Déck Mënz fir de Prënz

Comic aus der Superjhempserie
Dësen Artikel entsprécht net de Wikipediakrittäre fir en enzyklopedeschen Artikel. Dat kann dru leien datt Schreif- oder Tippfeeler dran ze fanne sinn, oder en nach net nom Stil vun engem Wikipediaartikel formatéiert gouf. Et kann och sinn, datt den Inhalt net an eng Enzyklopedie gehéiert, sou wéi en am Moment do steet. Fir ze verhënneren datt dësen Artikel eventuell geläscht gëtt, muss en onbedéngt iwwerschafft ginn.
Grond: a) kuckt de verstoppten Text fir weider Erklärungen. b) De Resümmee vun der Handlung ass net iwwerall kloer.


Déck Mënz fir de Prënz ass den 20. Album aus der Superjhemp-Serie, déi vum Lucien Czuga geschriwwen a vum Roger Leiner gezeechent gouf[1]. De Comic ass am Joer 2006 erauskomm, a wéi an all Superjhemp-Serie, ginn och erëm an dësem Album aktuell Ereegnesser opgeschafft[2].

Déck Mënz fir de Prënz
Land Lëtzebuerg
Sprooch Lëtzebuergesch
Erauskomm 2006
Auteur Lucien Czuga
Zeechnungen Roger Leiner
Serie Superjhemp
Band virdrun Countdown fir Kachkéisien!
Band duerno De Superjhemp an déi grouss Gefor

Ëm wat geet et? änneren

D'Handlung fänkt am Bambibësch zu Luxusbuerg un. De K. Loor-Rosen ass mam A. Krécher op der Juegd an huet de bloen Hirsch getraff. An der Tëschenzäit schéisst de Krécher op alles, wat flitt. Esou kënnt et, datt hien och de Superjhemp ënner Beschoss hëlt. Deen erwächt am Spidol um Krichbierg a fënnt eraus, datt hie just e puer Schréipsen a Bëlzen huet.

Wärenddeem kritt dem Klengherzog Luc seng Frëndin Chin-Chin an der Maternité niewendrun hiert éischt Kand. Och de Souverain selwer ass bei der Gebuert dobäi. D'Kand soll Jhempi heeschen. A fir dat wichtegt Evenement ze feiere ginn eng Rei Kanouneschëss ofgeschoss.

Den Dag drop gëtt de Superjhemp aus dem Spidol entlooss. Zur nämmlechter Zäit, mee op enger anerer Plaz, erziele Ministeren am Regierungsrot iwwert hir Reesen, wärend si op hire Chef waarden. Virun der Dier héieren d'Huissieren e puermol en haarde “POP”. Si ginn dem Geräisch no a gesinn, datt Ministere sech a Mini-Bëbeeë verwandelt hunn. E bësse méi spéit leie Bëbee-Ministeren am Spidol. De Prënz bemierkt iwwerdeems, datt säi klenge Jhempi geklaut gouf.

Um Policebüro iwwerleeën de Superjhemp, de Kommissär Harespel an de Schrobiltgen, wéi se de ganze Misär erëm an d'Rei bréngen. Wärenddeem melle sech d'Entféierer mat engem Drobréif a froen e Léisegeld vu 74.312.028 Öro. De Superjhemp an de Schrobiltgen maache sech op d'Sich no dem ominéise Courrier, deen den Drobréif geliwwert huet. Si erwëschen de Facteur, deen se schonn aus engem Album virdru kennen; deemools war de Facteur onschëlleg. No enger kuerzer Befroung mierke si, datt hien och dës Kéier näischt mam Fall ze dinn huet.

Op eemol fiert e Cyclist op engem Vëlo fort an d'Verfollgungsjuegd geet weider, laanscht de “TAJ Mittal”, iwwert „Afebréck”, wou de Cyclist d'Bréck duerchschneit. De Superjhemp rett de Schrobiltgen an de Cyclist entkënnt. No enger kuerzer Zäit um Boulevard “Rosewëll” geet dem Superjhemp eng Luucht op. De Bréifdréier muss awer eppes mat der Entféierung ze dinn hunn, well wie mécht seng Tournée owes. Elo gëtt et also zwéi Kidnapper, déi gär genee déi selwecht Zomm hätten.

Beim Charel Kuddel doheem, entdeckt hien(wien?) e komescht Véidéier. Dat Déier mam Numm Brulli huet de Bopa Jhéiss aus Tralien matbruecht. Hie schéisst bei enger Bedreeung pëllenaarteg Projektillen aus. Wéi keen opgepasst huet, huet sech de Metti esou eng Pëll an de Mond gestach. Den nächste Moien ass aus dem klenge Metti en erwuessenen, flotte Borscht ginn. Hie gëtt zou, dat hien eng vun deene Pëlle geschléckt huet, an domat ass de mysteriéise Pouvoir vun de Pëllen opgedeckt. Dem Superjhemp schéngt et, wéi wann dat och Léisung fir de Mini-Ministère wär.

Hie(wien?) mécht sech op de Wee béi den Avant-Premier, wou de Minister Bintje probéiert, seng Kolleegen all ze ersetzen, fir d'Pëllen ze bréngen. Duerch een Zoufall flitt hie laanscht en Öro-Milliouns-Schëld, op deem steet, datt den Jackpot vu 74.312.028 Öro geknackt gouf an op Luxusbuerg geet.

De Superjhemp verfollegt eng Spuer, déi hie bei Famill Sprang-Bour féiert. Wéi hien do schellt, flücht direkt eng ominéis Gestalt. De Superjhemp hëlt d'Verfollgung op a lant am Tunnel bei Kapplësch, deen nach ënner “Route Barrée“ steet. Hie kritt de Verbriecher dann och ze fänken, dee keen aneren ass, wéi den Hexemeeschter aus dem Album Nr. 4.

An der Tëschenzäit ware sech de Kommissär Harespel an den Inspekter Schrobiltgen de Bréifdréier kropen. Op der Plaz stellt sech eraus, datt den Hexemeeschter de Papp vum Facteur ass. Deen huet e Lous fir den ÖroMillion kaaft an huet prompt gewonnen. Wëll hien d'Lous awer verluer huet, hu si de Prënz entféiert, an hunn als Léisegeld déi selwecht Zomm wéi de Gewënn gefuerdert. D'Kand gouf hinnen awer dunn nees geklaut. Nodeem de Superjhemp erzielt, datt de Verbriecher mat engem bloe Vëlo entkomm ass, erënnert sech de Facteur, datt d'Gemeng Äsch gratis blo Vëloen zur Verfügung stellt.

Kuerz drop zu Äsch besicht de Superjhemp d'Buergermeeschtesch Madamm Glidia Butsch. Déi flücht doropshi mat dem bloe Vëlo a mam klénge Prënz op d'Äsch-Plage. Doduerch, datt de Superjhemp eng Kokosnoss mat engem Steen trëfft, déi op dem Kapp vun der Buergermeeschtesch lant, fält si vum Vëlo an de klénge Prënz an d'Waasser. De Superjhemp kroopt sech de Prënz a stellt d'Buergermeeschtesch zurieds. Si gëtt doropshin zou, datt d'Stad Äsch Scholden huet, déi genee de selwechte Montant hu wéi d'Léisegeld. D'Glidia Butsch gëtt vun der Police fortbruecht an de Superjhemp bréngt de klenge Jhempi nees béi seng Famill.

Nodeems de Fall ofgeschloss ass, ginn de Superjhemp an de Schrobiltgen bei de beschten Italieener an der Stad iessen.


Zeechestil änneren

Dëse Comic ass an enger karikaturistescher Form gemoolt, woubäi den Detail op Persoune geriicht ass. Opfälleg ass, datt eng Rei Lëtzebuerger Perséinlechkeeten an all Superjhemp-Albumen erëmzefannen ass[3].

Beim Superjhemp kënnt nach dobäi, datt d'Auteure sech an dem Album selwer an Zeen setzen. Si diskutéiere meeschtens iwwer d'Aarbecht vum entspriechende Superjhemp Band. An dësem Album setze sech d'Auteure mat der Unzuel u Salutschëss béi enger groussherzoglecher Gebuert auserneen.

D'Panels sinn einfach gehalen a soubal déi typesch Comic-Panel-Struktur opgebrach gëtt an et e bësse „chaotesch“ gëtt, weist e Feil als Hëllef ob déi richteg Liesweis. Den Album schafft och mat speziell Aarte vu Panels, wéi zum Beispill dem Splash Panel. Splash Panels si massiv Panels, déi de gréissten Deel vun der Säit anhuelen. Den Zweck vun deene Panels ass et, eng Zeen besonnesch ze betounen[4]. An dësem Album ass d'Zeen vum Gebai Taj Mittal esou e Splash Panel.

D'Spriechblosen an d'Schrëft variéiere jee no Lautstäerkt oder emotionalem Zoustand vun der jeeweileger Persoun.

Kuckt och änneren

Referenzen an Notten änneren

  1. http://cube.helm.lu/myweb/sj.htm Zougrëff: 18. Dezember 2019
  2. http://comicgate.de/hintergrund/de-superjhemp-grosses-comic-phaenomen-in-einem-kleinen-land/ Zougrëff: 19. Dezember 2019
  3. http://www.land.lu/page/article/295/1295/DEU/index.html Zougrëff: 22. Dezember 2019
  4. https://tvtropes.org/pmwiki/pmwiki.php/Main/SplashPanel Zougrëff: 22. Dezember 2019