De Staminee ass eng Plaz fir sech z'entspanen, Froe kënnen ze stellen a sech iwwer de Projet ze renseignéieren.

Reegelen
Nuvola apps edu languages.png
  • Éischt Reegel: Vergewëssert Iech datt Äre Message och déi ganz Communautéit intresséiert. Wann dëst net de Fall ass, sou benotzt w.e.g. dem Artikel seng respektiv Diskussiounssäit.
  • Zweet Reegel: All Feelermeldung gehéiert heihin, mat Datum.
  • Drëtt Reegel: Hiweiser op Annoncen an der geschriwwener Press gehéieren heihin.
  • Wann de Server eemol lues sollt sinn, gitt fir d'alleréischt heihi luussen.

Fir datt de Staminee propper bleift, muss jidderee mathëllefen. Dofir biede mir Iech:

  • Setzt d'Saachen an d'Archiv soubal d'Diskussioun ofgeschloss ass
  • Deplacéiert Diskussiounen déi net heihi gehéieren op hir richteg Plaz

Kuckt ochÄnneren

Nuvola filesystems folder yellow.png Archiv: 2004 - 2005 - 2006 - 2007 - 2008 - 2009 - 2010 - 2011 - 2012 - 2013 - 2014 - 2015 - 2016 - 2017 - 2018 - 2019

Eis Schreifweis: Nei Sektioun fir EegennimmÄnneren

Gudde Mëtteg,

Hei hat ech proposéiert, verschidde Standarden, déi Usus op der lëtzebuergescher Wikipedia sinn awer néierens geschriwwe stinn, "offiziell" festzehalen. De Les Meloures huet proposéiert, datt mir dat op follgend Säit kéinte setzen: Wikipedia:Eis Schreifweis. Wann dir mat där Iddi averstane sidd, kënnt dir iech mäi Virschlag fir deen Text ukucken, verbesseren an/oder upassen.

Mäi Virschlag ass:



--Bdx (Diskussioun) 12:25, 18. Jul. 2019 (UTC)

Gutt Initiativ. Ech hu kleng Ännerunge proposéiert. --Zinneke (Diskussioun) 12:41, 19. Jul. 2019 (UTC)
Merci fir de Feedback. An der Rei fir mech. --Bdx (Diskussioun) 14:28, 19. Jul. 2019 (UTC)
Ass och fir mech esou an der Rei. --Cayambe (Diskussioun) 19:20, 24. Jul. 2019 (UTC)
Yeaph, dozou sti mär --Jwh (Diskussioun) 19:44, 24. Jul. 2019 (UTC)
OK fir mech. GilPe (Diskussioun) 19:44, 24. Jul. 2019 (UTC)
Eng Fro bléif nach op: "... kritt bei franséischen Nimm nëmmen dat éischt Wuert e groussen Ufanksbuschtaf": Wat ass bei engem Stroossennumm dat 'éischt' Wuert: "rue" oder dat wat se spezifiéiert? Ass et "Rue du fossé" (well "rue" dat éischt Wuert ass) oder "Rue du Fossé" (well 'rue' en Zousaz wier?--Zinneke (Diskussioun) 10:01, 30. Aug. 2019 (UTC)
Hei meng Iwwerleeungen:

1) Am Franséischen, cf. fr. WP, gëtt geschriwwen:

La rue de l'Échelle - La rue de l'Université - L'avenue Charles-de-Gaulle, etc

2) D'Rue xx oder D'rue xx? Ech weess et net.

Rue ass e franséischt Dingwuert dat mir an d'Lëtzebuergescht iwwerhuelen – a priori duerfir grouss, also d'Rue xx; mee Rue'/rue schreiwe mir ëmmer nëmme mat engem Zousaz – mir soe jo net an der Rue ass e Stau – mee mam Numm vun der Strooss, z.B. d'Rue/rue de l'Université. Rue ass also e Bestanddeel vun engem Gesamtfranséischen nom propre. ?Duerfir éischter kleng?, also D'rue de l'Université... wéi am Franséischen, schéngt mir méi logesch ze sinn. Ech si mir awer bewosst, datt d'Spoochen a besonnesch hir Schreiweisen net ëmmer logesch sinn. :-) --Cayambe (Diskussioun) 11:00, 30. Aug. 2019 (UTC)
Fir dem Zinneke z'äntweren: Op jiddwer Fall ass et am Lemma Rue du Fossé.
Ech zerbrieche mer léiwer de Kapp net, ob et an de Sätz soll grouss oder kleng geschriwwe ginn. D'Kiischt um Kuch wier da wann ech zu Malmedy an d'rue Chemin-Rue ginn. :-) Dofir halen ech mech bei sou Saachen éischter un d'Groussschrëft. Bei anere franséischen Nimm hu mer ons bis elo de Kapp net zebrach, vläicht well et do keng Iwwersetzung gëtt, z. B. wéi beim Lycée oder beim Musée. Mier kéim et z. B. komesch vir, fir ze schreiwen: Hie geet an de musée de Grenoble. D'Fransouse schreiwen och boulevard an avenue ëmmer kleng an dofir och an Nimm vu Stroossen. Mir schreiwen et ëmmer grouss an ech gesinn net an, firwat datt mer et dann an engem Numm solle kleng schreiwen. --Les Meloures (Diskussioun) 12:02, 30. Aug. 2019 (UTC)
Ech sinn der Meenung, datt den Odonym als Eegennumm resp. Substantiv gebraucht soll ginn an deemno och grouss geschriwwe gëtt: ech wunnen an der Rue des Hauts-fourneaux a si an der Allée de la Jeunesse sacrifiée. Ech kann awer emol froen wat den CPLL mengt...GilPe (Diskussioun) 14:53, 30. Aug. 2019 (UTC)


Op der topographescher Kaart benotzt de Kadaster d'Schreifweis korrekt wéinstens sou wäit wéi ech dat bis elo konnt feststellen. Ausser beim Haut-Fourneau wou en e Bindestréch mécht a wou d'Fransousen ni ee maachen well d'Wuert jo keen huet. --Les Meloures (Diskussioun) 15:19, 30. Aug. 2019 (UTC)
Der Académie française no kritt et e Bindestréch: Haut-fourneau. GilPe (Diskussioun) 19:26, 30. Aug. 2019 (UTC)
An der franséischer Wiki gi se der Académie française net Recht an zielen eng Hällewull Auteuren op déi et ni sou geschriwwen hunn. D'fr-Wiki schéngt et deemno méi mat der Nomenclature vun de Kartographen ze halen. --Les Meloures (Diskussioun) 20:03, 30. Aug. 2019 (UTC)

Kulturierfschaft oder KulturierwenÄnneren

Viru kuerzem hunn ech den Artikel Immateriellt Kulturierwen ugeluecht, deen de Les Meloures dunn op Immateriell Kulturierfschaft geréckelt huet. No enger interner Diskussioun hu mer beschloss, d'Entscheedung, wéi den Artikel heesche soll, hei ze diskutéieren. Fir mech ass den Ausdrock (Kultur)ierwen méi zoutreffend aus dëse Grënn:

  • nom LOD ass en Ierwen: DE Erbe [auf die Gegenwart Überkommenes] FR patrimoine [local, national, mondial]
  • nom Duden ass Das Erbe: (...) etwas auf die Gegenwart Überkommenes; nicht materielles [geistiges, kulturelles] Vermächtnis
  • den offizielle Site iki.lu heescht Immateriellt Kulturierwen zu Lëtzebuerg

An deem Sënn misst den Artikel Weltierfschaft op Weltierwen geréckelt ginn. Niewebäi heescht den Artikel op der däitscher Wiki de:UNESCO-Welterbe an net Welterbschaft.

Wéi gesitt dir dat? --Sultan Edijingo (Diskussioun) 20:09, 26. Aug. 2019 (UTC)

  • Ech si fir Kulturierwen, well ech der Meenung sinn dat mir op Wikipedia just iwwer Wierder decidéiere solle wann et bis dato nach kee Wuert op lëtzebuergesch gëtt a mir sollten eis och ganz einfach dem offizielle Site uschléissen. Robby (Diskussioun) 21:53, 1. Sep. 2019 (UTC)
  • Schléisse mech dem Robby un, well den offizielle Site och Kulturierwen seet. GilPe (Diskussioun) 15:15, 5. Sep. 2019 (UTC)
  • Béid Terme sinn Neologismen. Wann et vun offizieller Säit e Site gëtt, dee vun -"ierwe" schwätzt a sech sou nennt, da soll dat menger wärreg och hei esou genannt ginn.--Zinneke (Diskussioun) 15:27, 5. Sep. 2019 (UTC)

Journées européennes du patrimoine 2019Änneren

Moien,

als kleng Erënnerung, hei de Programm vun de Journées du patrimoine, vum 21.-29. September 2019.

Wéi ëmmer eng flott Geleeënheet, Fotoë vu Plazen ze maachen, wou ee soss net oder schwéier hikënnt.

--Zinneke (Diskussioun) 08:47, 19. Sep. 2019 (UTC)

The consultation on partial and temporary Foundation bans just startedÄnneren

-- Kbrown (WMF) 17:14, 30. Sep. 2019 (UTC)

Lëscht vu reliéise Gebaier zu LëtzebuergÄnneren

Moien,

An der Diskussioun war d'Propose opkomm, fir eng Kategorie: Reliéis Gebaier (...) am Besëtz vun de Gemengen resp. Reliéis Gebaier (...) am Besëtz vum Kierchefong ze schafen. Ech hunn elo emol op Basis vun de Gebaier aus der Lëscht vu reliéise Gebaier zu Lëtzebuerg mat den Donnéën aus dem Gesetz eng Tabell gebastelt, wou ech all déi Donnéen zesumme gesicht hunn. Kuckt emol uewen an der Lëscht a sot mer, ob ech op där Basis weiderfuere soll oder net...

Merci am Viraus. GilPe (Diskussioun) 20:09, 9. Okt. 2019 (UTC)

Ech fannen dat eng gutt Iddi. Villäicht wär et nach besser, wann eng Kolonn mat de Koordinaten an der Tabell ass ? --88.207.251.48 21:42, 9. Okt. 2019 (UTC)

Feedback wanted on Desktop Improvements projectÄnneren

07:18, 16. Okt. 2019 (UTC)

Beta feature "Reference Previews"Änneren

-- Johanna Strodt (WMDE) 09:47, 23. Okt. 2019 (UTC)

Editing News #2 – Mobile editing and talk pagesÄnneren

11:12, 29. Okt. 2019 (UTC)

Wikipedia Asian Month 2019Änneren

Hëlleft w.e.g. fir an Är Sprooch z'iwwersetzen

Wikipedia Asian Month is back! We wish you all the best of luck for the contest. The basic guidelines of the contest can be found on your local page of Wikipedia Asian Month. For more information, refer to our Meta page for organizers.

Looking forward to meet the next ambassadors for Wikipedia Asian Month 2019!

For additional support for organizing offline event, contact our international team on wiki or on email. We would appreciate the translation of this message in the local language by volunteer translators. Thank you!

Wikipedia Asian Month International Team.

MediaWiki message delivery (Diskussioun) 16:57, 31. Okt. 2019 (UTC)

InfoenÄnneren

Kann een eng Email Adress vun engem member kreien?

soued0311AThotmail.com
Moien, wann Dir bei ärer Umeldung selwer och eng Email uginn hutt, da kënnt Dir op e Benotzernumm goen an dann an der lénkser Läischt op Dësem Benotzer eng Email schécken klicken. Da geet eng Fënster op an dir kënnt deem Benotzer e perséinleche Message hannerloossen. --Les Meloures (Diskussioun) 17:51, 19. Nov. 2019 (UTC)

QuestionÄnneren

Hello, could somebody perhaps answer my question to a user that's seems to have left indefinitely? The question comes down to: what is the 'minimum' license for pictures uploaded to this Wikipedia? Thanks, Eissink (Diskussioun) 17:21, 20. Nov. 2019 (UTC).

Please see here you got a new picture. --Les Meloures (Diskussioun) 10:38, 5. Dez. 2019 (UTC)

Extension of Wikipedia Asian Month contestÄnneren

In consideration of a week-long internet block in Iran, Wikipedia Asian Month 2019 contest has been extended for a week past November. The articles submitted till 7th December 2019, 23:59 UTC will be accepted by the fountain tools of the participating wikis.

Please help us translate and spread this message in your local language.

Wikipedia Asian Month International Team

--MediaWiki message delivery (Diskussioun) 14:16, 27. Nov. 2019 (UTC)

InternationalisierungÄnneren

Leider bin ich der Landessprache nicht mächtig, hoffe aber, ich werde trotzdem verstanden.

Ich würde anempfehlen, auf w:de:Wikipedia:Lua/Modul/TemplUtl/01/de vorbeizusehen, und danach auf Commons geeignete Wörter für lb einzutragen. Ein n ist nicht erforderlich, da es bereits als englische Abkürzung verstanden würde.

Beste Grüße --PerfektesChaos (Diskussioun) 15:14, 7. Dez. 2019 (UTC)

Danke für di Info. Wurde gemacht --Les Meloures (Diskussioun) 15:31, 7. Dez. 2019 (UTC)

ZepÄnneren

Gudden Metteg,

ech wollt froën ob en vun Iech mir kéint Iwerschrëft vun mengem Artikel änneren?

Den Moment steet Zep do, mee ech well dass mein Artikel Philippe Chappuis (ZEP) heescht.

Villmols merci User:Nessaya22 (Diskussioun)

Moien, all aner Sproochversiounen op Wikipedia, och déi franséisch, féieren d'Informatiounen zum Här Chappuis ënner dem Lemma 'Zep', well dat dee Pseudonym ass, ënner deem hie seng Bicher publizéiert, an ënner deem e bekannt ass. Dofir ass dat hei och esou. Et gëtt jo e Redirekt vu Philippe Chappuis op Zep, falls een e géif ënner deem Numm sichen. Bescht Gréiss, --Zinneke (Diskussioun) 12:11, 18. Dez. 2019 (UTC)
PS:Ups, de Redirect gouf et nach net, ech hunn en ewell ugeluecht. Z.
PPS: Ech gesinn, dir schafft un engem eegenen Artikel, deen Informatiounen zu Zep an zu Titeuf enthält. Wéi schonn eng Kéier op Ärer Diskussiounssäit uginn, misst Der dat wat der am provisoreschen Artikel Philippe chappius (sic) geschriwwen hutt, an déi zwéin Artikelen, déi et sch gëtt, abauen (eriwwerkopéieren an op déi richteg Plaz asetzen, resp. esou adaptéieren, datt et mat deem wat do steet, ee Ganzt gëtt). Am Versiounshistorique ka jidderee gesinn, datt et vun Iech hier kënnt. --Zinneke (Diskussioun) 12:24, 18. Dez. 2019 (UTC)


Wikimedia Generalversammlung a KonferenzÄnneren

  • D'Generalversammlung vu Wikimedia Lëtzebuerg ass den 11. Januar um 15.00 Auer am Kultur- a Veräinsbau An der Eech zu Leideleng. Wikipedianer déi wëlle Member ginn, sinn häerzlechst agelueden.
  • Mëttwochs, de 15. Januar 2020 um 19:30 Auer organiséiert Wikimedia Lëtzebuerg zesumme mat der Gemeng Leideleng eng Konferenz iwwer Wikipedia An der Eech. Jiddwereen ass häerzlech agelueden.
Les Meloures (Diskussioun) 09:41, 7. Jan. 2020 (UTC)

Wiki Loves FolkloreÄnneren

Hello Folks,

Wiki Loves Love is back again in 2020 iteration as Wiki Loves Folklore from 1 February, 2020 - 29 February, 2020. Join us to celebrate the local cultural heritage of your region with the theme of folklore in the international photography contest at Wikimedia Commons. Images, videos and audios representing different forms of folk cultures and new forms of heritage that haven’t otherwise been documented so far are welcome submissions in Wiki Loves Folklore. Learn more about the contest at Meta-Wiki and Commons.

Kind regards,
Wiki Loves Folklore International Team
— Tulsi Bhagat (contribs | talk)
sent using MediaWiki message delivery (Diskussioun) 06:14, 18. Jan. 2020 (UTC)