Wikimedia

Association sans but lucratif

D'Wikimedia Foundation Inc. ass d'Organisatioun déi sech ëm Wikipedia, Wiktionary, Wikiquote, Wikibooks, In Memoriam 9/11 an Nupedia këmmert. Wikimedia ass eng Association sans but lucratif déi ënner d'Gesetz vum Bundesstaat Florida, USA fält. D'offiziell Existenz vun der Fondatioun gouf den 20. Juni 2003 vum Jimbo Wales bekannt ginn, de Cofondateur vu Wikipedia.

Wikimedia Logo

Ziler vun der Fondatioun änneren

D'Fondatioun huet als Zil fir d'Gebuert an de Wuesstum vu Projeten z'ënnerstëtzen, déi fräit Wëssen nom WikiWiki Prinzip vermëttelen. Ausser der aktueller Enzyklopedie Wikipedia existéiert och een Dictionnaire- an Thesaurus-Projet (Wiktionary), eng Enzyklopedie mat Zitater (Wikiquote), an eng Lëscht vu Bicher déi sech haaptsächlech u Studente riicht (Wikibooks), haaptsächlech mat Wierker aus dem Domaine public.

D'Fondatioun geréiert och en Ensembel vun Artikelen a Gedenken un den 11. September. Schlussendlech geréiert d'Fondatioun och den Nupedia-Projet (wat keng Wiki ass, mä wou de Contenu trotzdeem fräi ass). Am Moment ass dëse Projet allerdéngs e bessen op Äis geluecht.

D'Mataarbechter vu Wikipedia a vun deenen anere Projeten hoffen, datt duerch eng Fondatioun sans but lucratif an duerch noutwännesch Donen de Projet um Liewe ka gehale ginn.

Beim Bekanntgi vun der Grënnung vun der Fondatioun huet den Jimbo Wales och all Copyright, all Domain Numm un d'Fondatioun iwwerschriwwen. D'informatesch Infrastruktur gouf och vum Jimbo zur Verfügung gestallt.

De Conseil d'Administratioun änneren

Am Januar 2004 huet den Jimbo Wales den Tim Shell an de Michael Davis als Membere vum Conseil d'Administration nominéiert. Am Juni gouf et Wale fir zwéi weider Memberen. Et goufen d'Angela Beesley an d'Florence Devouard gewielt, als Representanten vun alle Mataarbechter un de Wikimedia Projeten.

Et gouf schonn eng jett Diskussiounen iwwer d'Responsabilitéite vum Conseil d'Administration a si hunn e Cahier de charges opgestallt. Gouvernance Methoden no engem egalitäre Prinzip ginn envisagéiert.

Wikimedia Lëtzebuerg änneren

 

Wikimedia Lëtzebuerg ass eng Associatioun, déi de 26. November 2016 gegrënnt gouf an den 1. Februar 2017 als Association sans but lucratif am Handelsregëster ënner der Referenz F11166 ageschriwwe gouf[1]. D'A.s.b.l. huet hire Sëtz an der Gemeng Leideleng.

Den Zweck vun der Associatioun ass:

  • d'Schafen, d'Verdeelen an de Gebrauch vu fräien edukative Contenuen ze promovéieren
  • dat fräit Verdeele vu Wëssen ze promovéieren
  • d'Projeten an d'Communautéite vun deenen ënnerstëtzen, déi bei Wikimedia bäidroen, z. B. Wikipedia, Wiktionnaire oder Wikimedia
  • mat der Wikimedia Foundation matschaffen an och am Reseau vun den Chapter vun Evenementer, Programmer a gemeinsamen Aktiounen
  • Projete mat de selwechten Ziler a Wäerter ënnerstëtzen
  • op d'Problematik vun der intellektueller Proprietéit sensibiliséieren, a besonnesch déijéineg, déi mat den Auteursrechter zesummenhänken an eng Gesetzgebung verdeedegen déi déi intellektueller Proprietéit an Aklang mat de Wäerter an Ziler vun der Associatioun stellt.

D'Grënnungsmembere sinn d'Benotzer †Astro-Jupp, Cayambe, GilPe, Les Meloures, MMFE, Robby, Soued031, Sultan Edijingo an Zinneke.

D'Associatioun ass um Site vun der Agence vum Benevolat referenzéiert[2].

Um Spaweck änneren

Commons: Wikimedia Foundation – Biller, Videoen oder Audiodateien
Commons: Wikimedia-Treffen zu Lëtzebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Publication F11166
  2. Wikimedia Lëtzebuerg um Site vun der Agence vum Benevolat