Aya de Yopougon
Land Frankräich
Côte d'Ivoire
Sprooch Franséisch
Erauskomm 2005-2010
Text Marguerite Abouet
Zeechnungen Clément Oubrerie

Aya de Yopougon ass eng Comicsserie, déi vun der Marguerite Abouet geschriwwen a vun hirem Mann, dem Clément Oubrerie gezeechent gouf. Se gouf tëscht 2005 an 2010 a sechs Bänn vu Gallimard verëffentlecht. Se kann zum Genre vun der Graphic Novel gezielt ginn. Et ass d'Geschicht vun enger jonker Fra vun 19 Joer, der Aya, an hirem Ëmfeld. Se spillt an der Côte d'Ivoire am Joer 1978, wou och d'Auteurin hir Kandheet bis zum Alter vun 12 Joer verbruecht huet. D'Geschicht vun der Aya ass allerdéngs net als Autobiographie ze verstoen, mä villméi um wierkleche Liewen inspiréiert.

D'Serie gouf ënner anerem an d'Englescht, d'Däitscht an d'Spuenescht iwwersat. 2012 gouf de Comic als Zeechentrickfilm adaptéiert.


Zesummefaassung änneren

Band 1 änneren

De Comic fänkt am aarme Quartier Yopougon vun Abidjan op der Côte d'Ivoire un. Mir léieren d'Aya a seng zwou bescht Frëndinne kennen, d'Bintou an d'Adjoua. Déi dräi kéinten awer net méi verschidde sinn. D'Bintou gëtt als arrogant a liicht iwwerflächlech duergestallt, wat gär d'Liewe genéisst an de Männer schéin Ae mécht. D'Adjoua ass dat naiivt vun deenen dräi wärend d'Aya dat staarkt an scho méi erwuessent ass, wat ëmmer op déi Aner oppasst. Säin Dram ass et, eng Kéier Doktesch ze ginn, mee säi Papp Ignace well, op ganz almoudesch Manéier, datt d'Aya sech dorop konzentréiere soll, ee Mann ze fannen. Wärend dem Owend léiert d'Bintou de Moussa, de Fils vun engem räichen Entreprener, dem Bonaventure, kennen. Dem Aya säi Papp schafft och fir de Bonaventure. De Moussa an d'Bintou schlofe mateneen. Spéider gëtt een awer gewuer, datt de Moussa och mam Adjoua geschlof huet, wat virdrun de Mamadou, e schéine jonke Mann, kennegeléiert huet. D'Adjoua gëtt gewuer, datt et an aneren Ëmstänn ass. Hatt wëll d'Kand ofdreiwen ma huet keng Suen dofir. Dann entscheet hatt sech dofir de Moussa als Papp auszeginn. Deem seng Eltere si schockéiert a bestueden déi zwéin heemlech géint hire Wëllen. Zum Schluss vum éischte Band bréngt d'Adjoua säi Kand op d'Welt, woubäi beim Moussa senger Mamm éischt Zweiwelen opkommen. [1]

Band 2 änneren

De Bonaventure, dem Moussa säi Papp, freet den Adjoua säi Papp, den Hyacinthe, deen echte Papp vum Bobby, dem Adjoua sengem Kand, erauszefannen. Hie fënnt duerch Zoufall eraus, datt et de Mamadou ass. D'Adjoua ass um Buedem zerstéiert well hatt genau weess, datt dee seng Flichten als Papp net wäert erfëllen. De Mariage mam Moussa gëtt annuléiert. De Mamadou gëtt vun de concernéierte Pappe gezwongen d'Responsabilitéit fir säi Kand z'iwwerhuelen a geet an eng Garage schaffen. An där Garage schafft och e Kolleeg vum Aya, den Hergé, deen zwar en talentéierte Garagist ass, mä en Analphabet. Doropshi freet hien d'Aya ëm Hëllef.

De Schéinheetsconcours vu Yopougon réckelt ëmmer méi no, an d'Bintou an d'Adjoua géife gär matmaachen. D'Aya ass un sou engem Concours zwar net intresséiert, mä well d'Félicité, mat deem hat och den Hergé wëll verkoppelen, dozou bréngen, matzemaachen, obschonn hatt immens schei ass. Wärenddeem fäert den Ignace ëm seng Plaz, wou Stellekierzunge gemaach ginn. Zum Schluss vum zweete Band bréngt dem Ignace seng Assistentin dann Onrou an d'Famill, wéi hatt mat den 2 onéierleche Kanner vum Ignace bei der Famill vum Aya opdaucht. Aya de Yopougon Tome 2, Gallimard, 29 September 2006.

Band 3 änneren

Am drëtte Band geet et nees mat de Problemer an der Famill vum Aya virun. Seng Mamm, d'Fanta, ass enttäuscht vun hirem Mann an zitt provisoresch aus. Dem Aya seng Frëndinnen, d'Bintou an d'Adjoua, huelen dat Ganzt awer net seriéis. Si konzentréiere sech villméi op de Schéinheetsconcours bei deem se wëlle matmaachen. Beim Concours packe s'et awer net bis an d'Finall. Just dat scheit Félicité packt et op déi drëtt Plaz, a gëtt dono souguer gefrot fir eng Reklamm um Fernsee ze maachen.

De Moussa, deen ëmmer nach vu sengem Papp schikanéiert gëtt, decidéiert, sech ze revanchéieren a klaut dem Papp Suen a leeft fort. Dem Adjoua säi Brudder, den Albert, ass homosexuell, a wëll a Frankräich auswanderen. D'Aya gëtt dat vum Félicité gewuer, a weist Versteesdemech.

D'Adjoua iwwerleet sech iwwerdeems, wéi et sech besser ëm säi Bouf, de Bobby, këmmere kéint. Et decidéiert eng Bar opzemaachen an den Hergé, dee genuch Suen als Garagist verdéngt, ënnerstëtzt hatt finanziell dobäi.[1]

Band 4 änneren

De 4. Band geet mam Innocent weider, dem Fraecoiffer vu Yopougon, deen eng Bezéiung mam Albert huet. Hie wandert a Frankräich aus, wou hien op Problemer wéinst senger sexueller Orientéierung stéisst. Hie packt et dann awer, eng Plaz als Coiffer ze fannen. Zu Yop City leeft de Garage vum Hervé a vum Mamadou iwwerdeems ëmmer besser, och wann de Mamadou dofir bei enger räicher Fra gewësse Géigeleeschtungen erbréngen muss. Doduerch bréngt de Mamadou et och fäerdeg, de Bobby besser ze versuergen an ergräift d'Geleeënheet, dem Adjoua nees méi no ze kommen, deem seng Bar ëmmer besser leeft.

Den Hervé denkt, datt d'Félicité näischt méi wéilt mat him ze dinn hunn, a léisst sech mam Rita an, wat als arrogant gëllt an den naiven Hergé nëmmen ausnotze wëll. D'Aya kritt dat mat an ass guer net ameséiert doriwwer.

D'Aya erlieft dann op der Uni en éischte Réckschrëtt. Nodeems säi Biologiesprofesser him ubitt, Nohëllef ze ginn, an d'Aya der gudder Absicht vum Professer Glawe schenkt, stellt sech eraus, datt deen nëmmen dovu profitéiere wëll, fir mat him ze schlofen. Hatt wiert sech dogéint a packt et, fortzelafen ier et vergewaltegt gëtt. Hatt erzielt awer sengen Elteren näischt well et sech schummt. Nëmme seng Frëndinnen, d'Bintou, d'Adjoua an d'Félicité, wëssen dovun. D'Bintou wëll him hëllefen, sech ze revanchéieren. Dat gëtt da gewuer, datt de Professer en immens räichen ass, deen an enger Villa lieft, an datt seng Fra eng Relatioun mam Mamadou huet, deen doduerch nei Cliente fir d'Garage kritt.[2]

Band 5 änneren

Am fënnefte Band probéiert d'Aya weider, sech u sengem Proff ze rächen. Hatt fënnt e Meedchen dat och sou Erfarunge mat deem Proff gemaach huet, a versicht, et z'iwwerzeegen, him ze hëllefen.

A Frankräich, beim Innocent, gi mer gewuer, datt deen eng Liaisoun mam Sébastien huet. Hie verléiert awer seng Plaz als Coiffer, a fäert, datt hien doduerch net a Frankräich bleiwen däerf.

Den Albert probéiert iwwerdeems, seng Homosexualitéit ze verstoppen, andeems e seng Famill gleewe léisst, e wier mat engem Meedchen aus dem Duerf zesummen. Well d'Meedchen awer net besonnesch schéin ass, sinn d'Elteren a besonnesch den Hyacinthe enttäuscht an hie vermutt, datt eppes net stëmmt. Den Hergé huet sech duerch d'Rita, seng nei Frëndin, ganz verännert. Wéi hien d'Rita awer mam Grégoire gesäit, decidéiert hien, dem Aya sengem Rot ze follegen an dem Félicité ze hëllefen.[3]

Band 6 änneren

De Moussa gëtt am leschte Band vu sengen Elteren erëmfonnt. Hien huet bei enger Hëllefsorganisatioun d'Sue vu sengem Papp verdeelt. Dee weist keng Gnod a suergt dofir, datt säi Bouf an de Prisong kënnt.

D'Aya huet am leschte Band den Didier kennegeléiert. Hatt fillt sech fir d'éischt Kéier richteg wuel bei engem Jong. Dee stellt d'Aya senger Famill vir, woubäi de Pätter vum Didier dee Biologiesprofesser ass, deen d'Aya belästegt huet. Hatt leeft fort a gëtt doheem krank. Seng Frëndinne kommen him zur Hëllef a gemeinsam kënne si Beweiser sammelen an de Professer der Police auszeliwweren.

Den Hyacinthe an den Ignace erhoffe sech, datt den Albert an d'Aya eng Liaisoun kéinte mateneen hunn. Si ginn awer enges Besseres beléiert, wéi den Hyacinthe gewuer gëtt, datt säi Fils homosexuell ass.

Den Hergé hëlleft iwwerdeems dem Mamadou, der Relatioun mat der räicher Fra en Enn ze setze fir kënnen definitiv fir d'Adjoua a säi Kand do ze sinn, andeems en him Sue léint.

Den Innocent verléift sech an de Sébastien an déi zwéi fänken eng Bezéiung un. Wéi dem Sébastien säi Papp si dunn awer erwëscht, geheit e se virun d'Dier.[4]

Haaptpersonnagen änneren

D'Famill vum Aya änneren

  • Aya: Den Haaptpersonnage deen e klore Kapp behält. Hatt well Dokter ginn a setzt seng Karriär virun eng Bezéiung. Domat grenzt et sech och vun senge Frëndinnen of.  
  • Ignace: Dem Aya säi Papp deen e konservatiivt Weltbild fleegt.
  • Fanta: dem Aya seng Mamm
  • Félicité: Hëlleft dem Aya senger Famill als Hausmeeschteren. Et ass schei awer schéin an hatt hëlleft dem Adjoua sech ëm de Bobby ze këmmeren.

D'Famill vum Adjoua: änneren

  • Adjoua: Dem Aya seng Frëndin, e schéint Meedchen deem seng Naivitéit zum Verhängnes gëtt. D'Mamm vum Bobby. 
  • Albert: De Brudder vum Adjoua, huet mat der Unerkennung vu senger Homosexualitéit ze kämpfen.
  • Hyacinthe: De Papp vum Adjoua.

D'Famill vum Bintou: änneren

  • Bintou: Dem Aya seng Frëndin, huet en imposéierende Charakter a vill komplizéiert Relatiounen.
  • Hervé: Dem Bintou säi Koseng, dee mat Hëllef vum Aya e Geschäft opbaut a mam Félicité zesummekënnt.

Aner Personnagen: änneren

  • Moussa: Bouf vum Bonaventure, deen d'Geld vun Doheem verschleidert. Hien ass kee besonnesch Seriéisen.
  • Bonaventure: E räiche Geschäftsmann an dem Moussa säi Papp.
  • Mamadou: gëtt dem Adjoua säi feste Frënd an ass och de Papp vum Bouf dee si zesummen hunn. Hie schafft mam Hergé an der Garage zesummen.
  • Innocent: Hat eng Relatioun mam Albert a geet a Frankräich wou e sech mat de selwechte Problemer wéi doheem muss auserneesetzen.

Kulturell-Geschichtlechen Hannergrond änneren

D'Côte d'Ivoire an de 70er an 80er Joren huet eng besonnesch Mëschung vun Afrikanescher traditioneller Kultur a Wäerter, déi sech mat den Europäescher Kultur vermëscht hunn. Op der enger Säit steet de Wirtschaftleche Wuesstem, an op der anerer de stännege Kampf fir Gläichberechtegung a Chancëgläichheet.

Haaptthemen a Gesellschaftskritiken änneren

Chancëgläichheet a Gläichberechtegung tëscht Mann a Fra änneren

D'Aya spillt als Haaptpersonnage besonnesch fir d'Emanzipatioun vun der Fra zu Yop City eng grouss Roll. Hatt ass dat eenzegt wat sech dem traditionellen Wee vu jonke Fraen zu Yopougon widdersetzt a seng Karriär virun d'Famill stellt. Famill heescht zu Yopougon virun allem e Mann ze fannen a sech doheem ëm d'Kanner ze këmmeren. D'Aya ass domat eng Ausnam, seng Frëndinne gi vu Relatioun zu Relatioun an hunn net vill individuell Ziler.

Zesummeliewen an der Famill an an der Gesellschaft änneren

Déi meescht Personnagen hu wärend der Erzielung méi wéi eng Bezéiung, an hir Weeër kräize sech ëfters. Hir Geheechnesser kënne se ni laang verstoppt halen an d'Onéierlechkeet gëtt am Comic an der Reegel bestrooft. D'Famill gëtt am Ufank als de stäerkste Bond tëscht de Leit presentéiert. Dee stellt sech dann awer als méi fragil eraus wei ufanks geduecht, wéinst der Onéierlechkeet an der Individualitéit vun hire Memberen. Et stellt sech eraus, datt munchmol d'Virstellunge vun den Elteren net mat de Virstellunge vun de Kanner iwwereneen stëmmen. An dem Sënn geet et och ëm d'Emanzipatioun vun de Kanner aus der Famill eraus, an enger Gesellschaft wou d'Famill an dat Bild wat se no baussen transposéieren en traditionellt ass, wou Zesummenhalt grouss geschriwwe gëtt. Dee „falschen“ Zesummenhalt gëtt am Comic kloer kritiséiert andeems d'Elteren an zemools d'Pappen hir Kanner net méi ënnerstëtze soubal wéi et géint hire Wëlle geet.

Aarmut, Schwangerschaft, Homosexualitéit a Geschlechterrolle ginn iwwerdeems och als zentral Theeme behandelt. Déi Theeme ginn dobäi iwwergräifend thematiséiert wéi de Fall vum Innocent weist, deen déi selwecht Problemer a Frankräich mat senger Homosexualitéit begéint wéi an der Côte d'Ivoire.[5]

Referenzen änneren

  1. Aya de Yopougon T3, Gallimard, 9 October 2007
  2. Aya de Yopougon T4, Gallimard, 21 November 2008
  3. Aya de Yopougon T5, Gallimard, 5 November 2009
  4. Aya de Yopougon T6, Gallimard, 25 November 2010
  5. Dal-Bianco, Claudia: Stereotypisierung von Armut. Eine Analyse der Graphic Novel „Aya“ von Marguerite Abouet und Clément Oubrerie, 2009