Diakritescht Zeechen

Diakritesch Zeechen (och Diakritikum, Pl. Diakritika, aus dem Griicheschen διακρίνειν „auserneenhalen“) si kleng Zeechen, déi op oder ënner engem Buschtaf ubruecht sinn, wéi z. B. Punkten, Kreepercher, Strécher oder Kreesser. Si kënnen entweder d'Betounung uweisen, oder awer d'Aussprooch vun engem Buschtaf änneren, resp. a Kombinatioun mat engem Buschtaf fir e Laut gebraucht ginn, fir deen et keen eegene Buschtaf gëtt.

Hire Gebrauch ka sech vu Sprooch zu Sprooch änneren (z. B. markéiert den Accent aigu a bestëmmte Sproochen e betounte Vokal, woubäi en an aneren d'Qualitéit vun der Aussprooch ännert (vgl. z. B. am Franséischen "regarde" vs. "regardé"). Jee no der Sprooch gi (verschidde) Buschtawe mat diakriteschen Zeechen als eege Buschtawen ugesinn oder och net.

Beispiller:

Am LëtzebuergeschenÄnneren

Am Lëtzebuergesche sinn am Prinzip just den Accent aigu an den Treema gebräichlech. Ausname si Wierder aus dem Franséischen, déi tel-quel iwwerholl ginn; déi kënnen dann no de Reegele vun der franséischer Orthographie och en Accent grave, Accent circonflexe oder eng Cédille hunn (e Garçon, e Saumon-fumés-Schnittchen, e Ministère).

Den Accent aigu ass do, fir d'Diphtongen /ei/ an /éi/ z'ënnerscheeden (leien, léien), oder d'Tounqualitéit vum kuerzen /e/ ze verdäitlechen (vgl. Dreck vs. dréck(en)).

Den Treema fënnt een um /ë/ an /ä/, seelen och um /ö/ (blöd).

  • Um /ë/ huet en d'Roll, e betounte Schwa-toun [ə] ze markéieren (Rëmeleng). Ausserdeem dingt en dozou, bei dräi /e/ hannereneen unzeweisen, wéi déi zwou Silben auszeschwätze sinn (leeën, gëeent).
  • Den /ä/ kënnt an den Diphtongen /äi/ an /äe/ zum Asaz (Bläi, Päerd). Ausserdem gëtt domat, wéi am Däitschen, den A-Umlaut erëmginn (Apel-Äppel).