Wikipedia:Artikel/Neien Artikel schreiwen

Dës Säit erkläert Iech, wéi Der en neien Artikel kënnt opmaachen.

Déi verschidde Methoden

änneren

Dir sidd amgaangen en Artikel ze liesen

änneren

Wann Dir en Artikel liest, gesitt Dir rout a blo Wierder am Text stoen. Déi blo Wierder sinn déi fir déi et een Artikel op der Wikipedia gëtt. Déi Rout soen iech datt et deen Artikel nach net gëtt.

  1. Roude Link klicken → Säit uleeën: Wann Dir elo wëllt een Artikel maachen iwwer e Begrëff deen a Rout do steet, braucht dir nëmmen op de roude Link ze klicken. Da geet eng nei Fënster op.
  2. Kontrolléieren: An där Fënster kënnt Dir elo Ären Text aginn. Wann dir domat fäerdeg sidd, klickt ënnen op de Knäppchen " Kucken ouni ofzespäicheren ". Da kritt Dir ären Text gewisen, wéi en op der Wikipedia ze liese wier (mä opgepasst, en ass net ofgespäichert). Méi déif op der Säit bleift Är Editiounsfënster nach op. Nom Iwwerliesen kënnt Dir nach dra verbessere goen.
  3. Säit späicheren: Wann dat gemaach ass, klickt op de Knäppche " Säit späicheren ", an den Artikel gëtt definitiv gespäichert.

Wann Dir dann duerno nach eppes wëllt am Artikel änneren klickt uewen op der Säit op de Reider Änneren, an d'Editiounsfënster geet erëm op.

Dir liest e Wuert an engem Artikel

änneren

Wann Dir e Wuert an engem Artikel fannt dat net verlinkt ass an Dir wëllt en Artikel doriwwer schreiwen, kënnt Dir dat Wuert verlinken.

  1. Säit editéieren: dofir musst dir op de Reider " Änneren " uewen op der Säit klicken.
  2. Wuert verlinken: d'Editiounsfënster geet mat der Iwwerschrëft " Ännere vun [Titel vum Artikel] " op. Sicht am Textfeld nom Wuert dat Dir verlinke wëllt a setzt et tëscht eckeg Klameren [[Wuert]].
  3. Säit späicheren: klickt op " Säit späicheren ". Wann et nach keen Artikel iwwer dee Begrëff gëtt, dann entsteet e roude Link sou wéi: Wuert.
  4. Roude Link klicken → Säit uleeën: Dir braucht dann nach just op dee roude Link ze klicken, an da weider ze fueren wéi am éischte Kapitel hei uewendriwwer beschriwwen ass.

Dir wëllt den Numm vum Artikel selwer bestëmmen

änneren
  1. Begrëff sichen: Fir den Numm selwer ze bestëmmen, schreift en an d'Fënsterchen " Sichen " déi Dir hei niewendrun am lénkse Bord vun der Säit gesitt. Klickt duerno op de Knäppchen: " Säit ". Da geet eng nei Fënster op, déi " Resultat vun der Sich " heescht. Do fannt Dir eng Zeil an där steet: Dir kënnt déi Säit uleeën.
  2. Roude Link klicken: klickt op dee roude Link déi Säit uleeën fir eng nei Fënster opzemaachen, an där Dir Ären Text kënnt aginn. Duerno geet et weider wéi schonn am éischten Deel hei beschriwwe gouf.

Den Titel vum Artikel

änneren

Den Titel vum Artikel besteet normalerweis einfach aus dem Numm vun der Saach déi dir beschreiwe wëllt.

Bei Artikelnimm vu Persoune steet de Virnumm vir (dofir heescht e jo och sou), an de Familljennumm hannendrun. Wann et zwou oder méi Persoune ginn déi deeselwechten Numm hunn, ginn déi ënnerscheet duerch en Zousaz deen a Klamere geschriwwe gëtt. Beispill Claude Meisch (Biolog), well et méi Persoune mat dem Numm Claude Meisch gëtt.

Dat kann och de Fall si bei anere Begrëffer. Beispill: et gëtt dräi Uertschaften déi Ierpeldeng heeschen: Ierpeldeng bei Ettelbréck, Ierpeldeng bei Réimech an Ierpeldeng bei Wolz. Wann Dir an d'Sichfënsterchen Ierpeldeng agitt kommt Dir op dës Säit: Ierpeldeng. Op där Säit gëtt Iech dann erkläert, wéivill Uertschaften et mat deem Numm gëtt.

Wann Dir en Artikel wëllt schreiwen an Dir mierkt, nodeems Dir e mat Hëllef vun der Sichfënsterche fonnt hutt, datt et deen Artikel schonn ënner deem Numm gëtt, iwwerzeegt Iech dovun, datt et ëm dat selwecht Thema geet wéi dat, wat Dir wollt schreiwen. Wann dat net de Fall ass, schreift den Numm nach eng Kéier an d'Sichfënsterchen, mat engem Zousaz tëscht Klameren, an da fuert Der weider wéi am drëtten Abschnitt hei uewendriwwer beschriwwen.

Remarque: Wann Dir net sécher sidd, wéi Dir Ären Artikel sollt nennen, frot op der Diskussiounssäit vun engem Administrateur no, oder op der Säit Wikipedia:Ech hunn eng Fro.