Sabrina the Teenage Witch

(Virugeleet vu(n) Sabrina d'Teenage Hex)
Dësen Artikel entsprécht net de Wikipediakrittäre fir en enzyklopedeschen Artikel. Dat kann dru leien datt Schreif- oder Tippfeeler dran ze fanne sinn, oder en nach net nom Stil vun engem Wikipediaartikel formatéiert gouf. Et kann och sinn, datt den Inhalt net an eng Enzyklopedie gehéiert, sou wéi en am Moment do steet. Fir ze verhënneren datt dësen Artikel eventuell geläscht gëtt, muss en onbedéngt iwwerschafft ginn.
Sabrina the Teenage Witch
Land
Sprooch
Erauskomm Vol. 1:
Abrëll 1971 - Januar 1983
Vol. 2:
Mee 1997 - Dezember 1999
Vol. 3:
Januar 2000 - September 2009
Text George Gladir
Zeechnungen Dan DeCarlo

Sabrina the Teenage Witch ("Sabrina d'Teenage Hex") ass eng Comicsserie déi vum Dan DeCarlo an George Gladir kreéiert gouf. Se gouf vun Archie Comics publizéiert an erzielt dem jonken Teenager Sabrina Spellmann seng Abenteuer.[1]

Säin éischten Optrëtt mécht d'Sabrina am Archie Madhouse Nr. 22, deen am Oktober 1962 erauskoum.

D'Sabrina ass eng "Hallefhex", well seng Mamm en normale Mënsch ass a säi Papp en Hexer. Hatt wunnt zesumme mat sengen zwou Tattaen Zelda an Hilda Spellman, déi allebéid Hexe sinn, an der fiktiver Stad Greendale.

Bei den dräi Hexe wunnt och nach d'Kaz mam Numm Salem Saberhagen, déi ursprénglech eng Hex war an déi als Strof an eng Kaz verwandelt gi war, well s'e puermol versicht hat, d'Weltherrschaft fir sech ze kréien.

D'Sabrina huet och e stierfleche Frënd, den Harvey Kinkle, deen an hatt verléift ass, a wéi déi meescht normal Mënsche weess och hien net, datt seng Frëndin eng Hex ass.[1]

Dem Sabrina seng Abenteuer besti meeschtens doran, datt hatt seng Zauberkräften am Geheime benotzt fir aneren ze hëllefen.

E wichtegt an heefegt Theema am Comic ass d'Léieren iwwer d'Hexerei a wéi d'Sabrina am beschten déi Fäegkeete benotze kann, sief et mat Hëllef vu sengen Tattaen oder mat Reesen duerch eng magesch Dimensioun, wat d'Doheem vun anere mystesche Wiese ka sinn oder och einfach d'Doheem vun aneren Hexen.

Geschicht vun der Publikatioun änneren

  D'Schreifweis vun dësem Artikel oder vun dësem Deel vum Artikel entsprécht net de Wikipedia-Krittäre fir en enzyklopedeschen Artikel a muss onbedéngt verbessert ginn. Den Auteur gëtt frëndlech gebieden, sech d'Säiten Eis Schreifweis unzekucken, an hei z'applizéieren.

D'Sabrina d'Teenage Hex mécht säin éischten Debut am Comic Archie's Madhouse N°22, deen am Oktober 1962 erauskoum. Hatt gouf vum Schrëftsteller George Gladir a vum Kënschtler Dan DeCarlo kreéiert. Spéiderhin zielt hatt dann och zu de grousse Figure vun den Archie Comics an ass souwuel an animéierte Serië wéi an enger Fernseesitcom opgetrueden[2].

D'Sabrina hat reegelméisseg Optrëtter am Comic Archie's TV Laugh Out, deen am Ganzen an 106 Hefter vun 1969 bis 1985 publizéiert gouf.

Den éischte Band vun d'Sabrina Teenage Hex hat 77 Oplagen a gouf vun 1971 bis 1983 publizéiert. Kuerz no der Live-Action Sitcom gouf eng nei Comicserie presentéiert, déi tëscht 1997 an Dezember 1999, 32 Hefter hat.

Vum Januar 2000 un, hunn Archie Comics d'Serie frësch gestart a se N°1 genannt. Se hält sech haaptsächlech un déi animéiert Serie vun 2000. Déi lescht Ausgab vun der Serie vu virdrun, also vun 1997-1999, huet d'Transitioun fir déi nei Adaptatioun gemaach. Den Titel vum neie Comic huet einfach „Sabrina“ geheescht an hat 37 Hefter. Den Exemplaire N°38 gouf du spéiderhin 2002 publizéiert an huet erëm als Iwwergang gedéngt. D'Serie huet dunn erëm den Numm op Sabrina the Teenage Witch gewiesselt an de Setting spillt och erëm an engem Lycée. E puer Elementer aus der Live-Action-Sitcom goufen awer bäibehalen, wéi zum Beispill d'Virgeschicht vun der Kaz Salem, den Numm vum Sabrina senger Heemecht „Greendale“, grad wéi déi méi moderniséiert Optik vu sengen zwou Tattaen.[3]

Den neie Setting huet bis d'Heft N°57 gedauert, dat 2004 erauskoum. Duerno krut de Comic e Manga-Styl an huet bis d'Heft N°104 gedauert, dat am September 2009 erauskoum.

D'Sabrina hat och e puer Optrëtter an den aneren Archie Comics. Oft war hatt zum Beispill de Visiteur vum Archie, Jughead Jones, Betty Cooper a Veronica Lodge. Am Comic Jughead N°200 , den am Mee 2010 erauskomm ass, gëtt hatt dem Jughead zou, dass hatt eng Hex ass.

An 2012, am Archie Comic N°636, haten hatt a seng Kaz Salem e méi groussen Optrëtt. De Salem leet nämlech en Zauber iwwert ganz Stad vu Riverdale, ouni datt iergendeen eppes dovu matkritt.

Aner Versioune vum Sabrina änneren

Chilling Adventures vum Sabrina änneren

D'Chilling Adventures vum Sabrina gouf vum Archie Horror publizéiert an ass am Ufank 2014 als en Imprint vun den Archie Comic erauskomm. An där Rei ass d'Sabrina en Teenager an den 1960er Joren. Et ass eng méi däischter a komplex Versioun vun der ursprénglecher Comicsserie: d'Sabrina Teenage Hex. Och d'Personnagë gesi méi düster aus.

Déi Rei gouf vum Roberto Aguirre-Sacasa geschriwwen a vum Robert Hack gezeecheent. Inspiréiert gouf d'Serie haaptsächlech vun aneren Optrëtter vum Sabrina an den anere Comicsserië vum Roberto Aguirre-Sacasa, déi ënner dem Numm Afterlife with Archie bekannt sinn.[4],[5]

Déi Rei gouf zanter kuerzem och verfilmt an ass vun 2018 un op Netflix ze gesinn.

D'Sabrina als Manga Versioun änneren

2004 goufen d'Comics vun der Tania del Rio iwwerholl. Si huet hinne virun allem e Manga-inspiréierte Konschtstil ginn. Ugefaangen huet dat mam Heft N°58 aus der zweeter Comic Serie vu Sabrina d'Teenage Hex. Zu dem Zäitpunkt hat de Manga Comic keng Connexioun mat den Live-Action oder den animéierten Sabrina Serien.

Wéi se du eruskoumen, kruten d'Comics ganz nei Personnagen an eng méi seriéis, komplex Geschichtslinne. De Manga vum Sabrina huet 2009 mam Heft N°100 ofgeschloss, obwuel e puer Geschichten net fäerdeg waren.

E puer Exemplare mam Manga Style goufen awer néi gedréckt. Sou goufen Exemplaren N°58-61 iwwerschafft a koumen dunn als Sabrina-The Magic Revisited eraus.

2013, goufen dann erëm Exemplaire geholl, N°58-67, di erëm néi gedréckt goufen an als Sabrina the Teenage Witch: The Magic Within Book 1 betitelt goufen. Des goufen amplaz faarweg, gro bemoolt, genausou wie Sabrina the Teenage Witch: The Magic Within Book 2 (Hefter N°68-78).

Buch 3 (d'Hefter N°79-89) an 4 (d'Hefter N°90-100), waren och net faarweg, mee gro geprint ginn.

Spéiderhi goufen dann och d'Hefter N°58-100 vun den Manga Comics digitaliséiert an ënnert dem Titel Sabrina Manga N°1-43 erauskomm.[6]

Haaptfiguren änneren

D'Sabrina Spellman änneren

D'Sabrina ass Protagonistin vun der Comicserie an ass am Ufank 16 Joer al. An den éischten Comics gëtt d'Sabrina als e gutt Meedchen duergestallt, wat konstant mam Drock ze kämpfen huet, dass hatt muss „schlecht“ sinn. Virun allem di aner Hexen droen dozou bei, genausou wie seng zwee Tattaen. Hatt muss och léiere wei et mat senge Kräfte soll eens ginn.

Spéiderhin, ginn dann och nach aner Hexen presentéiert a seng Tattae ginn do och haaptsächlech als „gutt“ agestuuft. Och an deenen Comics kämpft hatt nach ëmmer mat sengen Kräfte gutt ëmgoen ze kennen.[7]

D'Hilda Spellman änneren

D'Hilda ass eng vun den Sabrina sengen Tattaen. An den éischten Comics gëtt hatt zimmlech stereotypesch duergestallt, sou wéi hatt sech undeet a behëlt. Hatt huet virun allem d'Mënschen net gär (dozou gehéiert och den Harvey, dem Sabrina säi stierfleche Frënd), a benotzt seng Kräfte fir Revanchen oder kleng Diskussiounen ze léisen.

Ab 1990, hunn Createuren hatt dann manner launesch duergestallt an och seng Kleeder méi moderniséiert.[7]

D'Zelda Spellman änneren

D'Zelda ass dem Sabrina seng aner Tatta. Genausou ewéi Hilda, ass och hatt an den éischten Comics stereotypesch duergestallt ginn. Allerdéngs war hatt net di launesch Hex, mä éischter di méi mattfillend, léif Tatta vun deenen zwee. Hatt ass supposéiert e Mann an engem Joer ze fannen, soss riskéiert hatt seng Hexekräften ze verléieren.

An 1990, gouf och hatt moderniséiert.[7]

Harvey Kinkle änneren

Den Harvey ass dem Sabrina säi stierfleche Frënd. Allerdéngs weess hien net, datt seng Frëndin eng Hex ass. Den Harvey gëtt als léiwen, treie Mënsch presentéiert, deen awer gläichzäiteg och e klengen Trëllert ass a séier an Accidenter verwéckelt gëtt.[7]

Salem Saberhagen änneren

De Salem ass de Spellmans hir Kaz, déi ursprénglech eng Hex war. Se gouf vum Hexeconseil an eng Kaz verwandelt, als Strof, well se Weltherrschaft u sech räisse wollt. De Salem kann och schwätzen an ass éischter sarkastesch veranlaagt. Den Numm vun der Kaz kënnt vun den Hexeprozesser vu Salem am Joer 1692, hier.

An de Comics virun 1990 war de Salem als eng orange Kaz, déi net schwätze konnt. Réischt vun den 90er Joren un gouf seng ganz Hannergrondgeschicht erfonnt, geneesou wéi datt se schwaarz ass a schwätze kann.[7]

An anere Medien änneren

Verfilmungen änneren

D'Comicfigur ass och des Ëfteren op verschiddene Medieplattformen opgetrueden. Vun 1996 bis 2003 ass déi amerikanesch Sitcom Sabrina – Total Verhext (engl. Sabrina the Teenage Witch) op der amerikanescher Plattform ABC erauskomm. Vum Januar 1998, war se dann och op der däitscher Televisioun ze gesinn.[8]

1996 ass de Film Sabrina the Teengae Witch erauskomm, wou hatt amplaz zu Greendale zu Riverdale wunnt, dem Archie Andrews, deen en anere Personnage vun den Archie Comics ass, säin Doheem. Seng Eltere sinn och do all Hexen an amplaz vu Spellman heescht hatt do Sawyer.[9]

Zwéi weider Filmer si Sabrina Goes to Rome a Sabrina Down Under.[9]

Am Oktober 2018, gouf op Netflix The Chilling Adventures of Sabrina ausgestraalt. D'Sabrina Spellman gouf vun der Schauspillerin Kiernan Shipka duergestallt. Am grousse Ganzen ass d'Serie méi düster wei d'Serien an d'Filmer vu virdrun. Och d'Personnagë si méi komplex duergestallt.

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 D'Sabrina Spellmann op Archie Comics
  2. https://web.archive.org/web/20040711035502/http://www.archiecomics.com/acpaco_offices/askthearchivist/ask_june.htm
  3. Sabrina The Teenage Witch
  4. https://www.thrillist.com/entertainment/nation/the-chilling-adventures-of-sabrina-netflix-show-comics
  5. https://en.wikipedia.org/wiki/Chilling_Adventures_of_Sabrina
  6. https://en.wikipedia.org/wiki/Sabrina_the_Teenage_Witch
  7. 7,0 7,1 7,2 7,3 7,4 URL: https://comicvine.gamespot.com/sabrina-the-teenage-witch/4050-7298/characters/
  8. https://de.wikipedia.org/wiki/Sabrina_–_Total_Verhext!
  9. 9,0 9,1 https://www.imdb.com/title/tt0117534/