Jhemp (Superjhempfigur)

Personnage au der Superjhempserie

De Jhemp oder och Jhempi[1] ass e fiktive Personnage aus dem Roger Leiner a Lucien Czuga hirer Superjhempserie. Et ass dat éischt Kand vum Klengherzog Luc a senger Frëndin Chin-Chin.

Jhemp
De Superjhemp huet de Jhempi aus dem Waasser gefëscht
Ass en(g) fiktiv Figur
Geschlecht männlech
Universum
Present am Déck Mënz fir de Prënz,
De Superjhemp an déi grouss Gefor

Den Numm Jhemp krut de Bëbee fir dem Superjhemp Merci ze soen, well hien am Band Countdown fir Kackkéisien d'Monarchie gerett hat. Hie gëtt am Album Déck Mënz fir de Prënz kuerz no senger Gebuert entféiert, fir d'éischt vum Hexemeeschter an duerno vun der Glydia Butsch.

Kuckt och änneren

Referenzen änneren

  1. Am Band Déck Mënz fir de Prënz, gëtt en am Ufank Jhemp genannt an duerno Jhempi