Assassination Classroom

Assasination Classroom (jap. 暗殺教室, Ansatsu Kyōshitsu) ass eng Manga-Serie vum Yusei Matsu, déi tëschent Juli 2012 a Mäerz 2016 a Japan erauskoum. D'Serie ass tëschent 2015 an 2016 och als Anime-Televisiounsserie produzéiert ginn a koum och als Anime-Kuerzfilm eraus. Assasination Classroom ass dem Genre Action a Kaméidi anzeuerdnen[1].

Logo.
Cosplay-Kostüm vum Koro Sensei, Assassination Classroom

Handlung änneren

D'Manga-Serie handelt vum Oktopus-änleche Meeschter Koro-Sensei, dee sech mat Mach 20 beweege kann, a senge Schüler, déi d'Aufgab hunn, hien ëmzebréngen an domat d'Vernichtung vun der Äerd ze verhënneren.

De Koro-Sensei huet schonn am Ufank vun der Serie ëm déi 70 % vum Mound zerstéiert, a plangt och d'Äerd komplett ze vernichten. Ier en dee Plang ëmsetzt wëll hie fir d'éischt fir ee Joer de Schoulmeeschter vun der Klass 3-E vun der Kunugigaoka-Mëttelschoul sinn. An déi Klass kommen déi schlechtst Schüler vun der Schoul a se gi vun allen anere Kanner gemidden. Doriwwer eraus ass hire Klasseraum an engem separate Gebai op engem Bierg.

D'Schüler vun der 3-E däerfen zanter dem Ufank vun hirem neie Schouljoer all Methode benotze fir hiren neie Meeschter ëmzebréngen, dobäi kréie se Hëllef vun enger geheimer Organisatioun vun der Regierung. Si kruten dofir Waffe mat Munitioun, déi nëmmen de Kuro-Sensei blesséiere kënnen, awer net d'Mënschen. Fir d'Ëmbrénge vun hirem Schoulmeeschter kréien d'Schüler 10 Milliarde Yen.

De Koro-Sensei ass am Manga de perfekte Meeschter deen all Stäerkte vu senge Schüler erausbréngt, a wouduerch seng Schüler a ville Liewensberäicher méi erfollegräich ginn. D'Schüler verbesseren hir Notten, ma och hir Killer-Kenntnesser. Eng zentral Roll am Manga spillt den Nagisa Shiota, deen am Laf vun der Geschicht all d'Schwächte vum Kuro-Sensei notéiert.

Niewent dem Koro-Sensei späert d'Regierung och aner Persounen am Klassesall an. D'Irina Jelaprofvic ("Bitch-Sensei" vun de Schüler genannt), eng Profi-Killerin, gëtt déi nei Englesch-Professesch vun der Klass. Den Tadaomi Karasuma, ee Mataarbechter vum Verdeedegungsministère, gëtt den neie Sportsproff, deen de Kanner nei Methode bäibréngt, fir de Koro-Sensei ëmzebréngen. Och aner Personnagen trieden am Laf vun der Geschicht op.

Personnagen änneren

Schoulpersonal änneren

Koro-Sensei änneren

 
Koro-Sensei

De Koro-sensei ass de Regent vun der Klass 3-E vun der Kunugigaoka Junior High School an en ass den Haaptpersonnage an den Haapt-Antiheld vun Assasination Classroom. Hien huet zouginn, datt hien de Mound zerstéiert huet, doriwwer eraus géif en d'Äerd zerstéieren, nodeems en d'Klass 3-E fir ee Joer iwwerholl hätt[2].

Tadaomi Karasuma änneren

Den Tadaomi Karasuma ass een Agent vum japanesche Verdeedegungsministère, dee sech ëm den Encadrement vum Kuro Sensei bekëmmert. En ass de Sportsproff vun der Klass 3-E a weist de Schüler, mat wat fir Methode si de Koro Sensei ëmbrénge kënnen.[3]

Irina Jelavić änneren

D'Irina Jelavić ass eng Profi-Killerin, déi vum japanesche Staat agestallt gouf, fir de Koro Sensei ëmzebréngen, mä nodeems dat net geklappt huet, ass si den Engleschprof vun der Klass ginn[4].

Klass 3-E änneren

Nagisa Shiota änneren

Den Nagisa Shiota ass ee Schüler vun der Klass 3-E an de Protagonist an Haapt-Erzieler vun Assassination Classroom. Den Nagisa Shiota ass een schmächtege Jong deen dacks mat engem Meedche verwiesselt gëtt. Trotzdeem huet hien een natierlechen Talent, fir Killer ze sinn[5].

Kaedo Kayano änneren

D'Kaedo Kayano (eigentlech Akari Yukimura) ass eng Schülerin vun der Klass 3-E. Hatt ass ee vun de beschte Frënn vum Nagisa an heemlech an hie verléift. D'Kaedo ass eng léif a frëndlech Persoun déi awer e Geheimnis virun deenen anere verstoppt[6].

Karma Akabane änneren

De Karma Akabane ass och e Schüler vun der 3-E. Hie war fréier wéinst sengem aggressive Verhale schonn eng Kéier vun där Schoul geflunn. Nodeems de Kuro Sensei agestallt gouf, ass de Karma Akabane erëm opgeholl ginn, well säi fréiert Behuele nëtzlech fir d'Ëmbrénge vum Kuro Sensei ka sinn[7].

Ritsu änneren

D'Ritsu (律, Ritsu),och Autonomously Intelligent Fixed Artillery (自律思考固定砲台, Jiritsu shikō kotei hōdai), ass eigentlech e Roboter, deen d'japanesch Regierung an d'Klass geschleist huet fir de Kuro sensei ëmzebréngen. De Programm vun Ritsu gouf awer vum Kuro Sensei geännert, sou datt d'Ritsu wéi eng normal Schülerin wierkt.[8]

Tomohito Sugino änneren

De Sugino ass ee Jong voller Energie, dee gär Baseball spillt. En ass e frouen a frëndleche Mënsch, dee mat jiddwerengem aus der Klass gutt eens gëtt[9].

Yūma Isogai änneren

Den Isogai ass de gebuerene Leader vun der Klass, seng Stäerkte sinn, datt en all individuell Stäerkte vu senge Matschüler erkennt a fërdert. Hien ass ee vun den zwéi Klassespriecher.[10]

Megu Kataoka änneren

D'Kataoka ass Klassespriecherin. Hatt ass ganz rational an hält all d'Jonge vun der Klass an der Gitt, fir datt déi keng Dommheete maachen[11].

Manami Okuda änneren

D'Okuda ass en zimmlech scheit Meedchen an huet vill Problemer an de Sproochen, dofir hält et sech éischter am Hannergrond[12].

Yukiko Kanzaki änneren

D'Kanzaki ass e schéint Meedchen, dat vun all de männleche Matschüler bewonnert gëtt. Dat läit deelweis un der feiner Aart a Weis wéi et mat senge Matmënschen ëmgeet.[13]

Taiga Okajima änneren

Den Okajima ass de Perversling vun der Klass, deen et awer oppen zougëtt. E liest gär Erotik-Magasinner, grad sou wéi de Koro-Sensei.[14]

Verëffentlechung änneren

D'Manga-Serie koum vum 2. Juli 2012 bis de 25. Mäerz 2016 am Magazin Weekly Shonen Jump vum Sheisha-Verlag an 180 Eenzelkapitele souwéi 5 Zousazkapitelen eraus. Se gouf an am Ganzen 21 Sammelbänn publizéiert, déi allkéiers iwwer 500.000-mol verkaaft goufen.[15],[16]

D'Serie gouf a verschidde Sproochen iwwersat, ënner anerem op Däitsch, Franséisch, Spuenesch a Chineesesch.

Lëscht vun de Manga-Bänner[17] änneren

 
Assassination Classroom 5 cover
Band Japan
Erauskomm ISBN
2012-11-022. November 2012 | ISBN 978-4-08-879270-5
2012-12-2828. Dezember 2012 | ISBN 978-4-08-879396-2
2013-03-044. Mäerz 2013 | ISBN 978-4-08-879459-4
2013-05-022. Mee 2013 | ISBN 978-4-08-870667-2
2013-07-044. Juli 2013 | ISBN 978-4-08-870769-3
2013-10-044. Oktober 2013 | ISBN 978-4-08-870821-8
2013-12-2727. Dezember 2013 | ISBN 978-4-08-870854-6
2014-03-044. Mäerz 2014 | ISBN 978-4-08-880028-8
2014-05-022. Mee 2014 | ISBN 978-4-08-880059-2
2014-07-044. Juli 2014 | ISBN 978-4-08-880137-7
2014-10-033. Oktober 2014 | ISBN 978-4-08-880194-0
2014-12-2727. Dezember 2014 | ISBN 978-4-08-880223-7
2015-03-044. Mäerz 2015 | ISBN 978-4-08-880317-3
2015-05-011. Mee 2015 | ISBN 978-4-08-880354-8
2015-07-033. Juli 2015 | ISBN 978-4-08-880425-5
2015-10-033. Oktober 2015 | ISBN 978-4-08-880485-9
2015-12-2828. Dezember 2015 | ISBN 978-4-08-880581-8
2016-03-044. Mäerz 2016 | ISBN 978-4-08-880627-3
2016-04-044. April 2016 | ISBN 978-4-08-880651-8
2016-06-033. Juni 2016 | ISBN 978-4-08-880686-0
2016-07-044. Juli 2016 |ISBN 978-4-08-880727-0

Anime änneren

Kuerzfilm änneren

2013 gouf ënner der Regie vum Keiji Goto och e Kuerzfilm op Grondlag vum Manga produzéiert. D'Produktioun dervu gouf vum Studio Brain's Base iwwerholl. De Film gouf a 5 japanesche Stied am Kader vun der Jump Super Anime Tour vum 6. Oktober bis de 24. November 2013 gewisen[18].

Televisiounsserie änneren

De Studio Lerche huet de Manga ënnert der Regie vum Seiji Kishi als Televisiounsserie adaptéiert. Déi éischt Staffel mat 22 Episode gouf vum 10. Januar bis den 20. Juni 2015 op Fuji TV no Hallefnuecht ausgestraalt, spéiderhin och nach op Kansai TV, Tōkai TV, Hokkaidō Bunka Hōsō, Sakuranbo TV, Kōchi Sun Sun TV, Iwate Menkoi TV, BS Fuji, Saga TV an TV Nagasaki. Déi zweet Staffel koum tëscht dem 8. Januar an dem 1. Juli 2016 am Ëffentleche Fernsee eraus. D'Serie gouf mat 47 Episoden ofgeschloss.

D'Musek vun der Serie ass vum Naoki Satō. Bei der éischter Staffel gouf als Musek vum Generique fir d'éischt Seishun Satsubatsuron (青春サツバツ論) an dann Jiriki Hongan Revolutioun (自力本願レボリューション) benotzt. Déi Lidder goufe vun de Stëmmacteure vun deene verschiddene Personnagë selwer gesongen, wéi z. B. vun de Figuren Nagisa Shiota, Kaede Kayano, Karma Akabane, Yūma Isogai (Ryōta Ōsaka) an Hiroto Maehara (Shintarō Asanuma). Als Ofspantitel gouf Hello, shooting-star gesongen.

Bei der zweeter Staffel koum als Virspan fir d'éischt Question an da Bye-bye Yesterday (バイバイYESTERDAY), och vun de Personnagë selwer gesongen. Als Ofspantitel koum fir d'éischt Kaketa Tsuki (欠けた月) an da Mata Kimi ni Aeru Hi(また君に会える日), woubäi déi Lidder vum Shion Miyawaki gesonge goufen.[19]

Synchronisatioun[20] änneren

Roll japanesche Spriecher (Seiyū)
Kuerzfilm Serie
Korosensei Tomokazu Seki Jun Fukuyama
Kaede Kayano Ayana Taketatsu Aya Suzaki
Tadaomi Karasuma Jun'ichi Suwabe Tomokazu Sugita
Manami Okuda Miho Arakawa Sayuri Yahagi
Nagisa Shiota Nao Tōyama Mai Fuchigami
Karma Akabane Nobuhiko Okamoto Nobuhiko Okamoto
Yukiko Kanzaki Rina Satō Satomi Satō
Red Eye Shin'ichirō Miki
Sōsuke Sugaya Tomohiro Yamaguchi Eiji Miyashita
Irina Jelavić Yui Horie Shizuka Itō
Tomohito Sugino Yūtarō Honjō Yoshitaka Yamaya
Ryūnosuke Chiba Junji Majima
Yuzuki Fuwa Kana Ueda
Yūma Isogai Ryōta Oosaka
Hiroto Maehara Shintaro Asanuma
Toka Yada Ayaka Suwa
Taiga Okajima Ryo Naito
Rinka Hayami Shiho Kawaragi
Rio Nakamura Manami Numakura

Verfilmung änneren

Den 21. Mäerz 2015 koum mat Assassination Classroom eng Realverfilmung an de japanesche Kinoen eraus[21]. En huet am Ganzen 20 Milliounen US-Dollar eragespillt a koum dat Joer op déi 1. Plaz vun de japanesche Kinocharts.

De 25. Mäerz 2016 koum de Film Assassination Classroom: Sotsugyō-hen eraus, deen och no den éischten 2 Wochen op d'Plaz 1 vum Box-office koum[22].

Um Spaweck änneren

Commons: Assassination Classroom – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. https://www.animenewsnetwork.com/encyclopedia/manga.php?id=15018
  2. http://ansatsukyoshitsu.wikia.com/wiki/Korosensei
  3. http://ansatsukyoshitsu.wikia.com/wiki/Tadaomi_Karasuma
  4. http://ansatsukyoshitsu.wikia.com/wiki/Irina_Jelavić
  5. http://ansatsukyoshitsu.wikia.com/wiki/Nagisa_Shiota
  6. http://ansatsukyoshitsu.wikia.com/wiki/Kaede_Kayano
  7. http://ansatsukyoshitsu.wikia.com/wiki/Karma_Akabane
  8. http://ansatsukyoshitsu.wikia.com/wiki/Ritsu
  9. http://ansatsukyoshitsu.wikia.com/wiki/Tomohito_Sugino
  10. http://ansatsukyoshitsu.wikia.com/wiki/Yūma_Isogai
  11. http://ansatsukyoshitsu.wikia.com/wiki/Megu_Kataoka
  12. http://ansatsukyoshitsu.wikia.com/wiki/Manami_Okuda
  13. http://ansatsukyoshitsu.wikia.com/wiki/Yukiko_Kanzaki
  14. http://ansatsukyoshitsu.wikia.com/wiki/Taiga_Okajima
  15. https://www.animenewsnetwork.com/news/2014-08-06/japanese-comic-ranking-july-28-august-3/.77371
  16. https://www.animenewsnetwork.com/news/2014-11-06/japanese-comic-ranking-october-27-november-2/.80703
  17. http://ansatsukyoshitsu.wikia.com/wiki/Volumes_and_Chapters
  18. http://ansatsukyoshitsu.wikia.com/wiki/Assassination_Classroom_(OVA)#cite_note-0
  19. http://ansatsukyoshitsu.wikia.com/wiki/Category:Music
  20. http://ansatsukyoshitsu.wikia.com/wiki/Characters
  21. https://www.animenewsnetwork.com/news/2014-06-23/assassination-classroom-manga-gets-tv-anime-and-live-action-film/.75871
  22. https://www.animenewsnetwork.com/news/2016-01-01/top-10-grossing-domestic-japanese-films-of-2015-listed/.97030