Captain Tsubasa

Mangaserie
Dësen Artikel entsprécht net de Wikipediakrittäre fir en enzyklopedeschen Artikel. Dat kann dru leien datt Schreif- oder Tippfeeler dran ze fanne sinn, oder en nach net nom Stil vun engem Wikipediaartikel formatéiert gouf. Et kann och sinn, datt den Inhalt net an eng Enzyklopedie gehéiert, sou wéi en am Moment do steet. Fir ze verhënneren datt dësen Artikel eventuell geläscht gëtt, muss en onbedéngt iwwerschafft ginn.


Captain Tsubasa ass eng Mangaserie vum Auteur an Zeechner Yoichi Takahashi, déi vun 1981 bis 1988 an der Weekly Shonen Jump verëffentlecht gouf. An der Geschicht geet et ëm de jonke Foussballspiller Tsubasa Ohzora a säin Dram, de beschte Foussballspiller op der Welt ze ginn, a mat der japanescher Foussballnationalekipp d'Foussballweltmeeschterschaft z'erreechen.

Captain Tsubasa
Land Japan
Sprooch Japanesch
Erauskomm 1981 - 1988
Auteur Yōichi Takahashi
Zeechnungen Yōichi Takahashi

D'Orginalserie weist dem Tsubasa säi Parcours, vu sengen éischte Matcher als Primärschüler an der Schoulekipp bis zu sengem éischten internationalen Turnéier a Frankräich kuerz ier hie säi Lycée packt an dann a Brasilien geet. De Manga ass a ville Serië wéidergaangen, déi och als Anime verfilmt goufen, dorënner och vill Fernseeserien, OVAen a Kinosfilmer. Wéi déi éischt Serie ënner dem Titel Die tollen Fußballstars an Däitschland bekannt gouf, gouf dunn, wéinst der WM 2006 de Manga Captain Tsubasa – Road to 2002 ënner dem Titel Super Kickers 2006 – Captain Tsubasa verfilmt.[1],[2],[3],[4],[5],[6],[7]

Handlung änneren

  Dëst Kapitel muss iwwerschafft ginn. Dat kann dru leien, datt Schreif- oder Tippfeeler dran ze fanne sinn, datt den Opbau net der Wikiformatéierung entsprécht oder datt den Inhalt net ganz korrekt ass oder net explizit genuch ass, sou wéi en den Ament do steet.
Zousätzleche Grond: Schlecht Chronologie

Am Ufank vun der Serie plënnert den 11-järegen Tsubasa Ohzora mat senger Famill op Nankatsu an der Prefektur Shizuoka, wou hie beim FC Nankatsu, senger Schoulekipp, ufänkt. Mat där Ekipp gewënnt hien d'Landesmeeschterschaft vun de Primärschoulen.

De Ryo Ishizaki, de Genzo Wakabayashi an den Taro Misaki sinn nieft dem Tsubasa déi wichtegst Spiller vum FC Nankatsu. Nom Gewënn vun der Meeschterschaft ass de Genzo Wakabayashi an Däitschland geplënnert fir do beim FC Grünwald ze spillen. Den Taro Misaki goung a Frankräich. De Roberto Hongo, ee fréiere brasilanesche Foussballspiller, deen den Tsubasa beim FC Nankatsu trainéiert hat, goung hannescht a Brasilien.

Bei der Landesmeeschterschaft vun de Lycéeë sti sech den FC Nankatsu an d'Toho-Schoul, d'Ekipp vum Tsubasa sengem Äerzrival Kojiro Hyuga, dräimol an der Finall géintiwwer. An den éischten zwee Joer gewënnt den FC Nankatsu d'Finall, am drëtte Joer gëtt et e 4:4 Gläichspill. Den Tsubasa a säin Äerzrival Hyuga schéissen all d'Goler, sou datt den Titel un déi béid Ekippe geet.

No der Landesmeeschterschaft ginn nieft dem Tsubasa an dem Hyuga och den Hikaru Matsuyama an den Hiroshi Jito an d'japanesch U-16 Nationalekipp geruff, fir bei der Foussballweltmeeschterschaft vun de Junioren a Frankräich unzetrieden. Japan kënnt an d'Finall a gewënnt géint Däitschland mat 3:2. Nom Turnéier wiesselt den Tsubasa a Brasilien wou hie fir den FC Brancos spillt, den Hyuga geet an Italien a spillt fir den FC Piemont.

Dräi Joer méi spéit spillt Japan bei der U-19 Asienmeeschterschaft a gewënnt an der Finall 2:0 géint Südkorea. Bei der U-20 WM gewënnt Japan d'Finall géint Brasilie mat engem Hattrick vum Tsubasa mat 3:2. No der WM bestit den Tsubasa seng Jugendfrëndin Sanae Nakazawa a wiesselt a Spuenien.

  D'Schreifweis vun dësem Artikel oder vun dësem Deel vum Artikel entsprécht net de Wikipedia-Krittäre fir en enzyklopedeschen Artikel a muss onbedéngt verbessert ginn. Den Auteur gëtt frëndlech gebieden, sech d'Säiten Eis Schreifweis unzekucken, an hei z'applizéieren.


Personnagen änneren

Tsubasa Ohzora änneren

Den Tubasa (大空 翼, Ōzora Tsubasa) ass de Protagonist vun der Serie. Säi groussen Dram ass et  Foussballweltmeeschter ze ginn. Fir d'éischt spillt hien an der Ekipp vun Nankatsu, ier hien a Brasilien bei den FC Brancos wiesselt a spéider a Spuenien bei den FC Barcelona. Seng besonnesch Technik ass den Top-Spin an de Fallrückzieher.

Genzo Wakabayashi änneren

De Genzo (若林 源三, Wakabayashi Genzō) ass Golkipp an der Shutetsu-Schoul, duerno spillt hie fir den FC Nankatsu. Spéider wiesselt hien an Däitschland. Dobäi ass de Genzo Stammgolkipp an der japanescher Nationalekipp. Hien huet ëmmer eng Kap mat der Opschrëft W. Genzo un.

Kojiro Hyuga änneren

Den Hyuga (日向 小次郎, Hyūga Kojirō) ass e gudde Stiermer, hie spillt am Ufank fir d'Meiwa-, speider fir d'Toho-Schoul. Fir d'éischt gesäit hien den Tsubasa als Feind un, am Laf vun der Serie ginn déi zwéin awer Kolleegen. Den Hyuga kënnt aus engem aarme Milieu, nieft dem Foussballspille muss hien och schaffe goen, fir senger Mamm a sengen dräi Gesëschter ze hëllefen. Seng Spezialtechnik ass den Tigerschoss. Spéider spillt den Hyuga an Italie fir d'Juventus Turin.

Taro Misaki änneren

Den Taro (岬 太郎, Misaki Tarō) ass de beschte Kolleeg vum Tsubasa. Zesumme sinn déi zwéin de Gëllenen Duo vun Nankatsu. Seng Stäerkt si gutt Passen a placéiert Schëss. Hie kann och gutt dribbelen a gutt Fräistéiss schéissen. Am Laf vun der Serie wiesselt hien an d'franséisch Liga.

Roberto Hongo änneren

De Roberto ass e fréiere brasilianesche Foussballspiller dee japanesch Originnen huet. Wéinst enger Netzhaut déi sech bei engem Duell geléist huet, huet e seng Profiskarriär missen ofbriechen. Hie gëtt Trainer beim FC Nankatsu a bréngt dem Tsubasa seng Techniken, wéi den Top-Spin bäi. A Brasilie mécht hien eng Foussballschoul op, ier hien Trainer vun der brasilianescher Nationalekipp gëtt.

Ryo Ishizaki änneren

De Ryo (石崎 了, Ishizaki Ryō) spillt och wéi den Tsubasa fir den FC Nankatsu an ass och Kapitän vun der Ekipp. An der Nationalekipp spillt hie Back, seng Stäerkte sinn den Zweekampf, d'Ausdauer an d'Kampfkraaft.

Hikaru Matsuyama änneren

Den Hikaru (松山 光, Matsuyama Hikaru) spillt fir den FC Furano. Hien ass an der japanescher Ekipp de Chef an der Ofwier. Seng Spezialtechnik ass den Adlerschoss.

Ken Wakashimazu änneren

Wakashimazu (若島津 健}, Wakashimazu Ken) trainéiert am Ufang Karate am Dojo vun sengem Papp. Duerno entscheet hie sech, obwuel säi Papp dergéint war, Foussball ze spillen.

An der U-16 war hie Stammgolkipp, an der éischter Nationalekipp ass hien hanner dem Genzo Wakabayashi d'Nummer Zwee.

Shingo Aoi änneren

De Shingo (葵 新伍, Aoi Shingo) ass e jonke Spiller. Hien daucht an der J-Saga fir d'éischt op. Hie spillt an der zweeter italieenescher Liga.

Hiroshi Jito änneren

De Jito (次藤 洋, Jitō Hiroshi) ass de gréisste Spiller am japanesche Kader. Seng Stäerkt ass d'Defensivaarbecht.

Takeshi Sawanda änneren

Takeshi (沢田 タケシ, Sawada Takeshi) wiesselt och wei Kojiro Hyuga vun der Meiwa an d'Toho-Schoul. Zesumme bilden déi zwéin de Gëllen Duo Tohos. Spéider gëtt den Takeshi de Kapitän vun der japanescher U-20 Ekipp.

Sanae Nakazawa änneren

D'Sanae (中沢 早苗, Nakazawa Sanae) ass dem Tsubasa seng Frëndin, a spéider Fra.

Jun Misugi änneren

De Jun (三杉 淳, Misugi Jun) huet vun allen am meeschten Talent. Wéinst enger Häerzkrankheet kann hien net voll a ganz Foussball spillen. An der japanescher U-16 ass hie Co-Trainer. Seng Stäerkte si gutt Spilliwwersiicht an Taktik.

Entstoen änneren

Wéi d'Serie a Japan uganks der 1980er Joren ufängt, war Foussball net sou bekannt a populär. Den Auteur Yoichi Takahashi huet sech virgeholl, nodeem hien d'WM 1978 an Argentinie gesinn hat, de Sport och a Japan méi beleift ze maachen. Sou huet hien ugefaangen de Captain Tsubasa ze schafen.

  Dëst Kapitel muss iwwerschafft ginn. Dat kann dru leien, datt Schreif- oder Tippfeeler dran ze fanne sinn, datt den Opbau net der Wikiformatéierung entsprécht oder datt den Inhalt net ganz korrekt ass oder net explizit genuch ass, sou wéi en den Ament do steet.

A Japan ass dei éischt Captain Tsubasa Serie vun 1981 bis 1988 am Weekly Shonen Jump vum Verlag Shueisha erauskomm. De Sammelband hat 37 Bänn. D'Serie gouf vum Auteur siwe Joer nom Enn vun der Orginalserie mat enger Fortsetzung mam Titel Captain Tsubasa- World Youth Hen erweidert. D'Fortsetzung gouf och an der Weekly Shonen Jump publizéiert. Nom Captain Tsubasa- World Youth Hen, kënnt 2001 d'Fortsetzung Captain Tsubasa- Road to 2002 an der Young Jump, wou dem Tsubasa säi Wee no Europa a säin Ophuelen an d'éischt Nationalekipp fir d'WM 2002 a Japan an Südkorea erzielt gëtt. Nodeem 2004 Serie eriwwer war, gouf vun 2005 bis 2008 Captain Tsubasa - Golden 23 weidergefouert. D'Serie déi och an de Young Jump erauskënnt weist säi Wee an d'Nationalselectioun fir d'Olympesch Sommerspiller 2004 zu Athen. Golden 23 huet et op 12 Bänn bruecht, 2009 koum eng kuerz Fortsetzung Captain Tsubasa: Kaigai Gekito Hen in Calcio, déi an zwéi Bänn erauskoum.

2010-2012 koum Captain Tsubasa: Kaigai Gekito Hen En La Liga eraus, deen aus sechs Bänn besteht. Vum Dezember 2013 un, kënnt Captain Tsubasa - Rising Sun am Magazin Grand Jump eraus.

An Daitschland goufe 37 Bänn vun der éischter Serie vum Carlsen Comics verëffentlecht. De Manga ass op Franséisch, Italieenesch a Spuenesch iwwersat ginn.

Adaptatioun änneren

Fernseeserien änneren

De Manga gouf als Anime-Fernseeserie vun Toei Animation produzéiert. Vun 1983 bis 1986 gouf d'Serie mat 128 Follgen op der japanescher Televisiounschaîne TV Tokyo gewisen. An Däitschland ass d'Serie ënner dem Titel Die tollen Fußballstars bekannt ginn.

Wéi déi zweet Serie World Youth erauskoum, hunn Nippon Animation a Studio Comet nach eng Animetelevisiounsserie Captain Tsubasa J produzéiert. D'Serie mat 47 Follge gouf vun 1993 bis 1995 um japanesche Sender Fuji TV gewisen.

Den drëtten Deel vum Manga, Captain Tsubasa – Road to 2002, gouf vum Group TAC a Studio Madhouse verfilmt an op der Chaîne TV Tokyo fir d'Foussballweltmeeschterschaft 2002 a Japan an a Südkorea gewisen. Den Anime mat 52 Serien ass an Däitschland mam Numm Super Kickers 2006 – Captain Tsubasa bekannt ginn. Op TV Tokyo, TV Aichi an anere Chaînë leeft zanter dem 3. Abrëll 2018 eng Neioplag vun der Serie. D'Serie handelt ëm d'japanesch Ekipp wärend der Qualifikatioun fir WM 2018 a Russland. Et goufen Optrëtter vum Cristiano Ronaldo, Lionel Messi a Manuel Neuer annoncéiert.

Film änneren

D'Regie fir d'Filmer gouf ëmmer vum Isamu Imakake gefouert.

  • Captain Tsubasa: Europe Daikessen (キャプテン翼ヨーロッパ大決戦), 1985
  • Captain Tsubasa: Ayaushi ! Zen Nippon Jr. (キャプテン翼危うし!全日本Jr.), 1985
  • Captain Tsubasa: Asu ni Mukatte Hashire ! (キャプテン翼明日に向って走れ!), 1986
  • Captain Tsubasa: Sekai Daikessen !! Jr. World Cup (キャプテン翼世界大決戦!!Jr.ワールドカップ), 1986
Original Videoanimation änneren

D'Original Video Animation Shin Captain Tsubasa gouf vun CBS Sony Group Inc., Movic a Shueisha vum Juli 1989 bis Juli 1990 mat 13 Folge produzéiert a verëffentlecht. D'Serie ass d'Verfilmung vum leschten Deel vun de Captain Tsubasa-Mangaen. Et gouf eng zweet OVA 1994 publizéiert, Captain Tsubasa Movie 05: Saikyu no Tenki ! Hollanda Youth (キャプテン翼最強の敵! オランダユース), déi op Manga-Special baséiert.

Vidéospiller änneren

Op der japanescher Konsol Super Famicom sinn dräi Spiller vum Captain Tsubasa erauskomm. Am Spill Jump Ultimate Stars kommen d'Haaptfiguren Tsubasa, Wakabayashi an Hyga vir. Captain Tsubasa: Gekito no Kiseki (キャプテン翼激闘の軌跡) ass 2010 fir Nintendo DS erauskomm.

Merchandise änneren

Véier CDe mat der Musik vun der Serie sinn erauskomm. Et gëtt och speziell Tsubasa-Iwwerraschungs-Eeër mat Flummis a mat Tsubasa-Motiver.

Rezeptioun änneren

Tatsuya Seto seet an 1001 Comics dat Captain Tsubasa “en fun den erfolegreichsten Sport-Mangas iwwerhaapt ass“ den a Japan en „nationaalt Foussballféiwer“ ausgéleisst huet. Grënnung vum japanesche Foussballchampionnat 1993 ass och ënnert anërem dem Erfollëg vum Manga ze verdanken. 2002 hun vill japanesch Nationalspiller gesot, datt d'Serie si entscheedend beaflosst huet. An da Serie geif et nieft Foussballspille virum allem em „Frëndschaft, Teamwork and Rivalitéit“ goen.

Dei däitsch AnimaniA schréift dat de Captain Tsubasa den erfollegräichste Foussball-Manga vun allen Zäite wier. Opwuel de Manga puer Schwächten huet, huet hen et gepackt fir vill Lieser unzezeien. Vill Charaktere géife sech gläichen, Spannungen tëscht de Persoune géife just wéineg virkommen. Mä well de Manga vill Figuren huet, ka jiddweree sech mat engem identifizeiren an ausserdem géifen Haaptakteure dem Lieser gefaalen.

Doduersch dat Entwecklung vun de Persounen an der Serie oppe bléift, ass et bei de Fans zu enger grousser Unzuel von Dōjinshi komm. MangasZene seet, dat de Manga „ wie eng Bomm bei da japanescher Jugend ageschlo“ huet „opwuel Zeechnunge perspektivesch wei proportionell net ideal sinn“. De Manga huet och dofun profitéiert dat en 1982 erauskomm ass, an deem Joer huet och WM 1982 stattfonnt. WM huet gudd Werbung fir de Foussball a soumat och fir de Manga gemaach.

Hannergrond änneren

E puer Nimm vum Tsubasa senge Géigespiller si vu reale Foussballspiller ofgeleet.

Am Manga gëtt et en italieenesche Golkipp den Gino Hernandez, dee Personnage bezitt sech op den Dino Zoff. Aner Beispiller sinn de Juan Diaz' dee sech op den argentinesche Spiller Ramon Diaz bezitt. De Spiller Karl Heinz Schneider steet fir de Karl-Heinz Rummenigge, e bekannten däitsche Foussballspiller an de Pepe ass fir de brasilianesche Spiller Pepe geduecht.

Quellen änneren

  1. Captain Tsubasa - Die tollen Fußballstars (Manga) - animePRO.de
  2. Die tollen Fussballstars um Tsubasa Ohzora
  3. Die tollen Fussballstars (Captain Tsubasa) vs. Die Kickers Archivéiert op 2013-07-13. Gekuckt de(n) 2018-12-10.
  4. https://www.animenewsnetwork.com/news/2017-12-12/captain-tsubasa-soccer-manga-gets-new-tv-anime-in-april/.125203
  5. https://web.archive.org/web/20121017205058/http://www.dailytimes.com.pk/default.asp?page=story_10-5-2002_pg2_12
  6. http://www.eifsoccer.com/leagues/international/captain-tsubasa/
  7. https://www.nippon.com/en/views/b00103/