 16: Frankenstein (フランケンシュタイン)
  • Museum of Terror (恐怖博物館 Kyōfu Hakubutsukan) (Usammlung vu Geschichten, déi an der Halloween-Zäitschrëft a chronologescher Reiefolge verëffentlecht goufen):
    • Band 1 and 2: Tomie' (富江) (De Manga Tomie: Again ass heibäi a Band 2 inklusiv)
    • Band 3: The Long Hair in the Attic (屋根裏の長い髪 Yaneura no nagai kami)
    • Band 4: Kakashi (案山子)
    • Band 5: Rojiura'(路地裏)
    • Band 6: Sōichi no katte na noroi(双一の勝手な呪い)
    • Band 7: Umeku haisuikan(うめく配水管)
    • Band 8: Shirosunamura chitan (白砂村血譚)
    • Band 9: Oshikiri idan' (押切異談&フランケンシュタイン)
    • Band 10: ShibItō no Koi Wazurai (死びとの恋わずらい)
  • Uzumaki (うずまき)
  • Gyo (ギョ)
    • The Sad Tale of the Principal Post (大黒柱悲話)
    • The Enigma of Amigara Fault (阿弥殻断層の怪 Amigara Dansō no Kai)
  • Junji Itō's Cat Diary: Yon & Mu (猫日記 よん&むー Neko Nikki Yon to Mū)
  • Black Paradox (ブラックパラドクス Burakku Paradokusu)
  • Hellstar Remina (地獄星レミナ)
  • Voices in the Dark (闇の声 Yami no Koe)
  • New Voices in the Dark (新・闇の声 潰談 Shin Yami no Koe Kaidan)
  • Mimi's Ghost Stories (ミミの怪談 Mimi no Kaidan)
  • Rasputin the Patriot (憂国のラスプーチン Yuukoku no Rasputin)
  • Dissolving Classroom (溶解教室 Yōkai Kyoushitsu)
  • Fragments of Horror
  • Shiver
  • Frankenstein
  • Smashed (An dëser Kollektioun sinn d'Manga Yami no Koe and Shin Yami no Koe Kaidan inklusiv)

Adaptatiounen änneren

De Manga Tomie gouf an eng Serie vu Filmer adaptéiert, déi zanter Ufank 1999 verëffentlecht goufen.

  • The Fearsome Melody – (戦慄の旋律 Senritsu no Senritsu), 1992
  • Tomie – (富江 Tomie), 1998
  • Tomie: Another Face – (富江:アナザフェイス Tomie: Anaza Feisu), 1999
  • Tomie: Replay – (富江:re-play Tomie: re-play), 2000
  • Uzumaki – (うずまき Uzumaki), 2000
  • Gravemarker Town – (墓標の町 Bohyou no Machi), 2000
  • The Face Burglar- (顔泥棒 Kao Dorobou), 2000
  • The Hanging Balloons – (首吊り気球 Kubitsuri no Kikyuu), 2000
  • Long Dream – (長い夢 Nagai Yume), 2000
  • Oshikiri – (押切 Oshikiri), 2000
  • Kakashi – (案山子 Kakashi), 2001
  • Lovesick Dead (also known as Love Ghost) – (死びとの恋わずらい Shibito no Koiwazurai), 2001
  • Tomie: Re-birth – (富江:Rebirth Tomie: Rebirth), 2001
  • Tomie: The Final Chapter – Forbidden Fruit – (富江 最終章 ?禁断の果実 Tomie: Saishuu-sh? – Kindan no Kajitsu), 2002
  • Marronnier – (マロニエ Marronnier), 2002
  • The Groaning Drain – (うめく排水管), 2004
  • Tomie: Beginning, 2005
  • Tomie: Revenge, 2005
  • Tomie vs Tomie, 2007
  • Tomie Unlimited, 2011
  • Gyo: Tokyo Fish Attack, 2012
  • Junji Ito Collection, 2018
  • Uzumaki, 2020

Um Spaweck änneren

Commons: Junji Itō – Biller, Videoen oder Audiodateien
  1. https://www.japantimes.co.jp/culture/2016/01/30/books/black-illumination-unhuman-world-junji-ito#.XgIZokf7RPY
  2. https://web.archive.org/web/20160310120928/http://www.78magazine.com/issues/03-01/arts/junji.shtml
  3. https://www.animenewsnetwork.com/encyclopedia/people.php?id=6600
  4. https://www.imdb.com/name/nm0411702/
  5. https://www.samehat.com/2009/01/fantastic-interview-with-junji-ito.html
  6. https://www.revolvy.com/page/Junji-Ito
  7. https://www.newsarama.com/45648-junji-ito.html
  8. https://www.cbr.com/junji-ito-manga-guide/
  9. https://www.goodreads.com/author/show/8483.Junji_Ito
  10. https://www.listal.com/junji-ito/

Referenzen änneren

  1. Silent Hills had another awesome creative talent: horror manga master Junji Ito. Polygon (2015-09-27). Gekuckt de(n) 2019-12-24.
  2. Junji Ito Spotted in Clever Death Stranding Cameo. Anime. Gekuckt de(n) 2019-12-24.
  3. 3,0 3,1 3,2 Masanao Amano: Manga Design. S. 84-87.