Den Hulk ass eng fiktiv Comicfigur, déi virun allem an de Wierker vum Comicverlag Marvel virkënnt. Se gouf vum Stan Lee an Jack Kirby zum Liewen erwächt a war déi éischte Kéier am Mee 1962 an der éischter Ausgab vun The Incredible Hulk ze gesinn.

Hulk
Createur Stan Lee, Jack Kirby
Ass en(g) Comicfigur, Filmfigur
Geschlecht männlech
Aktivitéit Wëssenschaftler
Universum
Aus Marvel Universum
Produktiounsland USA
Logo vun The Incredible Hulk

An de Comicbicher gëtt d'Geschicht vum Nuklearphysiker Dr. Bruce Banner erzielt. Dëse gouf wärend engem Experiment mat enger Bomm Affer vun engem Accident an ass doduerch Gammastralen ausgesat gewiescht. Duerch dësen Accident verwandelt hie sech an en iwwermënschlecht Wiesen, wann hie gestresst oder rosen ass.  

Fir vill Comicauteure gëllt d'Figur vum Hulk als Symbol vu Roserei a psychescher Belaaschtung. An och an der moderner Gesellschaft ass dëse Superheld extreem beléift. En ass vill op Kleedungsstécker an Accessoiren ze gesinn. Och am kënschtleresche Beräich ass den Hulk ze fannen. A ville Raptexter gi Referenzen op dës Comicfigur gemaach. Den Hype ëm den Hulk geet souguer esou wäit, datt e portugisesche Foussballspiller no him benannt ginn ass.

Publikatiounsgeschicht änneren

Déi original Serie vum Hulk ass no der sechster Ausgab am Mäerz 1963 ofgesat ginn. Bis zu dësem Zäitpunkt hat de Stan Lee all Geschicht geschriwwen. Den Jack Kirby hat déi fënnef éischt Ausgabe gezeechent an ass fir déi sechst vum Steve Ditko ofgeléist ginn. 1964 krut den Jack Kirby e Bréif vun Universitéitsstudenten déi d'Figur vum Hulk als hire Maskottche gewielt haten. Sou hunn de Kirby an de Lee gemierkt, datt hir Figur en neien Publikum hätt. Dono hat d'Figur vum Hulk vill Gaaschtoptrëtt an anere Comics, wie zum Beispill an The Fantastic Four, an hie war dunn och ee vun de Matgrënner vun den Avengers.

Am selwechte Joer krut den Hulk dunn och en Optrëtt an der Tales to Astonish Serie. Dësen neien Feature vum Hulk ass op en neits vum Stan Lee geschriwwe ginn an den Steve Ditko war den Zeechner. Déi 102. Ausgab vun dëser Serie ass am Abrëll 1968 wéinst dem grousse Succès vun der Figur vum Hulk an The incredible Hulk vol. 2 ëmgenannt ginn. Dës Serie ass bis 1999 gelaf. Marvel huet dono Hulk#1 publizéiert an domat eng nei Serie gestart.

Tëscht 1974 an 1978 war de Len Wein den Auteur vun der Serie. Dësen huet an de Comichefter Nr.180 an Nr.181 de Personnage vum Wovlerine erfonnt, deen eng vun de bekanntste Marvelfigure ginn ass. De Len Wein huet och déi schwaarz-wäiss Serie The Rampaging Hulk, déi 1977 verëffentlecht ginn ass, geschriwwen. Dës ass eng zousätzlech Iwwergangsgeschicht vum Hulk tëscht dem Originalcomic The Incredible Hulk an dem Hulk-Feature an Tales to Astonish.

Vum Mäerz 1980 bis November 1985 ass The Incredible Hulk vol.2 vum Bill Mantlo geschriwwe ginn, bei deem d'Iddi opkomm ass, datt de Banner als Kand mëssbraucht ginn ass; eng Iddi, déi am weidere Verlaf vun der Serie ëmmer méi ausgebaut ginn ass.

1986 ass de Peter David den Auteur vun der Serie The Incredible Hulk ginn a mat him huet sech de Charakter vum Banner staark verännert. De Lieser gouf ewell méi iwwert dem Banner seng Kandheet gewuer. Hie gouf als e Mënsch mat massive psychesche Problemer duergestallt, schonn éier hie sech duerch den Accident an den Hulk verwandelt huet. Den David stellt d'Figur vum Dr. Banner als en Affer vu multipelle Perséinlechkeeten duer. En plus huet hien ugefaangen, dem Hulk méi Perséinlechkeeten ze ginn; de Savage Hulk, de Joe Fixit an de Professer. De Savage Hulk oder och Green Hulk genannt ass déi bekanntste Form vum Hulk. De Mr. Fixit as eng gro Form vum Hulk an de Professer ass eng Fusioun vum Dr. Banner, dem Savage Hulk an dem Mr. Fixit. No Differenze mat Marvel huet de Peter David d'Serie 1998 verlooss.

No der Zäit vum David gouf et eng Rei vun neien Auteure fir den Hulk, vun deene sech awer kee fir eng méi laang Zäit als Auteur konnt behaapten. Déi zwéi bedeitendst vun hinne waren de Paul Jenkins an de Bruce Jones. De Paul Jenkins huet d'Figur vum General Ryker an der Serie agefouert. Dëse war fir den Test vun der Gamma-Bomm, wéinst där de Bruce Banner sech an den Hulk verwandelt huet, verantwortlech, a plangt elo, weider Kreature wéi den Hulk ze erschafen. De Bruce Jones huet de Personnage vum Mr. Blue erfonnt, deen dem Hulk dobäi hëlleft, géint eng Verschwierung ze kämpfen. Dobäi handelt et sech em eng Horror-Handlung, déi den Hulk als Flüchtling gesäit. De Bruce Jones war fir 43 Ausgaben den Auteur vun der Serie.

De Peter David ass fir ee Joer als Auteur vum Hulk zeréck komm, fir déi limitéiert Serie Tempest Fugit, fir déi hie schonn en Kontrakt ënnerschriwwen hat, an déi lafend Hulk-Serie anzebauen. No engem Epilog huet den David d'Serie awer direkt erëm verlooss.

2006 huet de Greg Pak d'Serie iwwerholl. Am Mee 2007 huet Marvel dunn eng Crossover Serie mam Numm World War Hulk gestart. Am September 2009 ass The Incredible Hulk vol. 2 mat der 600. Ausgabe nach eng Kéier gestart ginn an ass no zwee weideren Hefter an The Incredible Hulks ëmgenannt ginn.

Wéi vill aner Comicfiguren ass och d'Figur vum Hulk verfilmt ginn. 1977 gouf et zwee Filmer, a vun 1978 bis 1982 souguer eng Tëleesserie. Spéider goufen nach weider Filmer verëffentlecht, an deenen jeeweils een anere Schauspiller d'Haaptroll vum Dr. Bruce Banner iwwerholl huet. Déi bekanntste Verfilmunge sinn déi, déi am Marvel-Cinematic-Universe entstane sinn. Den Ufank vun dëse Filmer mécht den Hulk aus dem Joer 2008, an deem den Edward Norton d'Roll vum Hulk hat. No engem Sträit tëscht dem Norton a Marvel huet de Mark Ruffalo d'Roll iwwerholl. Dëse krut allerdéngs keen eegene Film méi. Hie spillt awer als Hulk eng Haaptroll an den Avengers Filmer, déi zanter 2012 verëffentlecht ginn sinn.  

Handlung vum Comic (1962-1999) änneren

Wärend der experimentellen Detonatioun vun enger Gamma-Bom rett de Wëssenschaftler Dr. Robert Bruce Banner den Teenager Rick Jones, deen op den Testfeld gefuer war. Bei dëser Rettungsaktioun geréit den Dr. Bruce Banner awer matzen an d'Explosioun an absorbéiert doduerch massiv Gammastrahlen. Hien erwächt méi spéit scheinbar onverletzt. An der Nuecht verwandelt hie sech awer fir déi éischt Kéier an déi grouss iwwermënschlech staark Kreatur, déi spéider als Hulk bekannt gëtt. Ursprénglech war een der Meenung, datt de Banner sech nom Sonnenënnergang an den Hulk verwandelt an duerch de Sonnenopgank erëm normal gëtt. Am weidere Verlaf vun der The Incredible Hulk Serie gëtt awer festgestallt, datt den Dr. Banner sech an den Hulk verwandelt wann e rose gëtt. Am The Incredible Hulk #4 Banner ass de Banner geheelt ginn. Hien trefft dann d'Decisioun déi iwwernatierlech Kräfte vum Hulk mat senger eegener Intelligenz ze combinéieren, mam Ziel seng Verwandlungen an Zukunft kontrolléieren ze kënnen.  Am The Avengers #1 aus dem September 1963 zielt de Hulk zu de Grënner vun der Superheldeninitiative Avengers. Am drëtte Band vun dëser Serie huet de Banner Gammastrahlmaschinen ze vill benotzt an den Hulk ass onkontrolléierbar ginn a ka sech zu all Moment verwandelen. An der Tales to Astonish Serie, déi och an den 1960er Jore publizéiert ginn ass, gëtt den Hulk ëmmer méi primitiv a méi brutal. Am Verlaf vun der Serie gëtt de Banner awer ëmmer besser mat der Perséinlechkeet vum Hulk eens. An der Ausgab #77 gëtt dem Banner seng Identitéit als Hulk da verëffentlecht, well de Rick Jones mengt de Banner wier dout, a seng Identitéit doropshin engem Offizéier vun der Arméi verréit. Doduerch gëtt de Banner dann zu engem gesichte Kriminellen.

An den 1970er ziele vill Comics dovun datt den Hulk an aner Dimensioune gereest ass an, datt den Dr. Banner sech bal bestuet huet. Seng grouss Léift, Betty Ross, bestuet awer een aneren.

An den 1980er kann de Banner seng Verwandlungen nees steieren a kritt sou Kontroll iwwert den Hulk. Ausserdeem, ass hie fir seng lescht Verbriechen, oder besser gesot Zerstéierungen, entschëllegt ginn. Hie verléiert Kontroll iwwert den Hulk awer erëm, well den Nightmare, ee vum Hulk senge schlëmmste Feinden, hie manipuléiert huet. Dem Dokter Samson geléngt et dann de Banner an den Hulk physikalesch vuneneen ze trennen. De Banner gëtt da vun der U.S.-Regierung rekrutéiert fir d'Hulkbusters, eng Spezialeenheet fir den Hulk ze fänken, ze grënnen. An The Incredible Hulk #319 ginn den Hulk an de Banner dann erëm vereent. An der Ausgab #347 ass dunn déi gro Versioun vum Hulk, de Joe Fixit, déi éischt Kéier opgetrueden.

An den 1990er Joren ass de gréngen Hulk erëm zeréckkomm. Den Banner a seng Perséinlechkeete vum Savage Hulk a Grey Hulk gi mam Banner senger schwéierer Kandheet konfrontéiert. An dësem Zesummenhang fusionéiere sech des Perséinlechkeeten an de Merged Hulk. Ausserdeem ass den Hulk der Organisatioun Pantheon bäigetrueden. Dëst ass eng geheim Organisatioun vu Persounen, déi wie den Hulk selwer iwwermënschlech Kräfte hunn.

Charakteriséierung änneren

Figur vum Hulk huet zwou Perséinlechkeeten, eng mënschlech an eng iwwermënschlech. Déi mënschlech Perséinlechkeet ass déi vum Dr, Bruce Banner, engem kierperlech schwaachen an anti-sozialem Wëssenschaftler. Déi iwwernatierlech ass déi, an déi de Bruce Banner sech verwandelt wann e sech opreegt. Dëst sinn zwou separat Perséinlechkeeten.

Dr. Bruce Banner änneren

Iwwer d'Jore gouf de Bruce Banner, wie sou zimmlech all Comicfigur, op vill verschidden Aart a Weise porträtéiert. Am alleréischte Comic, The Incredible Hulk #1, gëtt de Banner als sarkasteschen a selbstbewosste Physiker duergestallt.. Am Comic gëtt awer och gewisen, datt hien emotional distanzéiert ass. Den Dr. Banner entwéckelt d'Gamma-Bombe duerch déi hie sech verwandelt selwer a besigelt domat ironescherweis säin eegent Schicksal. Als Kand sinn de Banner a seng Mamm oft vum Papp geschloe ginn. Sou ass beim Banner d'Angscht virun der Roserei entstanen, an och d'Angscht vum Zerstéirungpotential vun der Roserei, wann een des net kontrolléiere kann. Dëst huet hie geléiert sech emotional zeréck ze zeien. Duerch d'Ënnerdrécke vu sengen Emotioune koum et bei him zu enger dissoziativer Identitéitsstéierung.

Trotz senger emotionaler Distanz a senger Identitéitsstéierung ass de Banner e Genie a säi Verstand kéint mat kengem existéierenden Intelligenztest gemooss ginn. Hien ass eng immens virsiichteg Persoun a probéiert Geforen aus dem Wee ze goen. Just wann et dorëms geet Persounen déi hie gär huet ze retten, da kennt hie keng Gefor. Ausserdeem, probéiert de Bruce Banner den Hulk z'ënnerdrécken, wat him awer leider net geléngt. An de Comics ka sech de Banner a verschidde Versioune vum Hulk verwandelen an ass a senger normaler Gestalt, ausser sengem Verstand, net vun engem normale Mënsch z'ënnerscheeden. Hien huet also keng iwwermënschlech Kraaft.  

Hulk änneren

Bei der Charakteriséierung vum Hulk muss en déi verschidde Versiounen déi et vun him gi berécksiichtegen.

De Savage Hulk, déi bekannt gréng Form vum Hulk, huet d'Intelligenz vun engem klenge Kand. De Savage Hulk schwätzt an der drëtter Persoun. Hien ass ëmmer rosen, reagéiert séier emotional a verschiddene Situatiounen. De Savage Hulk distanzéiert sech vun der Identitéit vum Banner a bezeechent deen dacks als „puny Banner“. Déi Form vum Hulk gëtt ëmmer gréng an extreem muskuléis duergestallt, a gëtt ëmmer méi grouss a méi staark wat e méi rose gëtt.

De Grey Hulk oder och Mr. Fixit ass duerchschnëttlech gescheit, arrogant a manipulativ. Et ass déi klengst Versioun vum Hulk, déi awer ëmmer nach méi grouss ass wie en duerchschnëttleche Mënsch.

De Merged Hulk oder de Professer ass eng Fusioun tëscht dem Dr. Banner, dem Savage Hulk an dem Grey Hulk. Et ass de frëndlechsten Hulk. De Merged Hulk gëtt als déi perfekt Versioun vum Hulk ugesinn. Hie ka keng Angscht, keng Roserei a keng Péng spieren a verkierpert d'Idealer vun der Intelligenz a vum Heldentum.

Da gëtt et nach den Devil Hulk. Dat ass déi schlëmmst a geféierlechst Versioun vum Hulk. Den Devil Hulk wëll alles zerstéieren a probéiert ëmmer aus dem Banner sengem Ënnerbewosstsinn auszebriechen.

Websäiten änneren