Tintin au Congo ("Den Tintin am Kongo") ass den zweete Band aus der Comicserie Dem Tintin seng Geschichten, gezeechent vum belschen Auteur Hergé. Dëse Comicalbum ass fir d'éischt tëschent 1930 an 1931 an der belscher Zeitung Le Petit Vingtième verëffentlecht ginn an duerno am Joer 1931 als schwaarz-wäissen Album erauskomm.

Tintin au Congo
Sprooch Franséisch
Erauskomm 1931
Auteur Hergé
Band virdrun Tintin au pays des Soviets
Band duerno Tintin en Amérique


Fichier:Logo Tintin au Congo.jpg
Offizielle Logo

Handlung[1] änneren

Den Tintin a säi Mupp Milou reesen zesummen an de belsche Kongo, well den Tintin als Reporter do senger Aarbecht nogoe soll. Scho bei der Rees bis an de Kongo ginn déi zwéi vu verschiddene Virfäll opgehalen. Sou gëtt de Milou vun engem Papagei, dem Tom, deen ee vum Tintin senge Feinden ass, a vun engem Hai ugegraff. Am Kongo ukomm, ginn déi zwéi festlech vum Vollek begréisst. Mam Coco, engem indigene Jong, deen den Tintin engagéiert huet, geet d'Rees da lass. Mä och hei kënnen déi zwéi sech net ausrouen. Als Éischt muss den Tintin säi Mupp virun engem Krokodil an da virun engem Af retten. An da kréien se hiren Auto vun Tom geklaut, deen se awer kuerz drop zeréck kréien, mee ouni ze wësse wien deen Déif ass.

Zesumme mam Coco geet hir Rees weider an se besichen en indigeent Duerf. Weiderhin ass den Tom dem Tintin op der Spuer, ouni dass se senger lass ginn. Méi wéi eng Kéier probéiert hien, den Tintin ëmzebréngen. Beim leschte Versuch gëtt den Tintin de Krokodillen an de Milou enger Boa virgeheit, mee och hei kënne s'entkommen a gi vun engem Missionnaire gerett. Deen hëlt den Tintin mat op seng Missioun, wou e Mathescoursë gëtt an op Elefantejuegd geet. Mä en ass weiderhin den Ugrëff vum Tom ausgesat. Schlussendlech gëtt den Tom vu Krokodille gefriess, wat awer dem Tintin seng Intentioun war[onkloer].

Doropshi fënnt den Tintin eraus, datt den Tom vum Al Capone engagéiert gi war. Den Al Capone ass den Uféierer vun Diamanteschmuggler, déi d'Kontroll iwwer d'Diamanteproduktioun am Kongo iwwerhuele wollten. Deen hat iertemlecherweis geduecht, den Tintin wier nëmmen an de Kongo gereest, fir säin Onwiesen opfléien ze loossen, wat doropshin och geschitt ass. Schlussendlech konnten den Tintin an de Milou nach vun hirer Fräizäit an Afrika profitéieren éier se nees vun engem Fliger ofgeholl goufen.

Hannergrond[1] änneren

Historesche Kontext änneren

Den Auteur Georges Remi, bekannt ënnert sengem Pseudonym Hergé, ass 1925 bei der belscher Dageszeitung Vingtième Siècle agestallt ginn. Et kann een hei vun enger chrëschtlech konservativer Zeitung schwätzen, déi awer och oft faschistesch Zich an sech hat. Bis 1928 war den Hergé gréisstendeels als Fotograf an Zeechner täteg, mee déi meeschten Zäit vu senger Aarbecht huet hie sech ëm méi kleng graphesch Aufgabe gekëmmert. An deem Kontext huet hie Comicserië realiséiert. No der éischter Editioun vum Tintin, Tintin chez les Soviets, war et un der Zäit fir eng nei Realisatioun. Den Norbert Wallez, Chefredakter vun der Dageszeitung hat sech dofir entscheet, den Tintin op senger nächster Rees an de Kongo ze schécken[2]. E wollt gréisstendeels domat erreechen, dass bei jonke Lieser kolonialistescht Denken entstoe sollt. De Kongo war zanter 1908 en Deel vum belschen Territoire.

Fir seng Dokumentatioun hat den Hergé en zimmlech grousse Choix. Éischtens hat d'Exposition coloniale de Paris e ganz groussen Erfolleg. Zousätzlech hunn Zeitungen oder Bicher reegelméisseg iwwert de Kongo bericht. Den Hergé hat doduerch eng grouss Auswiel un Informatiounen, déi en och a säi Comic mat agebaut huet. Wärend dem Tintin senger Rees si vill verschidden Objeten duergestallt, déi a Relatioun mam Kongo stinn, wéi zum Beispill den Anotia, e mënschleche Leopard. Mam Schluss vun der Geschicht gi mer och gewuer, dass den Al Capone d'Diamanteproduktioun am ganze Land kontrolléiere wëll. Dëst ass och a Wierklechkeet eng vun de wichtegste Quelle fir d'Recette vum Land.

Publikatioun änneren

Nom Enn vun der Rees vum Tintin bei d'Soviets annoncéiert de Milou am Le Petit Vingtième seng nächst Rees a Richtung Kongo. Vum 5. Juli 1930 un, gëtt d'Serie all Woch an der Zeitung publizéiert an dëst bis an de Juni 1931. Den 9. Juli 1931 organiséiert d'Zeitung de symbolesche Retour vum Tintin a sengem Mupp op der Gare du Nord zu Bréissel. Den Henry den Doncker, verkleet als Tintin, e klenge wäisse Mupp an den Hergé gi frenetesch vun enger grousser Mass vun Zuschauer empfaangen, wat vir de groussen Erfolleg vum Album steet. Doraus entsteet en ganze kommerziellen Opschwong em dem Hergé säin Tintin, deen duerno als Album vir de Verkaf an de Librairien ze kréien ass.

Elleng am Joer 1931 ginn 10.000 Exemplare vum Album verkaaft, vun deenen der 500 nummeréiert an ënnerschriwwe vum Tintin a Milou waren. Des limitéiert Versioune sinn haut bal net méi ze fannen an hunn een enorme Wäert. 1937 gëtt Casterman den neie Verlag vir dem Tintin seng Reesen, wat och puer Ännerunge mat sech brénge sollt. Sou kréien d'Albumen eng nei Couverture an d'Referenze verschwannen aus de Comicbullen. Wärend dem Zweete Weltkrich kënnt et zu weideren Ännerungen, déi d'Zuel vu verkaaften Albumen op 25.300 schrauwen.

Nei faarweg Oplag[1] änneren

Mam Zweete Weltkrich verschwënnt de Vingtième Siècle aus den Zeitungsbutteker. Vun deem Moment u publizéiert de Le Soir, eng aner belsch Dageszeitung, dem Tintin seng Geschichten. Mat der Occupatioun vun der Belsch wärend dem Krich, koum et zu enger Penurie u Pabeier déi déi verschidden Zeitunge viru Problemer gesat huet. Dobäi koum nach, dass de Verlag gemierkt huet datt d'Verkafszuele vum Tintin a Frankräich an an der Schwäiz drastesch erofgaangen sinn, gréisstendeels well den Tintin nach ëmmer a schwaarz-wäiss gedréckt gouf. Casterman an den Hergé schaffen doropshin zesumme vir eng faarweg Oplo vum Tintin am Kongo op de Maart ze bréngen.

Den Hergé konnt des ganz Aarbecht awer net eleng meeschteren, an huet sech sou mam Edgar P. Jacobs zesummegesat. Si hu vill Ännerunge virgeholl déi de Comic virun allem moderniséiere sollten. Si molen dem Tintin seng Aventure ganz nei, fierwen se a verkierzen se vun 115 op 62 Placken. D'Biller gi gréisstendeels all erëm benotzt, dofir ginn awer d'Detailer am Hannergrond geännert an d'Gespréicher méi fléissend gemaach. Duerno gëtt den Album a senger faarweg Oplag am Joer 1946 verëffentlecht.

Kontroversen[3] änneren

D'Kontroversen ëm dem Hergé säi Band „Tintin au Congo“ sinn den 10. Februar 2012 rëm an d'Aktualitéit komm. Den Här Mbutu Motondo, e belsche Resident mat kongoleesesche Wuerzelen, hat nämlech am Juli 2007 eng Plainte géint den Hergé a säin Album gemaach. Him huet virun allem di rassistesch a xenophob Aart a Weis, wéi dem Tintin seng Aventure an der faarweger Versioun duergestallt ass, net gefall. Déi Plainte krut hien am Joer 2012 awer refuséiert, well dem Gericht no kéint een dem Hergé, wéinst dem deemolegen historesche Kontext, kee sou ee Wëlle virgeheien. Eng Poleemik déi hiren Ursprong awer schonn an de 70er Joren hat.

Kritik iwwert déi rassistesch Hannergrënn änneren

Dem Hergé si wéinst sengem Album „Tintin au Congo“ virun allem kolonialistesch a rassistesch Reproche gemaach ginn. Déi kongoleesesch Indigene ginn hei gréisstendeels naiv a kannereg duergestallt. Dës sti fir déi europäesch Virurteeler géigeniwwer den Afrikaner an deenen zuelräiche Kolonien déi et an Afrika goufen. Sou gräift den Hergé bei den Indigenen op et net perfekt Franséisch zeréck. Wierder vum Coco wei tomobile amplaz automobile an li amplaz il, weisen déi ridiculiséiert Duerstellung[4].

Déi lächerlech Duerstellung vum kongoleesesche Vollek ass sou gewollt. Sou sinn op der Säit 20, beim Accident mat engem Zuch, d'Fraen op eng komesch Aart a Weis ugedoen. Eng vun hinnen huet e Pelzemantel un an ass dobäi buerféiss ennerwee, eng Aner huet eng Krawatt un. Dës Detailer passen net wierklech an déi afrikanesch Traditiounen, wat eis weist datt den Hergé déi europäesch Gewunnechten a Punkto Kleeder imitéiere wollt. Mee och op moralescher Héicht ginn déi Indigen schlecht behandelt. Bei der Kollisioun vum Tintin sengem Auto mat der Lokomotiv, ass de Milou deen eenzegen dee probéiert den Zuch erëm opzeriichten. Dat soll dat liddregt Behuele vum kongoleesche Vollek duerstellen.

Spéiderhin huet den Hergé och zouginn datt d'Realisatioun vun dëser Ausgab duerch eng naiv Meenung iwwert den afrikanesche Kontinent entstanen ass. Bei der zweeter Ausgab aus dem Joer 1946 ass doduerch all Hiwäis, datt d'Belsch dem Tintin seng Heemecht ass an datt de Kongo am Joer 1930 eng Belsch Kolonie war, aus dem Comic geläscht ginn. D'Geschicht ass domat vereinfacht a fir nei international Lieser optiméiert ginn. Wat dem Hergé awer keng aner Kriticken erspuere sollt. Virun allem déi rassistesch Duerstellunge sinn duerch déi nei faarweg Oplo nämlech erhale bliwwen. An den USA an an England ass déi Versioun réischt 2005 verëffentlecht ginn, mee nëmmen ënnert dem Virwand datt den historesche Kontext vun deemools déi Geschicht kredibilitéiert[5]. An Däitschland ass déi faarweg Oplo och réischt 1976 op de Marché komm[4].

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 1,2 Tintin au Congo, in;. Gekuckt de(n) 24.12.2019.
  2. Mais c'est quoi le problème avec "Tintin au Congo". Gekuckt de(n) 20.12.2019.
  3. Girard, Eudes. « Une relecture de Tintin au Congo », Études, vol. tome 417, no. 7, 2012, pp. 75-86.
  4. 4,0 4,1 Tim im Kongo. Gekuckt de(n) 24.12.2019.
  5. L'interminable controverse sur "Tintin au Congo". Gekuckt de(n) 24.12.2019.