Wikipedia:Lizenzschabloune fir Biller
Lizenzschabloune fir Biller ginn ugeroden, fir d'Kennzeechnung fir de rechtleche Status bei der Benotzung vu Biller an der lëtzebuergescher Wikipedia. Et kann een och d'Biller direkt op Commons eroplueden. Informatiounen dozou fannt Der op Wikimedia Commons.
Op Hëllef:Schablounen ass erkläert, wéi d'Textbausteng technesch funktionéieren, a wéi si an den Artikel agebaut kënne ginn.
Op Wikipedia:Lizenzéierung fir Ufänger fannt Der Schrëtt fir Schrëtt erkläert, wéi ee mat Lizenzen ëmgeet, an eng Äntwert op typesch Ufängerfroen zu de Lizenzen.
Informatiounen zu de Biller
ännerenD'Virlage fir d'Lizenz vun engem Bild kënnt Der direkt beim Eropluede vum Bild selwer an d'Textfeld aginn. Verschidde gängeg Lizenze kënnen och direkt iwwer de Menü ausgewielt ginn. Domat erschénge se automatesch op der Bildbeschreiwungssäit. Natierlech kann d'Beschreiwung vun engem Bild och nach nodréiglech verännert ginn (wann een zum Beispill - wat jo alt emol virkënnt - vergiess huet eng Lizenz unzeginn).
Follgend Bausteng solle bei der Beschreiwung vun de Biller benotzt ginn, fir datt alles eenheetlech gehalen ass.
Zousätzlech zu der Lizenz kënnen - a sollen - och weider Informatiounen do stoen, sou zum Beispill wou d'Bild hierkënnt.
Am Idealfall steet also ënner engem Bild follgenden Text:
* Sujet: Wat ass um Bild ze gesinn * Source: Wou kënnt d'Bild hier ? (vun enger anerer Wikipedia, selwer gemaach etc.) * Autorisatioun: Wann d'Bild ënner engem Copyright steet, kann een uginn, wisou een et benotzen däerf.
Lizenzschablounen
ännerenNatierlech ass et och méiglech, e Bild ënner méi wéi enger Lizenz ze verëffentlechen. Déi meescht vun dëse Lizenze si scho ganz speziell an Der wäert se och net sou dacks op der Wikipedia begéinen.
CC-Lizenzen
ännerenBausteen an Erklärung | Beispill | |||||
---|---|---|---|---|---|---|
{{Bild-CC-by-sa/3.0/lu}} Creative Commons - Attribution-ShareAlike 3.0 Lëtzebuerg |
| |||||
{{Bild-CC-by-sa/3.0}} Creative Commons - Attribution-ShareAlike 3.0 |
| |||||
{{Bild-CC-by-sa/2.0}} Creative Commons - Attribution-ShareAlike 2.0 |
|
Domaine-Public-Lizenzen
ännerenBausteen an Erklärung | Beispill | ||
---|---|---|---|
{{Bild-PD}} |
| ||
{{Bild-PD-al}} Domaine public - Schutzdauer ass ofgelaf |
| ||
{{Bild-PD-Schëpfungshéicht}} Domaine public - Schëpfungshéicht feelt. |
| ||
{{Bild-PD-Auteur}} Eegent Domaine public-Bild (+Gemengfräiheet) |
|
GFDL-Lizenzen
ännerenCaution: The GNU Free Documentation License is a bad license for images, because (in contrast to the Creative Commons licenses) it does not allow easy use, but hinders it.
Bausteen an Erklärung | Beispill | ||
---|---|---|---|
{{GFDL}} |
|
Weider Lizenzen
ännerenBausteen an Erklärung | Beispill | ||
---|---|---|---|
{{Bild-by}} |
|
Ausnamen
ännerenBausteen an Erklärung | Beispill | |||
---|---|---|---|---|
{{Bild-WikimediaCopyright}} Vu Wikimedia urheberrechtlech geschützte Logoen. |
| |||
{{Bild-Euromënz}} De Layout vun den Euromënzen ass Eegentum vun der EZB. |
| |||
{{Bild-Logo}} E gezeechente Logo, deen net nëmmen duerch d'Droits d'Auteur mee och duerch d'Markerecht geschützt ka sinn. |
| |||
{{Bild-FU-3D}} Biller vun 3D Konscht- oder Architekturwierker |
| |||
{{Bild-FU}} Mat Auteursrecht geschützt Biller, déi d'Justificatiounscritère fir de Gebrauch ënner der Fair Use Lizenz erfëllen. |
| |||
{{Bild-Wopen Italien}} Domaine public - Wopen a.ä. vun enger italieenescher Kierperschaft vum ëffentleche Recht (z. B. Stied oder Gemengen). D'Benotzung ënnerläit awer ënner Ëmstänn zousätzleche gesetzleche Beschränkungen. |
|
Wa Lizenze feelen
ännerenBausteen an Erklärung | Beispil | ||
---|---|---|---|
{{Bild-Lizenz-onbekannt}} Et gouf keng Lizenz uginn, oder wou d'Bild hirkënnt |
|
Bemierkungen
änneren- Biller, déi a keng vun de genannte Kategorië falen, sollen aus der Wikipedia geläscht ginn. Wa méiglech soll ee sech awer virdrun no engem "erlaabten" Ersatz ëmkucken.
- D'Hiweiser bezéien sech op déi neist Versioune vun de Lizenzen (3.0 bei CC-Lizenzen) bzw. déi neist oder spéider Lizenzen (1.2 oder spéider bei GFDL).
- Vill vun dëse Lizenze sinn extrem prezis a wäerten net sou heefeg op der Wikipedia opdauchen. De Bausteen besteet awer natierlech, fir de Fall wou ee sou e Bild vun enger anerer Wikipedia eriwwerhëlt, an domat déi selwecht Lizenz kann uginn.