Ministère vun den ongeléiste Problemer

Dëse Comicsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Ministère vun den ongeléiste Problemer[1] ass e fiktive Ministère an der Superjhempserie vum Roger Leiner a Lucien Czuga. Et ass d'Aarbechtsplaz vum Protagonist Charel Kuddel alias Superjhemp.

"Firmeschëld" vum Ministär.

De Ministère ass follgendermoossen opgebaut[2]:

  • um 4. Stack: de Cabinet vum Minister an niewendrun de Büro vu senger Sekretärin, der Joffer Anne S. Thésy;
  • um 3. Stack: d'Büroe vun den Häre K. Loor-Rosen, A. Krecher a Charel Kuddel;
  • um 2. Stack: d'Büroe vum Conseilljee de Gouvernement éischten an der Rei, Vize-Conseilljee de Gouvernement (mat Sekretärin), Attaché de Gouvernement an de Büro vun der Joffer Léonie Lamesch;
  • um 1. Stack : d'Büroe vum 1. an 2. Huissier an de Büro fir australesch Ugeleeënheeten;
  • um Rez-de-chaussée: de Portier an de Raum mat der Fotokopiesmaschinn, dem Telex, Fax an dem alternative Fax.

Kuckt och änneren

Referenzen an Notten änneren

  1. Ministère vun den ongeléiste Problemer steet et op dem Charel Kuddel senger Visitëkaart (Superjhemp 9, Planche 41), mä och alt Ministére fir ongeléiste Problemer (Superjhemp 2, Planche 44) oder Ministär fir ongeléiste Problemer (Superjhemp 19, Planche 2)
  2. Superjhemp 12, Planche 2